Radioen

On air

Notturno  |  John Cale - Mercy Feat. Laurel Halo

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ JEFTA als Äntwert op den Donald Trump

EU-JAPAN-Fräihandelsaccord

JEFTA als Äntwert op den Donald Trump

D'EU huet des Woch mat Japan hire bis elo gréissten Fäihandelsaccord ënnerschriwwen. En ass och als Réplique op déi amerikanesch Handelspolitik ze gesinn. De Vertrag respektéiert déi héchste Standarden, sot den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker. Dovun ass net jiddereen iwwerzeegt. D'Kritik um Accord fält awer bis elo vill manner vehement aus, wéi dat bei aneren Handelsverträch de Fall war.

auto_stories

5 min

D'EU ënnerschreift hire bis elo gréisste Fräihandels-Accord an et gëtt keng grouss Manifestatiounen. Am Contraire zu TTIP (dem geplatzten Accord mat den USA) oder CETA (dem Accord mat Kanada), huet JEFTA (de Fräihandelsaccord mat Japan), an Europa kaum Aktivisten op d'Strooss bruecht.

Och scho virun engem Joer, wéi den Accord de principe mat Japan ënnerschriwwe gouf, ass et zimlech roueg bliwwen, bei de Globaliséierungskritiker.

Trump als Moteur

Des Woch gouf JEFTA elo feierlech zu Tokio ënnerschriwwen. Déi, déi fir d'EU derbäi waren, si méi ewéi zefridden. "Mir hunn hei dee gréisste bilateralen Handelsaccord, deen et jee gouf, op d'Been gesat", sot de Rotspresident Donald Tusk. "Dat ass een Akt, dee strategesch enorm wichteg ass fir eise Welt-System, deen op Reegele berout, zu engem Moment, op deem verschiddener dëse System a Fro stellen."

Et ass net ze iwwerhéieren: De Message riicht sech och no Washington, un d'Adresse vum amerikanesche President Donald Trump. Seng Politik ass den Ament de Moteur vun der europäescher Handelspolitik. D'Kommissioun ass presséiert, nei Accorden ofzeschléissen.

Dee mat Japan betrëfft 600 Millioune Consommateuren, d'EU erwaart sech eng Hausse am Export vu 24 Prozent.

Ee grousse symbolesche Wäert

"Deen Accord steet elo fir déi gréisste Fräihandelszonen op der Welt", seet d'Maria Demertzis, Vizepresidentin vum Think Tank Bruegel zu Bréissel. JEFTA wäert den europäesche Konsumenten eng ganz Partie Virdeeler bréngen, dovun ass d'Expertin iwwerzeegt. Fir bal nach méi wichteg hält si de symbolesche Wäert vum Accord fir den internationalen Handel.

"Mir liewen den Ament an enger Zäit, an där d'Virdeeler vum fräien Handel a Fro gestallt gi sinn. D'USA hunn een Handelskrich ugefaangen ... an do ass et wierklech wichteg de multilaterale System ze erhalen. An deen Accord mat Japan an och hoffentlech nach anerer, déi nokomme wäerte sinn e gudde Wee fir dat ze maachen."

Am meeschte profitéiert wuel den agro-alimentaire Secteur, hei verschwannen Taxen op verschiddene Produite bal ganz.

124 Entreprisen zu Lëtzebuerg handele mat Japan

D'Hausse am Export kéint 24.000 Dausend Aarbechtsplaze schafen, huet d'Kommissioun ausgerechent. Op enger interaktiver Kaart kann ee kucken, wou den Handel mat Japan an de verschiddenen EU-Länner den Ament drun ass. Klickt een op Lëtzebuerg, kënnt een op 124 Entreprisen, mat iwwer Dausend Aarbechtsplazen, déi mam Export a Japan ze dinn hunn.

Esou Entreprisë kéinten Taxe vu bis zu enger Milliard Euro aspueren, sou de Pronostique vun der Kommissioun.

D'Kommissioun betount och, datt Tokio 200 geografesch Appellatioune wéi Roquefort, Feta, Gorgonzola oder Jambon d'Ardenne unerkennt.

"Et ass sécher, datt dësen Accord déi héchste Standarde respektéiert, inklusiv d'Aarbechtsrechter a -Gesetzer, betount de Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker.

Kritiker: JEFTA net besser ewéi CETA

Net jiddereen ass dovun iwwerzeegt.

Zu Lëtzebuerg hunn déi Lénk dozou opgeruff, JEFTA net ze ënnerschreiwen. Den Accord géif sozial an ekologesch Standarden ënnergruewen, e wier vergläichbar mat TTIP oder CETA a géif beispillsweis d'Services Publiques net genuch protegéieren.

Den Accord schränkt demokratesch Rechter an, seet de Spriecher vun den europäesche Grénge fir JEFTA, den Däitsche Klaus Buchner. Et géif eng Klausel, déi seet, datt nei Gesetzer net dierfte wirtschaftlechen Interête schueden.

Genee esou steet dat net am Text vum Accord, e léist allerdéngs a verschiddene Passagen e gewëssenen Interpretatiounsspillraum. Wéi vill, dat ass schwéier ze soen. Wëll den Däiwel stécht hei am Detail, a weder d'Kritiker nach d'Supporter vum Text kënne sech wuel iwwert d'Suitten honnertprozenteg sécher sinn.

EU-Standarden a Gefor?

Et ass richteg, sech Suergen ëm d'Ëmweltstandarden ze maachen, seet d'Maria Demertzis vu Bruegel. Well déi sinn an der EU méi héich wéi op villen anere Plazen. "Wann een een Accord mat engem Partner mécht, léisst et sech net vermeiden, datt een ee Kompromëss fannen muss", seet d'Expertin. "D'Fro ass: Sinn d'Virdeeler méi grouss ewéi d'Käschten, déi een droe muss? A mengen Aen ass dat hei de Fall."

De Grénge Klaus Buchner gesäit dat anescht. Hie gëtt d'Beispill vu rumänesche Bëscher, déi ënner Naturschutz stinn. An Zukunft kéinte japanesch Entreprisen an deene Bëscher Beem haen, sou seng Interpretatioun vum Accord.

D'EU-Kommissioun weist esou een Zeenario wäit vu sech. Déi bestoend Regelen an der EU gëlle weiderhin, seet eng Spriecherin op eis Nofro. Wat d'Holz ugeet, verweist si drop, datt d'EU a Japan zesumme géint illegaalt Hae vu Beem virginn an dat géif sech och am Accord erëmspigelen. Béid Partner hätten entspriechend Systemer fir Holz ze zertifizéieren.

Dat stëmmt nëmmen hallef. Ee Verglach vun de verschiddene Systemer, deen d'Kommissioun op hirer Homepage publizéiert huet, weist, datt a Japan den Engagement vun Entreprisen op deem Gebitt bis elo fräiwëlleg ass. Sanktioune si keng virgesinn.

D'Beispill vum rumänesche Naturbësch weist, datt vläicht béid Säiten e bëssen iwwerdreiwen. D'Kommisioun verweist op d'Engagementer am Kapitel iwwert déi nohalteg Entwécklung vum Accord. Tatsaach ass, datt deen Text net ganz contraignant ass. Do ass vill vu "sollen" an net vu "musse" Rieds.

Investitiounsschutz net Deel vum Accord

Ausgeschloss vum Handelsaccord bleift déi soss ganz ëmstridde Fro vum Investitiounsschutz. Si ass awer net vum Dësch, doriwwer gëtt elo extra verhandelt. Am Contraire zum eigentlechen Accord muss deen Deel dann och vun nationale Parlamenter gutt geheescht ginn.

Et wier positiv, datt déi ëmstridde Schiidsgeriichter net am Accord dra sinn, schreift d'Lëtzebuerger Plattform Stop TTIPP/CETA an engem Communiqué. Negativ wier allerdéngs, datt déi national Parlamenter elo guer net matschwätzen dierfen. Fir d'Plattform beweegt sech d'Europäesch Kommissioun mat hirer Handelspolitik ëmmer méi vun de Bierger ewech.

Europaparlament muss Jo soen

Ganz ouni demokratesch Legitimatioun kënnt JEFTA allerdéngs net ewech. Matschwätzen dierf nämlech d'Europaparlament.

Et ass zimlech wahrscheinlech, datt sech do eng Majoritéit fir den Accord ausschwätzt. Déi zwou grouss Fraktiounen am Parlament, d'Europäesch Vollekspartei an d'Sozialisten hunn JEFTA an hire Communiquéen des Woch all Zäit begréisst.