Remboursementer fir Passagéier EU kéint och géint Lëtzebuerg virgoen

Wéinst der Kris imposéiere verschidden europäesch Fluchgesellschaften hire Clientë Voucheren, amplaz d'Suen zeréckzebezuelen. Dat verstéisst géint eng EU-Direktiv an och d'Lëtzebuerger Regierung huet sech dogéint ausgeschwat. Trotzdeem gehéiert de Grand Duché zu den 12 EU-Länner, déi der EU-Kommissioun no géint EU-Recht verstoussen. Fir Pauschalreese goufen nämlech am Etat de crise d'Remboursementer hei am Land op Äis geluecht.

Danièle Weber (Bréissel) / cbi

Lock Belgium - Zaventem Airport
Foto: EU / Claudio Centonze

Wéinst der Corona-Kris goufe bekanntlech masseweis Vollen ofgesot. D'Airlinnen hunn eegenen Aussoen no Problemer, hir Clienten ze rembourséieren. Dem europäesche Recht no si si awer verflicht, dat ze maachen. Verschidden EU-Länner hunn Drock gemaach, dat Recht kuerzfristeg a retroaktiv ze änneren. Lëtzebuerg hat sech vehement dogéint ausgeschwat.

EU-Recht op Remboursement bleift bestoen

Engem Client ee Voucher imposéieren, dat kënnt net a Fro, hat den Transportminister ufanks Mee gesot. "D'Luxair huet hire Clientë Voucheren ugebueden, mee wann de Client dat net wollt, goufen d'Sue rembourséiert. Bei mir wier dat och net anescht duerchgaangen", esou de François Bausch.

De grénge Politiker hat sech zesumme mat aneren EU-Transportminister dofir agesat, datt d'Recht op Remboursement bestoe bleift. Mat Succès, d'Kommissioun huet déi lescht Woch matgedeelt, d'EU-Direktiv géif net geännert ginn.

Verschidde Länner hunn awer bei sech doheem entretemps dat Recht duerch ee System mat Voucheren ersat. Si verstoussen domat géint EU-Recht.

Lëtzebuerger Krise-Reglement ënner der Lupp

Dat wier méiglecherweis bei 12 Member-Länner de Fall, huet en Donneschdeg de Spriecher vun der Kommissioun, de Stefan de Keersmaecker preziséiert. Nieft der Belsch, Griichenland, Frankräich, Italien a Portugal war och Lëtzebuerg erstaunlecherweis eent vun deene Länner, déi hien opgezielt huet.

D'Kommissioun géif an engem Bréif op déi spezifesch Situatioun an de verschiddene Länner agoen, esou och de Porte-Parole. Jee no Äntwert géif dann decidéiert ginn, ob eng formell Prozedur wéinst Verstouss géint EU-Recht lancéiert gëtt.

Foto: EU / Claudio Centonze

Ee Bréif vu Bréissel mat esou Prezisioune läit der Regierung eisen Informatioune bis elo net vir. Fakt ass awer, datt zu Lëtzebuerg zanter Enn Mäerz ee Reglement a Kraaft ass, dat de Remboursement net bei Vollen, mee bäi Pauschalreesen op Äis leet, esou laang den Etat de crise gëllt. Dem EU-Recht no muss esou eng annuléiert Rees banne 14 Deeg rembourséiert ginn.

Remboursement just verluecht

Trotzdeem huet de Lëtzebuerger Konsumenteschutz keng gréisser Problemer mat deem neie Reglement. "Esou laang et zäitlech begrenzt an d'Recht op Remboursement prinzipiell bestoe bleift, kënne mir net direkt eppes dogéint soen", seet d'Monia Giampaolo vum ULC. "Den Datum vum Remboursement gouf jo am Fong just no hanne verréckelt."

Natierlech géif et awer Clientë ginn, fir déi och deen Delai ee Problem duerstellt, esou Monia Giampaolo.

Aus Regierungskreesser heescht et, d'Lëtzebuerger Positioun hätt sech net geännert: D'Recht op Remboursement soll bestoen bleiwen, et géif just eng Verspéidung beim Remboursement akzeptéiert. Onkloer ass, wéi Bréissel elo weider virgeet.

Méi zum Thema

Paul Helminger.jpg
Wuerentransport

Déi lescht zwee Méint hätt d'Cargolux zwar gutt Geschäfter gemaach, seet de President vum Cargolux-Verwaltungsrot. Fir déi zweet Hallschent vum Joer géif een awer mat enger weltwäiter Wirtschaftskris rechnen.

Eric Mamer, Margrethe Vestager, Thierry Breton
Coronakris

An der Summervakanz an dat europäescht Ausland reesen, dat soll méiglech sinn, seet déi Europäesch Kommissioun. Si huet den Dënschdeg de Memberlänner hiert Konzept iwwer Sécherheetsmesuren an der Tourismusbranche mat op de Wee ginn.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen