Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Klimapak ënner Drock

EU-KLIMASCHUTZ

EU-Klimapak ënner Drock

D'Diskussioun iwwert ee Pak vu Klimaschutz-Mesuren, déi d'EU-Kommissioun am Juli presentéiert hat, fänkt eréischt un. Si riskéiert elo kuerz virum Wanter zimmlech hëtzeg ze ginn. Dofir suergt ënner anerem d'Hausse vun de Präisser fir d'Energie.

auto_stories

4 min

Iwwerall an Europa klammen d'Präisser fir de Stroum, a Spuenien gouf dës Woch ee Rekord gebrach, nach ni war d'Kilowattstonn esou deier ewéi elo.

Déi Pressioun war den Dënschdeg ze spieren, wéi am Europaparlament de Klimapak diskutéiert gouf, deen d'Kommissioun am Juli presentéiert huet, fir d'CO2-Emissiounen an den nächste Joren däitlech ze reduzéieren.

Regierungen a Klimaschutz-Kommissär ënner Drock

Een, dee massiv ënner Drock steet, ass dee fir de Klimaschutz zoustännegen EU-Kommissär Frans Timmermans. Hien ass den Dënschdeg direkt an de Sujet geklommen.

"Déi eng Saach, déi mer eis net leeschte kënnen, ass, datt déi sozial Säit opposéiert zur Klimasäit ass, dat ass kloer ze gesinn, elo wou mer eng Diskussioun iwwer d'Hausse vun de Präisser am Energiesecteur hunn."

Dobäi kritt den hollännesche Sozialdemokrat fir säi Pak, deen ënner anerem méi streng Reegele fir d'Industrie virgesäit, Applaus vun der chrëschtkonservativer Säit.

"Wir unterstützen die Kommission dabei, dass sie einen marktwirtschaftlichen Ansatz wählt und gleichzeitig de sozialen Ausgleich vorlegt", seet den Däitschen Europadepetuéierte vun der CDU, de Peter Liese. "Glückwunsch Herr Timmermans für diese Kombination."

Aféiere vun CO2-Präis am Transportberäich mécht Suergen

Dorun, ob déi Kombinatioun allerdéngs sou eng Reussite ass, gëtt et och massiv Zweiwel - an dat queesch duerch d'Parteien.

Virun allem d'Aféiere vun engem CO2-Präis am Transportberäich an deem vum Wunnen, mécht ville Suergen. Well dat op der Pompel, der Stroumrechnung an där fir de Mazout ze spiere wäert sinn.

"Vous le savez Monsieur Timmermans, nous sommes très sceptiques sur une des parties du plan climat proposée, à savoir l'extension du marché carbone aux bâtiments et au transport parce que nous considérons que le coût politique est très élevé et l'impacte climatique est très faible."

Sou d'Analyse vum President vun der Ëmweltkommissioun am Parlament, dem Fransous Pascal Canfin, Member vum Emmanuel Macron senger "La Republique en Marche".

Fir d'Manon Aubry vun deene Lénken ass kloer, wien dono d'Rechnung bezuele muss

"Ce que vous nous proposez, c'est les classes populaires qui vont voir leurs factures exploser: plus 370 Euros par an d'essence et 420 Euros de chauffage pour ces ménages qui sont déjà les premières victimes de ce chaos climatique. L'alerte lancée par les gilets jaunes en France... Manifestement vous n'en avez pas entendu parler."

D'Extreem droite vertrëtt Iddie vun der Gilets jaunes

Gehéiert gouf déi Alerte ganz däitlech bei der extremer Droite. Verschiddener vun hire Vertrieder héiere sech un, wéi d'Riedner op enger Manifestatioun vun de Gilets jaunes.

De Ramon Haider vun der éisträichescher Fräiheetspartei bezeechent de Klimaplang vun der Kommissioun als "Irrsinn" - alles géing doduerch méi deier.

"In den Geschichtsbüchern wird einmal stehen. Die EU-Kommission unter Präsidentin Von der Leyen hat die erfolgreichste innovativste umweltfreundlichste Industrie der Welt vernichtet. Vorsätzlich. Not und Armut, das wird Ihr Erbe sein."

Och Kritik vun de Gréngen

Kritik un där Mesure kënnt awer och vu grénger Säit. Hei gëtt jo normalerweis vill Versteesdemech dofir opbruecht, datt et de Klimaschutz net fir näischt gëtt.

Ob dat mam sozialen Ausgläich hei klappt, gëtt allerdéngs bezweifelt. D'Suen fir dee geplangte Klimasozialfonds géifen vu Bréissel prett gestallt - et wier awer d'Saach vun de Memberlänner, ze décidéieren, wou se genee agesat ginn. An do setzt d'Kritik vun der Co-Cheffin vun deene Gréngen am Europaparlament, Ska Keller, un.

"Aber einfach nur einen Fonds einzurichten wo das Geld reinkommt, und dann machen die Mitgliedstaaten halt damit was sie wollen. Manche machen gute Sachen, manche machen nicht so gute Sachen, das ist halt nicht so zielführend."

Méi effikass wier et, der Industrie genee Instruktiounen ze ginn.

"Sondern da denken wir, dass es sinnvoller wäre an die Produzenten der Autos heranzugehen und da klare Vorgaben zu machen, nämlich 'es gibt keine Verbrennermotoren mehr, sondern es muss alles elektro laufen'. Das fänden wir den richtigen Weg auf der europäischen Ebene."

Beim soziale Volet misst am Klimapak nogebessert ginn, hat och den EU-Kommissär fir Soziales an Aarbecht, de Nicolas Schmit am Juli am 100komma7-Interview gesot. D'Diskussiounen iwwer déi proposéiert Mesurë fänken eréischt un, déi sozial Komponent vum Klimaschutz wäert sécher ee vun Haaptsujeten an den nächste Méint a Woche sinn.