Radioen

On air

De Moien  |  Plomm, deen neie Kannermusée

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Kommissioun geet juristesche Konflikter aus dem Wee

EUROPÄESCHE MINDESTLOUN

EU-Kommissioun geet juristesche Konflikter aus dem Wee

D'EU-Kommissioun presentéiert eng flexibel EU-Direktiv fir d'Mindestléin op nationalem Niveau ze adaptéieren. D'Krittäre sinn net contraignant, et muss awer all Joer ee Rapport gemaach ginn. D'EU-Traitéen erlaben et net, méi wäit ze goen, seet den EU-Kommissär Nicolas Schmit.

auto_stories

5 min

Den Numm vun engem Europäesche Mindestloun gëtt der Saach net ganz gerecht. Net fir näischt dréit dat Reegelwierk, dat gëschter presentéiert gouf, den Titel "Direktiv fir adequat Mindestléin an der Europäescher Unioun".

D'Propos ass wäit ewech vun engem konkreten, eenheetlechen Mindestloun, mee viséiert éischter ee System, deen d'Mindestloun-Politik an den EU-Länner encadréieren an iwwerwaache soll.

Patronat: Lounpolitik ass eng national Kompetenz

Wärend den Diskussiounen, déi den zoustännegen EU-Kommissär fir d'Aarbecht, den Nicolas Schmit an de leschte Méint mat de Sozialpartner geféiert huet, war laang net kloer, ob hien um Enn eng Direktiv oder just eng Recommandatioun virschléit.

Géint dat Éischt hat sech virun allem d'Patronat ferm gewiert.

"Mir hu vun Ufank u kloer gesot, datt eng EU-Direktiv fir eis een No Go ass, well dee Sujet ënner national Kompetenze fält, an d'Autonomie vun de Sozialpartner op deem Niveau voll respektéiert muss ginn."

hat am Virfeld de Maxime Cerutti, vu "BusinessEurope" betount.

Déi aner Säit vun de Sozialpartner awer huet sech dofir agesat, hei op EU Niveau ze legiferéieren, wéi d'Esther Lynch vum Europäesche Gewerkschaftsbond preziséiert:

"Eng Recommandatioun wier net duergaangen. Mir hunn der Kommissioun däitlech gemaach, dat mir eng Direktiv wëllen. Et muss Schluss si mat den ausbeuteresch niddrege Paien an der EU. Mir brauche fair Reegelen um Bannemarché."

An awer sinn d'Gewerkschaften net zefridde mat deem legal contraignanten Text, deen elo gëschter proposéiert gouf.

Mat 17 Säiten an 19 Artikelen ass d'Direktiv éischter kuerz ausgefall.

Zil ass et, net nëmmen déi deels grouss Ënnerscheeder an der EU an de Paien méi kleng ze maachen, mee och dofir ze suergen, datt méi Leit eng Paie kréien, vun där si och liewe kënnen, ouni an d'Aarmut ze rutschen.

Déi 21 Länner, déi schonn esou ee Mindestloun hunn, ginn ugehalen, deen no véier Krittären ze definéieren. Et sinn dat nieft der allgemenger Lounentwécklung, der Kafkraaft an der Produktivitéit, och d'Entwécklung vum Mindestloun par Rapport zur Moyenne vun de Léin am Land.

"An de verschiddene Länner soll da gekuckt ginn, wéi de Mindestloun deene Parameteren no muss ugepasst ginn", erkläert den Nicolas Schmit.

D'Gewerkschaften an och dem Nicolas Schmit seng sozialdemokratesch Partei hate sech dofir agesat, datt een eng kloer Limitt festgeluecht gëtt. Nämlech déi, datt keen nationale Mindestloun dierf ënner 60 Prozent vum sougenannte Median-Loun läit. Dee Loun gëtt och mëttlere Loun vun engem Land genannt, 50 Prozent vun de Leit verdénge méi, 50 Prozent verdénge manner.

"Et ass net virgesinn, ee Land op d'Geriicht ze huelen"

Datt déi Limitt vu 60 Prozent elo just recommandéiert awer net virgeschriwwe gëtt, hu gëschter de Gewerkschaftsbond an och Europadeputéiert vun der Gauche kritiséiert.

Paradoxerweis géife verschidde Länner mat niddrege Mindestléin wéi Bulgarien, Rumänien oder Portugal bei de 60 Prozent leien, reagéiert den Nicolas Schmit op déi Kritik. An deene Länner wier dee Kritär also net wierksam fir de Mindestloun ze erhéijen.

Déi zweet Ursaach awer, déi den Nicolas Schmit nennt, schéngt bal nach méi ze weien.

"Dat do ass déi eenzeg Approche, déi legal méiglech war, mir hätten net méi wäit kënne goen, well den Traité eis net erlaabt direkt an d'Loungefüge anzegräifen."

Den EU Traité ass am Artikel 153 formell, d'EU dierf zwar Mesuren iwwer Aarbechtskonditiounen festleeën, net awer d'Paien regléieren.

Genee dorop bezitt sech d'Patronat an huet schonn annoncéiert, eng Direktiv, déi méi wäit geet, viru Geriicht iwwerpréiwen ze loossen.

Allze vill Spillraum hat den Nicolas Schmit beim Redigéieren vun dem Gesetzestext also net. Sanktioune sinn dowéinst och keng virgesinn, gëtt de fréiere Aarbechtsminister zou.

"Et ass an deem Sënn keen haarde System, wou d'Kommissioun ee Land kéint op d'Geriicht huelen a soen, du hues elo net genuch de Mindestloun ugepasst, dat wier och iwwer déi Kompetenz gaangen, déi mer an deem Beräich hunn."

Haapt-Contrainte: een annuelle Rapport

Grad dee Monitoring ass dat, wat um Schluss haaptsächlech iwwereg bleift.

D'Obligatioun also all Joer de Rapport ze maachen, iwwer d'Entwécklung vum Mindestloun par Rapport zu de genannte Krittären.

"Dat ass eng Obligatioun, déi och no baussen wierkt: Och d'Bierger, d'Gewerkschaften, d'Sozialpartner ginn doduerch gewuer, wéi de Mindestloun geréiert gëtt. Deem ka sech kee Land entzéien."

Vun deenen annuelle Rapporten versprécht sech de Lëtzebuerger EU-Kommissär, datt doduerch ee politeschen Debat och op nationalem Niveau ugestouss gëtt.

Lëtzebuerg misst Kollektivverträg promovéieren

Bedenke par Rapport zu engem europäeschen Mindestloun haten och virun allem déi sechs Memberlänner ugemellt, deenen hire System op Kollektivverträg baséiert. Där Oppositioun ass een aus dem Wee gaangen, andeems ee si gréisstendeels vun der Direktiv erausgeholl huet. Si wieren awer och verflicht, all Joers ee Rapport ze maachen.

De Lëtzebuerger Mindestloun läit iwwerdeems bei ronn 50 Prozent vum Medianloun. Deemno wier de Grand-Duché och där neier Direktiv no ugehalen, en ze erhéijen.

Lëtzebuerg misst dem Text no och dofir suergen, dat méi Kollektivverträg ofgeschloss ginn. Deen Taux sollt der Direktiv no bei 70 Prozent leien, zu Lëtzebuerg sinn den Ament 50 Prozent vun de Salariéen iwwer Kollektivverträg ofgedeckt.

Diskussioune gi virun

D'Kommissioun huet also probéiert, de legale Konflikter aus dem Wee ze goen, andeems eng flexibel Direktiv mat net contraignanten Recommandatioune proposéiert. Den Terrain fir een Encadrement vun de Mindestléin an Europa gouf domat preparéiert. D'Diskussioune sinn awer net um Enn. Elo sinn d'Europaparlament an dann natierlech d'Memberlänner um Zuch hir Commentairen ofzeginn. Déi Verhandlunge kéinte laang daueren.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.