Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ UNO-Migratiounspakt: D'EU ass gespléckt

EU-Migratiounspolitik

UNO-Migratiounspakt: D'EU ass gespléckt

Ufanks der nächster Woch soll zu Marrakesch de globale Pakt fir Migratioun vun de Vereente Natiounen feierlech ugeholl ginn. Mëttlerweil stellen eng Partie EU-Länner dee Pakt a Fro. Den Text ass zwar net legal contraignant, mee en enthält Proposen, déi an der EU zimlech ëmstridde sinn.

auto_stories

3 min

Siele genéisst e Pabeier vun de Vereente Natiounen sou vill Opmierksamkeet, wéi de globale Migratiounspakt. Den 32 Säite laangen Text zielt 20 Ziler op, déi d'Organisatioun vun der Migratioun méi effikass an d'Situatioun vu Migrante méi kloer a sécher maache sollen.

"Wéi der wësst, hunn d'EU-Memberlänner keng gemeinsam Positioun zu deem Text", sot déi lescht d'Woch déi éisträichesch Staats-Sekretärin fir bannescht Sécherheet Karoline Edtstadler am Europaparlament.

Néng EU-Länner si géint de Pakt

Éisträich, dat jo den Ament d'EU-Presidence huet, gehéiert zu den néng EU-Länner déi annoncéiert hu si géifen den Text net matdroen. Nieft Polen, Ungarn, der Tschechescher Republik, der Slowakei hunn och Bulgarien, Kroatien, Dänemark an Italien an Tëschenzäit gesot, si wieren zu Marrakesch net mat derbäi.

Iewescht Zil vum Pakt ass et, déi international Zesummenaarbecht ze verbesseren. Eppes, wat d'EU ganz explizit wollt. Si war et, déi de Pakt lancéiert huet. Dorun huet d'EU-Chefdiplomatin Federica Mogherini am Debat am Europaparlament erënnert. D'EU hätt eng Haaptroll an den Diskussioune gespillt an dofir gesuergt, dat am Text largement europäesch Objektiver reflektéiert ginn.

Am Text ginn effektiv Mesuren opgezielt, déi nach virun e puer Joer an der EU onëmstridde waren.

Elo awer enthale Fuerderunge wéi zum Beispill déi, Weeër fir eng regulär Migratioun auszebauen, politesche Sprengstoff.

De rietse Bord freet sech

Och d'Kritik un der dacks prekärer Situatioun vu Migranten oder d'Unerkenne vum Klimawandel als Flucht-Ursaach oder d'Fuerderung nom Zougang zu de Grondrechter vu Migranten, dat si Saachen, déi op der politescher Droite kloer refuséiert ginn.

Kee Wonner, datt d'Freed iwwer d'Oppositioun zu dësem Pakt um rietse Bord am Europaparlament däitlech ze spiere war: "Et ass ee schlechte Pakt. Ech si frou, datt ëmmer méi Länner dat esou gesinn", seet den Harald Vilimsky vun der rietser FPÖ, déi an Éisträich mat an der Regierung sëtzt.

D'Debatt am Parlament weist net nëmmen, wéi ee Rëss duerch Europa geet, mee och wéi gespléckt d'Parteien op nationalem Plang sinn. Den éisträichesche Sozialdemokrat Eugen Freund ënnerstellt de Géigner Populismus. Si wéisste guer net, wat si do genee géife refuséieren. Am Pakt wier nämlech och virgesinn, datt Donnéeën erhuewe ginn, fir eng Basis fir eng sënnvoll Migratiounspolitik ze kréien.

"EU ass schizophren"

Europa ass schizophren an deem Dossier, resüméiert d'Judith Sargentini vun deene Gréngen d'Situatioun: "Op där enger Säit d'Memberlänner, déi zerstridde sinn, op där anerer Säit d'Europäesch Kommissioun, déi fir de Pakt ass an dat och zu Marrakesch esou vertriede wäert. Dat ass verréckt."

De globale Migratiounspakt ass iwwerdeems net contraignant. Eppes wat och d'Federica Mogerini am Debat zu Bréissel betount huet.

Et wier ee Pak vu Mesuren, un deem sech d'Länner inspiréiere kéinten, sou d'EU-Chefdiplomatin, wéi an engem Versuch, de Géigner entgéintzekommen.

Allerdéngs ass am Pakt och ee Suivi virgesinn, an deem iwwerpréift soll ginn, ob sech d'Partner un hir Engagementer halen. Eppes, wat jo och zu esou engem Text dozou gehéiert, wann en net einfach ee Pabeier sollt sinn, deen anzwousch am Tirang lant.