Radioen

On air

Grousse Kino  |  Suicide - Rocket USA

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Migratiounspolitik: Méi Grenzschutz a Réckféierungen

Sommet zu Bréissel

EU-Migratiounspolitik: Méi Grenzschutz a Réckféierungen

D'EU wëllt d'Asyl- a Migratiounspolitik verschäerfen: Um EU-Sommet d'lescht Woch goufen déi 27 EU Staats-e Regierungscheffen sech eens, illegal Areesen an d'EU ze verhënneren oder méi onattraktiv ze maachen.

auto_stories

2 min

Vill diskutéiert gouf scho virum Sommet iwwer d'Fuerderung vum éisträichesche Kanzler Karl Nehammer, fir mat EU-Sue Maueren oder Zénk un den EU-Baussegrenzen ze bauen. De Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel huet dat bei senger Arrivée zu Bréissel awer esou kommentéiert:

Wëlle mer eng Festung bauen? Ech hat gemengt den europäesche Projet wier au contraire gewiescht, fir och Mauere lass ze ginn, mee bon...

Nom Ofschloss vun den Diskussiounen um EU-Sommet, déi de Xavier Bettel schwiereg genannt huet, war hien op d'mannst deelweis zefridden, an väicht och e bëssen erliichtert, datt d'Wieder Mauer oder Barrière an de Schlusskonklusiounen net virkommen.

Memberstaaten erkennen géigesäiteg Decisiounen un

Trotzdeem goufe konkret Mesurë festgehale fir de Schutz vun den EU-Baussegrenzen ze verstäerken a géint illegal Migratioun a Mënscheschmuggel virzegoen. Zu deem Zweck géifen zwee Pilotprojete lancéiert ginn.

Een dovu gesäit vir, d'Grenz tëscht Bulgarien an der Tierkei mat Gefierer, Kameraen, Stroossen an Iwwerwaachungstierm ze sécheren. Da war ee sech och eens, méi Drock ze maachen op Länner, déi beim Zeréckschécke vun ofgeleenten Asyldemandeuren net kooperéieren. Dat duerch eng méi restriktiv Visa- an Handels-Politik oder Entwécklungshëllef.

Weider wëllen d'EU-Memberstaaten an Zukunft géigesäiteg Decisiounen iwwer Réckféierungen unerkennen, wat och derzou féiere soll, datt méi Leit, méi séier, kënnen zeréckgeschéckt ginn. Den éisträichesche Kanzler Karl Nehammer huet sech um Enn zefridde gewisen. Wéi hie sot, wieren déi 27 EU-Staaten sech eens ginn, "d'Asylbrems ze zéien".

Lëtzebuerg ëmmer méi isoléiert

De Xavier Bettel huet sengersäits betount, Lëtzebuerg hätt sech och op wichtege Punkte kënnen duerchsetzen, nämlech "datt een och eng Flüchtlingspolitik nach huet fir Leit, déi e séchert Doheem sichen, datt dat an Europa nach méiglech ka sinn, datt déi nach ëmmer kënne kommen."

Den däitsche Kanzler Olaf Scholz huet ënnerstrach, datt bal all europäescht Land e Bedarf u Fachkräften huet, an datt legal Migratioun noutwenneg wier, fir d'Wirtschaft um Lafen ze halen. Allerdéngs huet de Xavier Bettel nom Sommet zouginn: An der Asyl- a Migratiouns-Politik hätt Lëtzebuerg mat senger Positioun, d'EU net zu enger Festung ze maachen, net méi vill Alliéierter.

Iwwer déi nächst Schrëtt, wéi et an der EU hire Migratiouns-Politik viru geet, soll um nächsten EU-Sommet am Mäerz diskutéiert ginn.