Radioen

On air

Kultur um 5  |  Ausbléck op den TalentLab 2024

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Mindestloun: Konkret Propos am September

EU-Sozialpolitik

EU-Mindestloun: Konkret Propos am September

Wéinst der Corona-Kris kritt de Projet vun engem europäesche Mindestloun Retard. Am September soll eng konkret Propos um Dësch leien, seet den EU-Kommissär fir d'Aarbecht a Soziales, de Nicolas Schmit. De legale Kader ass no där éischter Consultatiouns-Ronn mat de Sozialpartner nach net gekläert.

auto_stories

3 min

Den Nicolas Schmit ass Lëtzebuerger EU-Kommissär fir Aarbecht a Soziales. Foto: EU / Claudio Centonze

De Kader setze fir een europäesche Mindestloun, dat ass eng vun den Aufgaben, déi d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen dem Lëtzebuerger Kommissär Nicolas Schmit ginn huet.

Bannent 100 Deeg sollt eng Gesetzespropos ausgeschafft ginn, hat d'Ursula von der Leyen de leschte Summer versprach. Mee schonn am Januar, wéi eng éischt Consultatioun mat de Sozialpartner lancéiert gouf, war kloer, datt deen Zäitplang onrealistesch war.

Onrealisteschen Zäitplang

D'Versprieche vun der Kommissiounspresidentin wier "eng staark Ausso" gewiescht, fir ze weisen, "datt si sech honnertprozenteg hanner d'Iddi vun engem europäesche Mindestloun géif stellen", sou den Nicolas Schmit. Den EU-Traitéen no wier et awer net méiglech, an deem Zäitraum eng Propos auszeschaffen, well schonn eleng zwou Consultatiounsronne mat de Sozialpartner do virgesi sinn.

Gëscht huet d'Kommissioun d'Resultater vun där éischter Ronn presentéiert. Bedenke bleiwe souwuel bei de Patronen, wéi bei de Gewerkschaften. Doriwwer soll elo an enger zweeter Ronn weider diskutéiert ginn.

Direktiv oder Recommandatioun?

De gesetzleche Kader vun deem europäesche Mindestloun bleift onkloer.

Bréissel kéint eng Direktiv, déi fir all Land contraignant ass, proposéieren. Dogéint huet sech d'Patronat ausgeschwat, mam Argument, dat wier esou net an den Traitéë virgesinn. Am Artikel 153, deen eng Partie sozial Mesure oplëscht, steet effektiv och dran, datt Paien dovun ausgeschloss sinn.

"Do si mer net där nämmlechter Meenung wéi Patronat", seet de Nicolas Schmit. D'Kommissioun wéilt jo net de Länner een eigentleche Mindestloun imposéieren. "Mir fixéiere keng Paien, mee Objektiver, deem de Mindestloun da muss Rechnung droen."

D'Decisioun, ob d'Kommissioun eng EU-Direktiv oder just eng Recommandatioun erausgëtt, ass nach net gefall.

"Et ass ganz kloer, datt eng Direktiv méi een obligatoresche Charakter huet, wéi just eng Recommandatioun. D'Wuert seet et, et recommandéiert een. Mir wäerten déi zweet Phas ofwaarden an dann definitiv decidéieren, wat fir ee juristescht Instrument am beschte passt oder déi beschte Chancen huet eng qualifizéiert Majoritéit am Conseil ze kréien."

Enger gesetzlecher Reegelung misste souwuel d'Memberlänner wéi och d'Europaparlament zoustëmmen.

Sollt et dono just op eng Recommandatioun erauslafen, géif hien dat awer net als Echec ugesinn, esou den Nicolas Schmit. Et wier nach net sou laang hier, "datt eng europäesch Kommissioun gesot huet, d'Léin wieren ze héich, a versicht huet d'Mindestléin a verschiddene Länner erofzesetzen."

"Hei gi mer an eng komplett nei Direktioun. De But ass, datt jiddweree soll een dezente Loun hunn, fir déi Aarbecht, déi e mécht, mat deem en och kann een normale Liewensniveau hunn. Mir wëllen d'Kollektivvertragswiese stäerken. Ech menge schonn, datt dat eng fundamental Ännerung ass an der Approche par Rapport zu deem, wat an der Vergaangenheet praktizéiert gouf."

Déi zweet Ronn vun de Consultatiounen dauert bis Mëtt September. Nach dee selwechte Mount soll dann eng definitiv Propos vun der Kommissioun um Dësch leien, dat versprécht den EU-Kommissär.