Radioen

On air

Notturno  |  Mathieu Clement Sextet - Coming Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "EU muss Diere fir Russen oploossen"

SCHENGE-VISA FIR RUSS:INNEN

"EU muss Diere fir Russen oploossen"

Generell Visae fir Russen a Russinnen ze limitéieren, wiere keng gutt Iddi, seet d'Presidentin vum europäeschen Daachverband vun den Flüchtlingsorganisatiounen, Catherine Woollard. Och de Lëtzebuerger Affekot Frank Wies ass där Meenung.

auto_stories

2 min

Den Affekot, fréiere President vun Amnesty International a Mëscherechtsaktivist Frank Wies

Lauschterenplay_arrow

Fir den Affekot a fréiere President vun Amnesty International, Frank Wies, ass et "juristesch gesinn abérrant", et géif "u Sippenhaft erënneren", wann een d'office Persoune mat russescher Nationalitéit keng Visae fir de Schengeraum méi géif ginn.

Et wier senger Meenung och kontraproduktiv, "well et de russeschen Narrativ ënnerstëtzt, dee seet, datt d'Europäer all d'Russe bestroofe wëllen". An:

"Et verhënnert, datt déi Leit, déi missten aus Russland erauskommen, och kënnen erauskommen."

Touristen-Visae wichteg fir Oppositioneller

Dee Problem kéint een evitéieren andeems ee just Touristevisaen ofschaaft, argumentéieren déi, déi wéi déi baltesch Länner fir Restriktioune sinn. Visaen aus humanitäre Grënn kéinte weider verdeelt ginn.

An der Praxis wäert dat awer net geschéien, fäert do de Frank Wies.

"Mir sollten eis do näischt virmaachen. Wann d'EU als Kompromëss géif soen, datt keng Touristevisaen, an der Praxis wäert kaum nach ee Russ de Visa kréien."

Et géif keng Garantie dofir, datt d'Länner méi generéis wéi bis elo mat humanitäre Visaen géifen ëmgoen, seet iwwerdeems d'Catherine Woollard, Presidentin vun ECRE- dem Daachverband vun den europäesche Flüchtlingsorganisatiounen.

"On risque de supprimer quelque chose sans élargir les possibilités des autres types de visa."

D'Catherine Wollard weist drop hin, datt et grad fir Oppositioneller wichteg ass, kënnen een Touristevisa unzefroen. Dat wier manner geféierlech, wéi zum Beispill eng Demande aus humanitäre Grënn ze maachen, well déi russesch Autoritéiten eventuell kënne gewuer ginn, aus wéi engem Grond ee Visa ugefrot gëtt.

Reegele sollte méiglechst flexibel bleiwen

D'Reegele fir ee Visa ze kréien, sollten dowéinst méiglechst flexibel bleiwen. D'Decisioun ee Visa erauszeginn, läit bei de Memberlänner an net bei der EU. Der Catherine Woollard no sollt, datt och am beschten esou bleiwen. Misst een sech op europäeschem Niveau iwwert gemeinsam Reegelen eens ginn, wier de Risiko grouss ass, datt déi Solutioun méi restriktiv ausfält wéi déi

All Land hätt jo d'Méiglechkeet au cas par cas, Visaen ze refuséieren, fënnt och de Frank Wies. Ee generelle Verbuet wier deemno net néideg.