Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  LA Priest - City Warm Heart

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Optrëtt zu Glasgow: Nach Loft no uewen

KLIMAPOLITIK

EU-Optrëtt zu Glasgow: Nach Loft no uewen

D'Europäesch Unioun ass mat der Ambitioun op d'Weltklimakonferenz zu Glasgow gefuer, als Leader a Saache Klimaschutz opzetrieden. Dat ass net ëmmer gelongen, soen Europadeputéiert.

auto_stories

6 min

No Glasgow ass d'Glas definitiv méi ewéi hallef voll, seet de Peter Liese. Hie war als ee vun den Delegéierte vum Europaparlament mat op dëser Klimakonferenz derbäi.

Par rapport zur COP25 virun zwee Joer a Spuenien hätt een däitlech Progrèse gemaach, sou den däitsche Chrëschtdemokrat.

"In Madrid waren wir (die EU) die ersten, die ein Klimaneutalitätsziel für 2050 vorgelegt haben. Damals habe ich nicht geglaubt, dass uns so viele folgen. Deshalb ist das, was vor der Konferenz und auch dort passiert ist, ein Riesenfortschritt."

Op der Lëscht vun deenen, déi sech laangfristeg ambitiéis Klimaziler setzen, sinn effektiv eng ganz Partie Länner derbäi komm.

Trotzdeem fält de Bilan beim Gréngen Europadeputéierte Michael Bloss vill manner positiv aus.

"Nein dieses Fazit teile ich nicht. Ziel ist es ja auf die 1,5 Grad zu kommen, da sind wir immer noch meilenweit davon entfernt, da müssen wir noch richtig nacharbeiten."

Dat géif trotz ambitiéisem Klimaschutzgesetz och fir d'EU gëllen, sou de Michael Bloss.

EU net zesummen opgetrueden

Klimaschützer hunn iwwerdeems ausgerechent, datt esou guer wann all d'Mesurë géifen ëmgesat géifen, déi zu Glasgow decidéiert goufen, d'Äerd sech nawell géif ëm op d'mannst 2,4 Grad erwiermen.

Dorun änneren och déi sëllegen Zousaz-Deklaratiounen näischt, iwwer déi nieft der Schluss-Erklärung eenzel Länner eens goufen. Si verflichten sech doran. jeeweils zu ënnerschiddlechen Ziler, wéi zum Beispill engem Stopp vum Ofholzen, enger Reduktioun vu Methan-Emissiounen oder dem Erausklammen aus der Kuelenenergie.

Et fält op, datt bei kenger vun deenen Deklaratiounen, d'EU als Block ënnerschriwwen huet, seet de Michael Bloss. D'Länner hu villméi eenzel decidéiert, wou se jeeweils matmaache wëllen.

"Es ist gut, dass sich jetzt viele Länder dazu verpflichtet haben, zum Beispiel keine fossilen Investitionen mehr im Ausland zu machen oder bis 2035 aus dem Verbrenner Motor und aus der Kohle auszusteigen. Was aber hier sichtbar wurde, ist dass die Europäische Union unter keiner dieser Erklärungen drunter steht."

Wann d'EU wielt Virreider sinn, hätt een hei missen zesummen optrieden, sou de grénge Politiker.

Deen, deen d'EU zu Glasgow representéiert huet, ass de Vizepresident vun der Europäescher Kommissioun, den Frans Timmermans. Den hollännesche Sozialdemokrat ass zoustänneg fir de "Green Deal", zu deem de Klimaschutz gehéiert an deem dës Kommissioun eng Haaptroll ginn huet.

War d'EU op dëser Klimakonferenz visibel genuch? Op enger Pressekonferenz dorop ugeschwat, geet den eloquenten Hollänner an d'Offensiv:

"D'Europäesch Unioun, hir Memberlänner, d'Europäescht Parlament si ganz aktiv, fir eng Léisung ze fannen. Mir si vun Ufank un hei hi komm mat den Ziler bis 2050 klimaneutral ze sinn a bis 2030 d'Emissiounen ëm 55 Prozent ze reduzéieren, déi Ziler sinn an ee Gesetz gemeesselt. A mir hunn ee genee Plang, wéi mer dohi kommen. Ech hoffen, dat anerer sech do ee Beispill huelen. Ech denken net, datt d'EU sech hei schumme muss."

Kritik un EU-Klimadiplomatie

D'EU huet an de leschten 30 Joer seng Emissiounen ëm 25 Prozent reduzéieren, bei all deenen aneren si se geklommen, seet och de Peter Liese, deen op dëser Pressekonferenz zu Glasgow nieft dem Frans Timmermans souz.

D'Schold dofir, datt d'EU déi Zousazerklärunegn net als Block ënnerschriwwen huet, gesäit hien als éischt emol an enger Zort Rivalitéit vum fréieren EU-Member Groussbritannien an Organisateur vun dëser Klimakonferenz.

"Mein Verdacht ist, dass die britische Präsidentschaft sich selber möglichst schön darstellen wollte, möglichst hell strahlen wollte und dass sie nicht daran interessiert waren, die EU bei diesen Erklärungen mit an Bord zu bekommen."

Eigentlech wier et d'Aufgab vum Frans Timmermans gewiescht, déi 27 EU-Länner ënner een Hutt ze bréngen, gëtt den CDU-Politiker zou.

Deen awer wier, well en net nëmme fir de Klimaschutz mee fir de ganze Green Deal zoustänneg ass, méiglecherweis iwwerfuerdert, sou de Peter Liese a verweist op d'USA, wou Klimapolitik ee Vollzäitjob ass.

"Wir bräuchten eigentlich jemanden in der Europäischen Union wie John Kerry, der nur internationale Klimapolitik macht. Der sich von morgens bis abends nur darum kümmert und mit anderen Verhandlungen führt, damit die Europäische Union wieder eine bessere Rolle spielt. Das war nicht optimal. Die Europäische Union war nicht die Kraft, die durch Klimadiplomatie geglänzt hat."

Net genuch Asaz fir d'Klimagerechtegkeet

Och inhaltlech gëtt et Kritik am Ëmgank mat anere Länner. D'Delegatioun vum Europaparlament hätt dorop ëmmer nees gepocht, datt sech d'Industrielänner méi staark engagéieren.

"Wir hätten uns gewünscht, dass man mehr mit den vulnerabelen Staaten zusammenarbeitet, die am meisten vom Klimawandel getroffen sind. Das haben wir immer wieder vorgetragen."

Der Klimagerechtegkeet wier een zu Glasgow net méi nokomm seet de Michael Bloss:

"Schon jetzt gibt es Schäden in Milliardenhöhe in vielen Ländern. Ärmere Länder können dafür nicht aufkommen, sie verlangen Geld von den Ländern, die am meisten für die Klimakrise verantwortlich sind. 134 Staaten haben das unterstützt, doch die USA und die Europäische Union haben das ständig blockiert."

Um Enn bleift awer och beim gréngen Europadeputéierte virun allem ee positive Punkt vun dëser Klimakonferenz hänken. Dee läit doran, unzëerkennen, wat een des Kéier net gepackt huet, an dowéinst op déi nächste Kéier verleet.

"Was wirklich positiv ist, ist dass gesagt wurde, wir haben es diesmal nicht geschafft in Richtung 1,5 Grad zu kommen. Wir wollen bis zur nächsten Klimakonferenz in Sharm El Sheikh neue Klimaziele vorlegen. Da muss jetzt jedes Land, auch die Europäische Union nochmal ran."

Et gëtt also och fir d'EU nach ganz vill ze dinn - do ass sech jidderee vun den EU-Acteuren eens.