Radioen

On air

Notturno  |  Shintaro Sakamoto - Let's Dance Raw

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Parlament adoptéiert ëmstridden Agrarreform

EU-AGRARPOLITIK

EU-Parlament adoptéiert ëmstridden Agrarreform

D'Europaparlament seet "Jo" zur Reform vun der Europäescher Agrarpolitik. D'Diskussiounen iwwert eng méi ëmwelt- a klimafrëndlech Landwirtschaft sinn domat awer nach net eriwwer.

auto_stories

4 min

D'Propos fir déi Reform vun der Europäescher Agrarpolitik läit zënter 2016 um Dësch, si staamt nach aus der Fieder vun der Kommissioun Juncker. Déi nei Ekippen ënnert der Ursula von der Leyen huet dono de "Green Deal" fir méi Klima- an Ëmweltschutz als Prioritéit presentéiert.

D'Fro, wéi déi zwee zesumme passen, ass eng, déi ëmmer nees an den deels ganz hefteg Debatten iwwert déi nei Agrarpolitik gestallt gouf.

Fort- oder Réckschrëtt?

D'Resultat vum Vott gëschter am Parlament mat iwwer 500 vu knapps 700 Stëmmen dofir war kloer. Et setzt ee Schlusspunkt hannert déi jorelaang Diskussiounen. D'Reform vun der gemeinsamer Europäescher Agrarpolitik awer bleift kontrovers.

Dat gouf gëschter am Debat an der Pléniere zu Stroossbuerg méi ewéi däitlech.

Déi eng halen dru fest: déi Reform ass ee kloert Fortschrëtt. Dat soen déi Liberal an d'Chrëschtdemokraten. Et geet em vill Suen fir d'Baueren, déi sinn elo duerch deen Accord assuréiert.

"Es geht letztendlech um unsere Landwirte, um Versorgungssicherheit, ja es geht auch um 45 Milliarden Euro im Jahr Fördermittel für unsere europäische Landwirtschaft. Und deshalb war es wichtig pünktlich zu liefern."

ënnersträicht de Peter Jahr, ee vun de Rapporteure vum Parlament.

Och de Christophe Hansen, schwätzt sech am Numm vun der Ëmweltkommissioun fir d'Reform aus. Si géif de Spagat packen tëscht Klima- an Ëmweltschutz an der Garantie fir d'Iwwerliewe vun de Baueren, sou den CSV-Europadeputéierten-

"Kein Verständnis habe ich für jene, die immer noch probéieren, diese Reform zu torpedieren. Unverantwortlich, denn ein Nein heisst auch ein Nein zu mehr Klima- und Umweltschutz. Deshalb stimmen Sie dafür."

Kritik vu Gréngen, Lénken a Sozialisten

Deen Appell awer gëtt net vu jidderengem an der Ëmwelt-Kommissioun gehéiert. Doran setzt och déi Lëtzebuerger Gréng Tilly Metz, fir si ginn déi nei Reegelen de Memberlänner ze vill Flexibilitéit:

"Wou mer lo scho wëssen, datt d'Memberlänner déi Flexibilitéit éischter notzen, fir d'Reegelen ze verwässeren, also manner a Richtung ekologesch Mesurë ginn, fir d'Biodiversitéit ze retten, fir eise Klimaziler gerecht ze ginn, dofir ass eis Positioun als Gréng déi: dat doten ass keng Reform, et ass esou plazeweis ee Schrëtt no hannen."

Déi selwecht Analys maachen déi Lénk an Deeler vun de Sozialisten. D'Sue gi weider no deenen nämmlechte Critère verdeelt, et gëtt keng Limite no uewen agefouert, kritiséiert de franséische Sozialist Eric Andrieu.

"L'essentiell du budget continuera d'être dépensé sous forme d'aide à l'hectare, que l'on verse sans prise en compte des modes de production et des prix et des revenus agricoles. C'est un non sens économique, un non sense budgétaire, un non sense environnemental et c'est un nonsense social."

Sozialistesch Fraktioun ass sech net eens

Och déi däitsch Europadeputéiert vun der SPD si net mat deem d'accord, wat elo um Dësch läit. Zwar mussen an Zukunft 25 Prozent vun de Subsiden un Ëmwelt- oder Klimamesurë gebonne sinn. Dat wäert awer net vill bréngen, explizéiert d'Maria Noichl.

"Diese jetzt neu geschaffenen 25 Prozent, die oftmals als positiv dargestellt werden, muss man schon genauer beleuchten. Sie sind zumeist mit Freiwilligkeit getragen. Das ist nichts Verpflichtendes aus der europäeschen Ecke, sondern man versucht, ein Agieren, grün anzustreichen."

D'Fraktioun vun de Sozialiste blouf bis zum Schluss gespléckt. Matten dran de Marc Angel, dee sech um Enn enthalen huet.

Datt elo d'Memberlänner selwer méi Spillraum kréien, mécht him Suergen. Klima- an Ëmweltschutz kéint hei ze kuerz kommen, sou och seng Angscht. Den LSAP-Europadeputéierten denkt dobäi manner u Lëtzebuerg - wat net verwonnert, ëmmerhin ass den Agrarminister Romain Schneider säi Parteikolleeg.

"Ech kenne jo all déi Leit, déi doru schaffen, ech weess, datt mer an enger Koalitioun setzen. Ech hunn do ganz vill Vertrauen an de Romain Schneider a seng Leit, déi scho wëssen, ëm wat et à la fin du compte geet. Ech hunn méi aus enger europäescher Perspektiv gestemmt."

Lëtzebuerger Regierung op enger Linn?

De Romain Schneider awer steet hannert der Reform, et wier een ambitiéise Kompromëss hat hien am 100Komma7- Interview ënnerstrach, an op aner Mesuren higewisen, déi zousätzlech am Kader vum Green Deal en Vue vum Klimaschutz virgesi wieren.

Dogéint, déi zwee direkt mateneen ze virknäppen, wiert sech den LSAP-Politiker awer. Dat hat Lëtzebuerg der Kommissioun vru Kuerzem an engem Bréif zesumme mat 17 anere Länner matgedeelt. Och d'Landwirtschaft misst hiren Deel zum Klimaschutz bäidroen, hat iwwerdeems d'Ëmweltministerin Carole Dieschbourg betount.

D'Tilly Metz setzt elo dorop, datt déi Gréng an der Regierung "massiv Drock maachen", fir datt d'Agrarreform ëmwelt- a klimagerecht ëmgesat gëtt.

Vill Spillraum fir d'Memberlänner - manner Diktat vu Bréissel: Op déi national Regierunge kënnt hei eng grouss Responsabilitéit zou, wann et drëms geet Agrarpolitik mat Klima- an Ëmweltschutz ze verbannen.