Déi ronn 60 Aktivisten aus 18 verschiddene Länner ware vun deene Gréngen a vun der Gauche Unie invitéiert ginn. Déi Chrëscht-konservativ Europäesch Vollekspartei, déi Liberal an déi riets Parteie waren dogéint, fir hinnen d'Wuert an der Plenière ze ginn.
Dowéinst souzen d'Aktivisten op der Visiteurstribün a konnte beim Debat iwwer de Klimaschutz just nolauschteren. Frou ware si doriwwer net. Hire Bilan vum Debat ass och net grad positiv ausgefall.
Eng verpasse Geleeënheet, fir mat Vertrieder vun der Beweegung "Fridays for Future" op europäeschem Niveau ze diskutéieren, fënnt d'100,7 EU-Korrespondentin Danièle Weber.
Lauschtert d'Gespréich mat der EU-Korrespondentin vum 100,7 Danièle Weber. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.