Radioen

On air

Notturno  |  Giovanni Di Domenico - Minum

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Parquet weider mat Startschwieregkeeten

Am Mäerz net voll operationnell

EU-Parquet weider mat Startschwieregkeeten

Den Europäesche Parquet mat Sëtz zu Lëtzebuerg soll bis am Mäerz operationell sinn. Elo kënnt et zu weidere Retarden, well bis elo déi allermeescht vun de Länner hir delegéiert Procureuren nach net designéiert hunn. Lëtzebuerg huet dat och nach net gemaach.

auto_stories

3 min

Ëmmerhin ass an der Tëschenzäit eng ganz Partie vum Personal an d'Tour B an der Avenue John F. Kennedy um Kierchbierg erageplënnert. "Et fillt sech gutt un", sot en Dënschdeg d'Cheffin vum Europäesche Parquet, d'Laura Kövesi, wéi si d'Europadeputéiert an den zoustännege Kommissiounen op de leschte Stand gesat huet.

"Mir si prett, fir bis den 1. Mäerz operationell ze sinn", sou d'Rumänin. Allerdéngs steet elo scho fest, datt dat just fir een Deel vun där neier EU-Institutioun klappe wäert.

Eréischt 18 vun 140 delegéierte Procureuren designéiert

Zwar hunn déi 22 EU-Länner, déi sech dem Europäesche Parquet ugeschloss hunn, jeeweils hir Procureuren nominéiert. Si schaffen an der Zentral zu Lëtzebuerg un den Enquêten, déi sech haaptsächlech ëm d'Deviatioun oder den korrekten Asaz vun EU-Sue bekëmmert.

Allerdéngs hu bis elo just véier Länner hir delegéiert Procureuren designéiert. Lëtzebuerg huet dat och nach net gemaach. Des Delegéiert sollen op nationalem Niveau bei den Enquête géint Korruptioun matschaffen. Vun den 140 Delegéiert goufen der bis elo just 18 genannt, sou d'Laura Kövesi.

Elo scho steet fest: Den 1. Mäerz ka maximal een Deel vun der Institutioun operationell sinn, sou den Justizkommissär Didier Reynders en Dënschdeg am Parlament.

"Fir de Moment rechne mer domat dat mer den Zäitplang mat 15 Memberlänner anhale kënnen", sou de Belsch. Hie gesäit virun allem nach Problemer, wat Malta, Finnland, Zypern, Italien a Griicheland ugeet.

Kritik un der Prozedur vun de Nominatiounen

Mee nach eppes steet engem reiwungslose Ufank vum Europäesche Parquet am Wee. D'Prozedur fir d'Nominatiounen vun den 22 Procureure steet an der Kritik. De Prozess wier net transparent, verschidden national Regierungen hätte probéiert en ze beaflossen, soen Europadeputéiert.

D'Memberlänner géife carrement probéieren, ze verhënneren, datt de Parquet Succès huet, sot an der Plenière de gréngen Europadeputéiert Daniel Freund.

"Et gi net genuch Fongen zur Verfügung gestallt, zwee Memberstaate refuséieren nach ëmmer Procureuren à plein temps ze nominéieren an dräi Regierungen hu beim Selektiouns-Prozess staark interferéiert."

D'Belsch, Bulgarien a Portugal hätten de Klassement vun den onofhängegen Experten net respektéiert. Déi Experten haten d'Dossiere gekuckt an eng Lëscht gemaach. Hire Choix gouf awer deels net zeréckbehalen. Déi hollännesch Europadeputéiert Sophie In'tVeld stellt sech Froen iwwert d'Grënn dofir.

"Wann der hätt wëllen déi bescht Leit eraussichen, dann hätt ee just déi Recommandatioun iwwerhuele mussen. Wéi eng Grënn kann et ginn, dat net ze maachen? Gewëss Leit zu engem Job ze verhëllefen?"

Nach genuch Aarbecht

Wéi wichteg et ass, datt grad dës nei EU-Institutiounen, den europäesche Procureur onofhängeg ass, huet déi bayresch CSU-Europadeputéiert Monika Hohlmeier ënnerstrach.

"Die EU Staatsanwaltschaft muss unabhängig sein und muss unab von ihrer Regierung handeln und sogar gegen die eigene Regierung ermitteln dürfen."

Ier awer ermëttelt gëtt muss d'éischt emol d'Institutioun voll besat sinn. Nieft de nationalen Delegéierten feelt et nämlech och nach u Personal, sou d'Laura Kövesi,

"Mir brauchen nach qualifizéiert Personal, fir d'Aarbecht vun de Procureuren ze ënnerstëtzen, soss riskéieren mer een Enkpass bei den Enquêten ze kréien."

Aarbecht ass genuch do. Et léiche lo schonn eng 3.000 Fäll um Dësch, d'Laura Kövesi geet dovun aus, datt all Joers eng 2000 Enquêten ze maache sinn.

"Ech hätt am léifsten de Parquet wier muer schonn operationell. Mir hätte gären Enquêten a géifen gären ufänken mat schaffen."