Radioen

On air

De Moien  |  Real Estate - Days

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Polen: D'Sich no enger adequater Reaktioun

RECHTSSTAAT

EU-Polen: D'Sich no enger adequater Reaktioun

D'Urteel a Pole rëselt un de Fundamenter vun der EU, soen d'Benelux-Länner. Si maachen een Appell, net nozekucken. Den Debat en Dënschdeg am Europaparlament huet gewisen, wéi wäit béid Säiten ausenee leien.

auto_stories

4 min

Am Europaparlament si gëscht de polnesche Premier Mateusz Morawiecki an d'Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen direkt openee getraff. Den 8. Oktober hat dat polnescht Verfassungsgeriicht een Urteel gesprach, deemno polnescht Recht virum EU-Recht steet an Deeler vum EU-Traité net konform mat der polnescher Verfassung wieren.

Debatt am Europaparlament: Béid Säite si sech net méi no komm

Zanterhier ass d'Stëmmung tëscht Bréissel a Warschau nach méi schlecht, wéi se virdru scho war. D'Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen, sot si hätt et léiwer gehat, dës Situatioun ni ze erliewen.

"Es ist ein einmaliger Vorgang, dass ein Verfassungsgericht eines Mitgliedstaates Artikel des europäeschen Vertrages infrage stellt. Das trifft mitten ins Mark der Rechtsstaatlichkeit, das hat es so noch nie gegeben."

Derbäi kéim, datt d'Legitimatioun vun deem selwechte Verfassungsgeriicht a Fro gestallt wier. D'Bierger a Pole missten, wéi all déi aner an der EU, duerch eng onofhängeg Justiz protegéiert ginn. Wéi soss kéinten och EU-Suen, déi a Pole fléissen, geschützt ginn?

D'Kommissioun géif handelen, sou d'Ursula von der Leyen, ouni allerdéngs ze präziséiere wéi genee.

Morawiezki: "Mir sinn an der EU doheem"

Op där anerer Säit huet de polnesche Premier Mateusz Morawiecki keen Zweiwel dru gelooss, datt seng Regierung hanner deem Urteel steet. Déi national Verfassung wier dat héchste Recht a Polen, si kéim vrun EU-Recht.

D'EU-Institutioune missten ophalen, d'Memberlänner ënnerschiddlech ze behandelen, sou de Politiker vun der polnescher Partei fir Recht a Gerechtegkeet. Hie géif net akzeptéieren, datt säi Land finanziell vun der EU erpresst gëtt. An: Polen wier an der EU doheem a wielt och néierens anescht higoen.

EU-Parlament mécht Drock

Am Parlament gouf et vill Widdersproch vun der Majoritéit vun den Europadeputéiert, déi fuerderen, datt d'Kommissioun muss reagéieren. Engersäits misst de polnesche Plan de Relance, mat deem duerch EU-Suen d'Wiertschaft no der Corona-Kris nees soll ugekuerbelt ginn, refuséiert ginn, sou eng vun de Fuerderungen. Anerersäits misst d'Kommissioun dee neie Rechtsstaatmechanismus lancéieren.

"Weist eis, datt Dir et elo eescht mengt, mir stinn hanner iech", sou den hollännesche Liberale Malik Azmani an der Plenière.

Deen neie sougenannte Rechtsstaatmechanismus ass fir Fäll virgesinn, an deenen EU-Suen net korrekt agesat ginn. Dat wier, sou d'Ursula von der Leyen gëschter am Parlament, a Polen de Fall, well keng onofhängeg Justiz méi dofir suerge kann, datt EU-Sue protegéiert sinn.

Doriwwer awer, ob d'Kommissioun dee Mechanismus lancéiert, gouf gëscht näischt gesot. Dat kéint an den nächste Wochen de Fall sinn, sou de Justizkommissär Didier Reynders op enger Pressekonferenz zu Lëtzebuerg. Hien huet awer opgelooss, ob dat Verfaren da Polen oder een anert EU Land betreffe géif.

Benelux appelléiert un d'Kommissioun

Wat d'Reaktiounen ugeet, ass et bis elo op der Säit vun de Memberlänner éischter roueg bliwwen. Lëtzebuerg huet op enger Reunioun vun den EU-Ministeren zesumme mat der Belsch an Holland kloer Stellung geholl. Dat polnescht Urteel géif net nëmmen d'Fundament vun der EU, mee och de Prinzip vun de gläiche Rechter, der Rechtssécherheet an dem géigesäitege Vertrauen tëscht de Memberlänner a Fro stellen, heescht et an deem Statement, dee vun der belscher Ausseministerin Sophie Wilmès virgedroe gouf.

D'Benelux-Länner maachen an hirem Pabeier een Appell, mat Determinatioun op Menacen géint de Rechtsstaat ze reagéieren, deen neie Rechtsstaatmechanismus sou séier wéi méiglech ze lancéieren a weider Schrëtt ze envisagéieren, och bei der Decisioun iwwer d'Guttheesche vu Corona-Hëllefspläng.

EU-Sommet: Pole keen offizielle Sujet

En Donneschdeg an e Freideg gesi sech d'EU-Staats- a Regierungscheffe fir den Hierscht-EU-Sommet. Verschiddener vun hinnen, wéi déi däitsch Nach-Kanzlerin Angela Merkel, drécken op d'Brems a wëlle weider op Dialog setzen. Bis elo ass de Sujet net um Ordre du jour vun der Reunioun.

Den hollännesche Premier Mark Rutte huet awer schonn annoncéiert, datt hien de Sujet um Sommet opbrénge wëllt. De Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel sot e Méindeg den Owend zu Berlin, wou hie bei der Kanzlerin Merkel op Besuch war, datt dat polnescht Urteel d'Fundamenter vun der EU ënnergrueft. Hie wéilt, datt d'Kommissioun de Fall ënnersicht a wann néideg d'Instrumenter notzt, déi hir zur Verfügung stinn.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.