Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  The Messthetics & James Brandon Lewis - L'Orso

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Reunioun fir tëschent Serbien a Kosovo ze vermëttelen

Sträit ëm Visapolitik

EU-Reunioun fir tëschent Serbien a Kosovo ze vermëttelen

Zu Bréissel kënnt haut de Premier aus dem Kosovo, den Albin Kurti, mam President vu Serbien, dem Aleksandar Vucic, zesummen. Invitéiert huet den EU-Chefdiplomat Josep Borrell, hie wëll am Sträit iwwer d'Visapolitik vun deenen zwee Länner vermëttelen.

auto_stories

2 min

An der Renconter zu Bréissel soll an engem Visasträit vermëttelt ginn. Foto: Bigstock / Jorisvo

Lauschterenplay_arrow


D'Invitatioun fir dës Reunioun war kuerz no de rezenten Eskalatiounen tëschent dem Kosovo a Serbien erausgaangen.

Bréissel hat et schonn als Succès ugesinn, datt béid Säiten dës Invitatioun ugeholl hunn. Et ass awer onkloer, ob eppes bei där Reunioun erauskomme wäert.

Sträit ëm Rees-Dokumenter

Beim aktuelle Sträit geet et ëm Rees-Dokumenter: D'Autoritéiten am Kosovo hate refuséiert serbesch Bierger ouni Visa passéieren ze loossen.

Zwar huet d'Regierung vum Albin Kurti am Kosovo déi nei Reegel ausgesat, vum Dësch ass se awer net.

Bei der Reunioun haut zu Bréissel trëfft de kosovaresche Premier op de serbesche President Aleksander Vucic, dee sech an der Lescht och net mat Provokatiounen zeréckgehalen huet.

EU ka keng Léisung imposéieren

D'lescht Woch sot de Peter Stano, de Spriecher vum aussepoliteschen Déngscht, datt d'EU hire Partner keng Léisung kéint imposéieren. Béid Länner wéilte Member vun der EU ginn, an d'EU géif d'Bäitrëtts-Gespréicher an dësem Kontext notzen. Vill vun de Sujeten, déi fir Irritatiounen tëschent béide Säite suergen, sinn Deel vun dësem Dialog, esou de Peter Stano.

Wichteg wier, datt béid Säiten hir feindschaftlech Haltungen opginn, sot gëschter d'Kommissiouns-Spriecherin Nabila Massrali, wuel wëssend, datt dat den Hiewel, dee Bréissel usetze kann, net grouss ass: "Si kommen a mir musse kucke wat geschitt, ech wëll net iwwer d'Resultat spekuléieren."

Déi fréier serbesch Provënz hat sech 2008 als onofhängeg deklaréiert, gëtt awer vu Serbien a vun anere Länner net unerkannt. Dozou gehéieren och fënnef Membere vun der Europäescher Unioun, nämlech Spuenien, Griicheland, Rumänien, d'Slowakei an Zypern.