Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Maria Chiara Argirò - Light

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU schafft u "Gas fir de Wanter-Plang"

HEICH ENERGIEPRÄISSER

EU schafft u "Gas fir de Wanter-Plang"

Déi nächst Woch wëll d'Europäesch Kommissioun ee Plang presentéieren, doriwwer, wéi sech d'EU besser besser op esou eng Kris um Energiemarché preparéiere kann. Dozou gehéiert et och, d'Länner ze verflichten, d'Gasspäichere mat Zäiten opzefëllen.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock / Fahroni

Lauschterenplay_arrow

Den Europäesche Green Deal gesäit bekanntlech vir, datt d'EU sou vill wéi méiglech op erneierbar Energien zeréckgräift. Op mannst bis 2030 awer wäerten d'Energiepräisser an der Unioun staark vum Gaspräis ofhänken, weise Projektioune vun der Europäescher Kommissioun. Bréissel geet iwwerdeems dovun aus, datt d'Energiepräisser sech och 2023 nach net stabiliséieren.

D'Kommissioun wëll d'Memberlänner besser op d'Präishausse preparéieren. Déi nächst Woch soll dofir een Antikrise-Programm presentéiert ginn. Am Brouillon, deen eis virläit, steet op verschiddene Plazen, d'Detailer missten nach gekläert ginn.

Kloer ass awer, datt Bréissel d'Memberlänner dozou bréngen wëllt, méi Gas ze stockéieren. Ufank Februar waren just 37 Prozent vun de Gasspäicheren an der EU gefëllt. Dat sinn zéng Prozent manner wéi an de Jore virdrun.

Gasspäicher solle bis den 30. September opgefëllt sinn

De sougenannte "Gas fir de Wanter Plang" vun der Kommissioun gesäit elo engersäits Ureizer ma och Obligatioune fir d'Späichere vu Gas vir. D'Länner missten virum Summer een Inventaire maachen, d'Kommissioun géif am Juli een État des lieux publizéieren, fir da vun de Memberstaaten ze verlaangen, datt si all Joers bis den 30. September ee Minimum u Stockage vu Gas garantéieren.

De Plang gesäit och fir, datt d'Gewanne vun Energie aus Waasserstoff a Biogas méi staark soll ënnerstëtzt ginn. D'Prozedure fir Autorisatioune fir Projete fir enerneierbar Energië solle iwwerdeems vereinfacht ginn.

Interessant ass d'Propos, datt d'Regierunge kéinten een Deel vun de Gewënner vun den Energie-Entreprisen iwwert Steiermesurë saiséieren. Verschiddener géife vun den héije Präisser profitéieren, ouni datt si méi héich Käschten hunn. Esou eng Mesure misst allerdéngs virsiichteg gehandhaabt ginn, fir onnéideg Distortiounen um Marché ze evitéieren, heescht et am Pabeier vun der Kommissioun.