De Sécherheets-Pakt tëscht deenen dräi Länner ass aus europäescher Siicht problematesch. Säi Numm, de Kierzel "AUKUS" steet fir Australien, United Kingdom an USA a seet et däitlech: D'EU ass do net derbäi.
Mee domat net genuch: Deel vum Accord ass et och, Australien et bannent 18 Méint ze erméiglechen, atombedriwwen U-Booter ze bauen. Déi australesch Regierung huet direkt dono eng Commande aus dem Joer 2016 fir 12 franséisch Sous-Marinsen an der Héicht vu 56 Milliarden Euro ze kafen, stornéiert.
Frankräich frou iwwert Solidaritéit
Frankräich ass net frou, schwätzt vun engem "Vertrauensbroch" a setzt op europäesch Solidaritéit. Déi gouf och an enger éischter Phase vu verschiddene Säiten ënnerstrach.
"D'Manéier, mat där ee vun eise Memberlänner behandelt gouf, ass net akzeptabel. Mir géife gäre wëssen, wat geschitt ass a firwat. Dat muss gekläert ginn, ier mer wéi virdru virufueren."
Dat sot e Méindeg an engem Interview mat der amerikanescher Televisiouns-Chaîne CNN, d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen.
D'EU-Ausseministeren hu sech um Bord vun der Generalversammlung vun de Vereente Natiounen ausgetosch a sech "enttäuscht" iwwert Situatioun gewisen, sot zu New York den EU-Baussebeoptragte Josep Borrell.
"D'Ministeren hu Frankräich hir kloer Solidaritéit ausgeschwat a gesot, dat des Annonce weist, wéi wichteg eng besser Koordinatioun vun der EU am indo-pazifesche Raum ass."
Zu Bréissel, wou en Dënschdeg, déi fir d'EU zoustänneg Ministeren aus de 27 Memberlänner zesumme waren, huet sech de franséische Staatssekretär fir Europa, Clément Beaune, iwwert déi Reaktioune gefreet. Si géif weisen, datt d'EU dee Sujet net als ee franséischen, mee als een europäesche betruechten.
Handelsgespréicher ginn "méi komplizéiert"
Déi europäesch Äntwert op "AUKUS" awer ass nach net kloer. Zwar stellt ee sech hannert Frankräich, mee doriwwer, elo direkt Konsequenzen ze zéien, schéngt ee sech net eens ze sinn.
Eng Méiglechkeet wier et, d'Verhandlungen tëscht der EU an Australien iwwert e Fräihandelsaccord op Äis ze leen. Frankräich ass do net ofgeneigt, wéi de Clément Beaune ze verstoe gëtt.
"Nous sommes dans une situation très difficile. Donc on ne peut pas faire comme si ne rien était. Nous devons ouvrir toutes les options, absolument."
Anerer awer si wäit dovun ewech, op dee Wee ze goen.
"Mir sollte sécher net d'EU-Handelspolitik dowéinst änneren. Mir mussen der Welt géintiwwer ope bleiwen."
Dat stellt zum Beispill de schwedesche Minister fir d'EU, den Hans Dahlgren kloer.
Déi nächst Ronn vun de Gespréicher iwwert een Accord mat Australien ass fir Oktober virgesinn.
Et sollt een d'Verhandlunge viruféieren, fënnt de President vun der Handelskommissioun am Europaparlament, de Bernd Lange. Et wäert awer méi komplizéiert ginn, gëtt hien zou:
"Et gëtt elo vill Schwieregkeeten, an d'Motivatioun fir Kompromësser ze fannen, zum Beispill wat Agrarproduiten ugeet, ass sécher limitéiert. Besonnesch op franséischer Säit. Dofir ass ee séieren Accord éischter net warscheinlech."
Datum fir Technologie-Conseil kéint verréckelt ginn
An der EU-Kommissioun wier en am gaangen z'analyséieren, "wéi een Impakt déi Annoncen iwwert Aukus op d'Agenda vun de Frähandelsgespréicher hunn", sou de Kommissiounsspriecher Eric Mamer e Méindeg.
Dat nämmlecht gëllt fir déi geplangte Reunioun vum neien transatlantesche Conseil fir Commerce an Technologie (Trade and Technology Council, TTC), op där sech dee nächste Mëttwoch eng héichrangeg EU-Delegatioun mat der amerikanescher Wirtschaftsministerin Gina Raimondo an der Handelsbeoptraagter Katherine Tai zu Pittsburgh iwwert d'Relatiounen mat den USA austausche wollten.
"Mir sinn am gaangen, d'Konsequenzen vun den Annoncen iwwert AUKUS op deen Datum ze ënnersichen", huet den Eric Mamer en Dënschdeg erkläert.