arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Xavier Bettel: "Noutfalls leet Lëtzebuerg säi Veto an"

EU-Sommet

|
reading time

2 min

Xavier Bettel: "Noutfalls leet Lëtzebuerg säi Veto an"

Um EU-Sommet soll décidéiert ginn, datt d'EU bis 2050 klimaneutral ass. Verschidde Staate soen awer, dat géing just mat Hëllef vun der Atomenergie. Si setze sech dofir an, datt Atomkraaftwierker duerch EU-Sue matfinanzéiert ginn. Lëtzebuerg ass do kategoresch dogéint. Wann et muss sinn, géif hie säi Veto aleeën, sot de Premier Xavier Bettel.

reading time

2 min

Um Menü vum EU-Sommet steet haut Donneschdeg de Klimaschutz an do gëtt et Divergenzen. Dat wosst de Rots-President Charles Michel an ass virsiichtshallwer virdrun an eng ganz Partie Länner gefuer, fir d'Reunioun ze preparéieren.

Säi But: D'Staate solle sech verflichten, datt d'EU bis 2050 klimaneutral ass - datt also ënnert dem Stréch bis 2050 keng klimaschiedlech Gaser méi aus der EU an d'Loft geblose ginn.

Den tschechesche Premier Andrej Babis setzt sech dofir an, datt de Bau vun Atomkraaftwierker muss finanziell vun der EU ënnerstëtzt ginn. Anescht kéint dat Klimazil net erreecht ginn.

Lëtzebuerg ass domat net d'accord. "Fir mech kënnt et net a Fro, datt Atomenergie mat europäesche Gelder finanzéiert gëtt", esou de Premier Xavier Bettel de Mëtteg zu Bréissel. Noutfalls géif Lëtzebuerg hei ee Veto aleeën. Et géif ob dësem Sommet drëm goen, fir gemeinsam Ziler an Ambitioune festzeleeën. Atomenergie wier net sécher an et géife Problemer mam Offall ginn. Dofir wiert de lëtzebuegesche Premier sech dogéint, datt Atomenergie an Zukunft mat ëffentleche Gelder soll ënnerstëtzt ginn.

Um leschte Sommet am Oktober war ee sech iwwert d'Klimaziler net eens ginn, an och elo sinn nach ëmmer dräi Länner net mat u Bord. Dat sinn Ungarn, d'Tschechesch Republik a Polen. An de Conclusioune vun dësem Sommet, déi eis virleien, geet Rieds dovun, datt et ee seriöen Challenge ass, d'Klimaneutralitéit ze erreechen - an et ass kloer, datt déi, déi retizent sinn, hei op Ausgläichsmesurë wäerte pochen. Déi Diskussioun wäert dann och bis an déi vum Europäesche Budget areechen. Si steet den Owend um Programm.

EU-Budgetskader: Keng Léisung a Siicht

Am Sträit iwwer den EU-Budgetskader fir d'Joren 2021 bis 2027 rechent de Xavier Bettel op dësem EU-Sommet net mat engem Accord. "Ech gesinn de Moment e Budget, dee mir net passt", sou de Premier de Mëtteg zu Bréissel. De Moment wier et keen zukunftsorientéierte Budget.


play_arrow De Xavier Bettel


Mam Kompromëss-Virschlag vun der finnescher Presidence ass de Lëtzebuerger Premier net zefridden. Helsinki hat proposéiert, datt all Staat 1,07 Prozent vu senger Wirtschaftsleeschtung fir den EU-Budget soll abezuelen.

Wann ee sech op dësem Sommet net eens gëtt, da soll den neie Rots-President Charles Michel d'Mandat fir bilateral Gespréicher kréien, fir duerno zu engem Accord ze kommen, hofft de Xavier Bettel.