EU-Sommet Xavier Bettel: "EU däerf keng Festung ginn"

"Wëlle mer eng Festung bauen?" huet de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel um EU Sommet d'Fuerderung vun Éisträich kommentéiert, datt en Zonk tëscht Bulgarien an der Tierkei misst opgeriicht ginn, fir déi illegal Migratioun ze stoppen. De Lëtzebuerg Premier huet am 100,7 Interview betount: Wa Mauere géint d'Migratioun opgeriicht ginn, wier dat kéng Stärestonn fir d'EU. Lëtzebuerg wéilt sech am Plaz méi derfir asetzen, déi legal Migratiounsweeër z'ënnerstëtzen, sou de Xavier Bettel.

Pierre Reyland / jod

Grenz tëschent Belarus a Polen
D'EU-Baussegrenze solle besser kontrolléiert ginn. (Foto: Grenz Polen-Belarus; STR)

Lauschteren


Nieft der Visitt vum ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj zu Bréissel war d'Migratioun ee vun den Haaptthemen um informellen EU Sommet. D'lescht Woch haten Éisträich a siwen aner EU Länner, dorënner Dänemark a Griicheland, d'EU Kommissioun an engem Bréif opgefuerdert, méi Mëttel zur Verfügung ze stelle fir d'EU Baussegrenzen ze schützen.

Keng Zénk op den EU-Baussegrenzen

Lëtzebuerg gehéiert zu deenen EU Länner, déi kloer géingt d'Opriichte vu Barrière sinn, sou de Premier Xavier Bëttel am 100,7 Interview:

"Wëlle mer eng Festung bauen? Ech hat gemengt den europäesche Projet wier, fir Mauere lass ze ginn a nees mam Osten zesummen ze kommen. Mee bon, Mauere sinn och kéng Léisung, dat gesi mir och. Déi Sue kéinte wierklech fir aner Saachen investéiert ginn."

Déi ëmstridde Propose, fir Zénk un de Baussegrenze mat EU Suen ze finanzéieren, ass elo mol vum Dësch, esou de Premier Xavier Bettel:

"Dat war déi Propositioun, déi vum éisträichesche Kanzler koum. Dat ass elo mol eraus geholl ginn."

Elo steet an de Schlussconclusiounen, datt een op de Grenze Kontrolle muss hunn. Déi wiere wichteg, well et géinge Banden a Krimineller ginn, déi géinge Sue maachen, esou de Premier:

Zwee Pilotprojete gi lancéiert

Zu deem Zweck ginn elo un de Baussegrenzen zwee Pilotprojete lancéiert, déi mat EU Sue finanzéiert ginn. D'Iwwerwaachung vun de Baussegrenze géif do verstäerkt ginn, mat mobillen a stationären Infrastrukturen, dorënner Kameraen, Tierm an elektronesch Iwwerwaachung, esou d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen.

D'Diskussiounen doriwwer wieren net einfach gewiescht, sot de Xavier Bettel. Dat well Lëtzebuerg an aneren insistéiert hätten, datt ee bei der Migratioun eng legal Migratioun bréicht, genau sou wéi een internationaalt Recht. D'Reegel dierft net sinn, datt een aus Europa eng Festung mécht, esou de Xavier Bettel.

Mee vill Alliéierter hätt Lëtzebuerg bei sengen Efforten, Europa net zu enger Festung ze maachen, net méi am EU Conseil. Et wieren der "net vill", seet de Xavier Bettel.

Weider Diskussiounen um EU-Sommet am Mäerz

D'EU Länner sollen och méi Leit zréck an hire Heemechtslänner kënne schécken, wann si d'Krittären net erfëlle fir an der EU ze bleiwen. Dat soll duerch eng besser Zesummenaarbecht tëscht den EU Staaten, an eng gemeinsam Lëscht vu sougenannten "sécheren" Länner erreecht ginn.

An eventuell och duerch eng méi restriktiv Visa-Politik, also Strof fir Drëttstaaten, déi hire Landesleit net zréck huelen. Iwwer dat an aner Mesurë soll weider um nächsten EU Sommet am Mäerz diskutéiert ginn.

Méi zum Thema

Wolodymyr Selenskyj am EU-Parlament
WOLODYMYR SELENSKYJ ZU BREISSEL

De Wolodymyr Zelenskyj huet zu Bréissel virun allem Merci gesot fir déi grouss Ënnerstëtzung fir säi Land vun der EU. Hie gesäit positiv Signaler vu verschiddene Staats- a Regierungscheffe fir weider Waffeliwwerungen.

bréissel.jpg
EU-Sommet

Um EU-Sommet wëllen eng Partie Länner virun allem iwwert eng méi effikass Protektioun vun den EU-Grenzen diskutéieren. Déi geplangte Reform vum europäeschen Asylsystem gëtt weider no hanne verluecht.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen