Radioen

On air

Notturno  |  Jeff Buckley - Last Goodbye

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU späert de Loftraum fir belarusesch Airlinnen

EU-SOMMET

EU späert de Loftraum fir belarusesch Airlinnen

D'EU reagéiert op de gestoppte Fliger vu Ryanair mat neie Sanktioune géint Belarus. Ënner anerem soll den EU-Loftraum fir Airlinnen aus Belarus gespaart ginn. EU-Fluchgesellschafte ginn opgefuerdert, net iwwer Belarus ze fléien.

auto_stories

4 min

D'Reaktiounen an der EU op d'Aktioun vu Belarus ware vun Ufank un hefteg. Op Twitter hat d'Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen schonn e Sonndeg vun engem skandaléisen an illegale Behuele geschwat a Konsequenze gefuerdert.

"Dat wat geschitt ass, ass inakzeptabel, hei ginn international Konventiounen net respektéiert. D'EU muss dorop eng staark Äntwert ginn",

sot en Méindeg den Owend zu Bréissel de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel.

Déi belarusesch Säit hat erkläert, de Fliger vun der Ryanair wier wéinst enger Bomme-Menace vu Säite vun der palestinensescher Hamas um Wee vun Athen op Vilnius gestoppt ginn. Ënner den EU- Staats- a Regierungscheffen huet awer keen dru gezweiwelt, firwat déi Maschinn huet missen zu Minsk, der Haaptstad vu Belarus landen.

"Et ass geschitt, well de Roman Protasewitsch, d'Stëmm vun der Oppositioun u Bord war", sou de litauesche President Gitanas Nauseda. "Dat gouf et nach ni, et ass een Akt vu Staatsterrorismus".

Ier de Sujet vum gestoppte Fliger um EU-Sommet abordéiert gouf, huet jiddereen säin Handy missen ofginn. Dozou opgefuerdert goufen d'Staats- a Regierungscheffe vum Rotspresident Charles Michel, een Zeechen dofir, datt et wichteg war, datt dat wat dobanne gesot gouf, confidentiel bleift.

EU verlaangt international Enquête

Diplomate ware sech kuerz virum Sommet iwwer Propose fir Sanktiounen eens ginn, déi um Enn och zeréckbehale goufen.

Als éischt gëtt gefuerdert, datt de Roman Protasewitsch muss fräigelooss ginn. Verlaangt gëtt och eng international Enquête, déi soll déi genee Ëmstänn ënnersichen.

Desweidere sollen d'Méiglechkeet vu Wirtschafts-Sanktioune gepréift a weider Persounen op d'Lëscht vun de Sanktioune gesat ginn. Do stinn den Ament iwwer 80 Nimm drop, dorënner och de President Lukaschenko selwer.

Schliisslech gëtt de Loftraum an der EU fir belarusesch Airline gespaart, si dierfen deemno net méi an der EU starten oder landen.

Un d'Fluchgesellschaften aus der EU ass et d'Opfuerderung, Vollen iwwer Belarus ze evitéieren.

D'Luxair wier vun esou enger Mesure net betraff, well keng Vollen duerch dee Loftraum féieren. Dat krute mer gëschter Owend op Nofro confirméiert. Dat nämmlecht gëllt awer net onbedéngt fir d'Cargolux.

D'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet kloer gestallt, datt d'EU sou laang Drock op Belarus géif maachen, bis d'Mediefräiheet garantéiert wier.

"Et gëtt ee Pak vun 3 Milliarden Euro, prett fir a Belarus investéiert ze ginn, déi EU-Fonge sinn awer op Äis geluecht, bis Belarus demokratesch ass."

EU schafft un eenheetlecher Positioun zu Russland

Um Ordre du jour vun der Reunioun vun de Staats- a Regierungscheffe stoung gëschter Owend och eng Diskussioun, déi enk un déi iwwer Belarus liéiert ass: den Ëmgank vun der Europäescher Unioun mat Russland.

Hei ass d'EU traditionell gedeelt, de Gruef verleeft dacks tëscht Westen an Osten.

Vum lettesche Premier Arturs Krišjānis Kariņš war et d'Warnung, datt Russland am gaangen ass d'EU ze ënnerwanderen.

"Russland ënnerwandert eis Demokratie, wëll eis auserneen dividéieren, mir musse verstoen, datt dat eng Gefor an eng Erausfuerderung fir d'EU ass."

D'EU muss dorop eng kloer Äntwert fannen, sou seng Fuerderung, déi sech mat där vu villen osteuropäesche Staats- a Regierungscheffen deckt.

Bettel stellt Effikassitéit vu Sanktioune géint Russland a Fro

Déi Länner hätten eng aner Virgeschicht mat Russland, dorun huet iwwerdeems de Premier Xavier Bettel erënnert. De Lëtzebuerger Premier gehéiert zu deenen, déi sech méi zeréckhalen, wann et em eng staark Reaktioun vun der EU geet.

"Mir schwätzen ëmmer vu Sanktiounen, Sanktiounen, Sanktiounen, Mir mussen awer iergendeng Kéier kucken, wéi mer aus där Spiral vu Sanktiounen erauskommen. Well mir gesinn, datt et sech net verbessert an dat ass awer dat wat mer brauchen. Do geet et net em Osten oder Westen oder Süden oder Norden, do geet et drëm wat ass effikass, wat soll fonctionéieren."

Drock op de russesche Regime ze maache steet do fir de Xavier Bettel net op där éischter Plaz. Et wier wichteg "Plattformen ze schafen" an ze kucken, "wéi mer mat de Russen eng méi normal Relatioun kënne kréien".

D'EU deet sech weider schwéier doran, eng kloer, eng eenheetlech Haltung par Rapport zu Russland anzehuelen.

Vum Sommet aus, ass et elo den Opruff un den EU-Chefdiplomat Josep Borrell an un d'Europäesch Kommissioun ee Rapport iwwer d'Relatiounen tëscht der EU a Russland ze maache - en Vue vum nächste Sommet, de 24. a 25. Juni.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.