Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Spëtzekandidat - e komplizéiert Konzept

Europawahlen

EU-Spëtzekandidat - e komplizéiert Konzept

D'Iddi vun de Spëtzekandidate bei den Europawahlen soll fir méi Demokratie an der EU suergen. Si passt awer villen nationale Regierungscheffen net, well si weider bestëmme wëllen, wie Kommissiounspresident gëtt. D'Europaparlament huet awer annoncéiert, just nach ee Kommissiounspresident z'akzeptéieren, dee virdru Spëtzekandidat war. D'Europäesch Kommissioun huet sech elo och fir d'Konzept vum Spëtzekandidat ausgeschwat, léisst awer Hannerdieren op. De Wieler riskéiert, den Iwwerbléck ze verléieren.

auto_stories

5 min

D'Iddi vum Spëtzekandidat war vun Ufank un eng, déi éischter komplizéiert ass.

Bei de leschten Europawahlen 2014 koum se fir d'éischt zum Asaz. D'Parteien hunn de Wieler duerch hire Spëtzekandidate matgedeelt, wie si als Kommissiounspresident proposéieren, am Fall wou si déi meeschte Stëmme kréien.

2014 hate sech de Jean-Claude Juncker fir d'Europäesch Vollekspartei, de Martin Schulz fir d'Sozialisten, de Guy Verhofstad fir déi Liberal, d'Ska Keller fir déi Gréng an den Alexis Tsipras fir d'Gauche Unie als Tête de liste opgesat.

Eigentlech keng richteg Spëtzekandidaten

Komplizéiert ass d'Iddi virun allem, well et sech hei net ëm richteg Spëtzekandidate am eigentleche Sënn vum Wuert handelt.

Op de Wahllëschten vun de Wieler sinn déi Kandidaten nämlech net onbedéngt opgedaucht. Si konnte sech just an hire respektive Länner opstellen an och do gewielt ginn.

De Fall vum Jean-Claude Juncker huet gewisen, datt een als Spëtzekandidat souguer guer net muss gewielt ginn. De fréiere Lëtzebuerger Premier sot vun Ufank un, hie wielt net Europadeputéierten, mä just Kommissiounspresident ginn, an hat sech dowéinst guer net fir d'Wahlen opgesat.

Also gouf ee Spëtzekandiat Kommissiounspresident, deen ni gewielt gouf. Och dat gëtt dee System hier. E soll awer, sou schreift et d'Kommissioun dës Woch an hirem Positiounspabeier, d'Bierger an d'EU méi no bréngen.

Kommissioun hält un der Iddi fest - awer net ganz

Dat hätt och bis zu engem gewësse Mooss geklappt, sot gëschter de Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker. Dowéinst wëllt een dru festhalen.

"Et mécht Sënn, datt de Wieler weess, wie Kommissiounspresident géif ginn, am Fall wou si d'Partei vun engem bestëmmte Spëtzekandidat zur stäerkster Kraaft am Parlament maachen", sou de Jean-Claude Juncker.

Souwäit deen ee Message, deen also heescht: De Spëtzekandidat vun där Partei, déi déi meeschte Stëmme krit, gëtt och Kommissiounspresident.

Sou ganz sécher schéngt sech d'Kommissioun awer net ze sinn.

Well, sou de Jean-Claude Juncker, do besteet keen Automatismus. De Kommissiounspresident bräicht souwuel eng Majoritéit ënnert de Staats- a Regierungscheffen am Europäesche Conseil, wéi och am Europaparlament.

Engersäits soll de Wieler e klore Message kréien, anerersäits bleift de Ball also awer bei de Regierungscheffen. Wat heescht dat dann elo an der Praxis? Kann eng Persoun Kommissiounspresident ginn, déi virdrun net als Spëtzekandidat vun enger Partei nominéiert gouf?

Hie géif dat net fir intelligent halen, sot de Jean-Claude Juncker. An hien huet nach emol drop higewisen, datt ee Kommissiounspresident nun emol Majoritéiten am Conseil an am Parlament braucht.

Europaparlament spillt mat de Muskelen

Déi ambigue an net ganz couragéiert Positioun vun der Kommissioun dierft en Zougeständnes un déi EU-Staats- a Regierungscheffe sinn, déi net waarm si fir d'Iddi vum Spëtzekandidat, an d'Heft net wëllen aus der Hand ginn.

Dem Traité no si si et, déi de Kommissiounspresident nominéieren, d'Europaparlament muss dono säin Accord ginn.

Zu Stroossbuerg gouf d'lescht Woch mat de Muskele gespillt. "Mir akzeptéiere kee Kommissiounspresident, deen net virdrun och Spëtzekandidat war", sot de Chef vun der Fraktioun vun der Europäescher Vollekspartei am Europaparlament, de Manfred Weber.

Déi nämmlecht Partei, d'EVP, fir déi de Jean-Claude Juncker als Spëtzekandidat ugetruede war, hat d'lescht Woch dofir gesuergt, datt sech d'Parlament géint d'Iddi vun europawäite Wahllëschten ausgeschwat huet.

Esou Leschten wieren eng logesch Suite vum Spëtzekandidat, haten d'Sozialiste gesot. Well op esou enger europäescher Lëscht kéinte jo dann dës Spëtzekandidaten opgestallt a vun allen EU-Bierger gewielt ginn.

Nee sot dozou awer eng Majoritéit vun der EVP. Europawäit Lëschte géifen den Ecart tëscht dem Wieler an den EU-Politiker nach méi grouss maachen.

De Spëtzekandidat vun deemools, de Jean-Claude Juncker hat sech kloer fir europawäit Lëschten ausgeschwat. Hie bedauert d'Positioun vu senger Partei, et wier awer der EVP hir Affär.

An hirem Positiounspabeier ruddert och d'Kommissioun zeréck. D'Iddi vun trans-nationale Leschte wier gutt, mä d'Zäit nach net prett, sou de Message.

Macron seet Neen zu Spëtzekandidaten

Ënnert de Staats- a Regierungscheffe gëtt et och heizou ënnerschiddlech Meenungen. De Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel huet op Twitter matgedeelt, datt d'Iddi vum Spëtzekandidat wuel ouni trans-national Lëschten kee Sënn mécht.

Ausgerechent de franséische President Emmanuel Macron, deen als groussen europäesche Staatschef gehandelt gëtt, ass do anerer Meenung. Hien ass fir europawäit Lëschten, awer géint d'Iddi vum Spëtzekandidat. Dat läit och drun, datt seng Partei kenger europäescher Parteifamill ugehéiert an dowéinst beim Spëtzekandidat net matmësche kann.
Op hirem Sommet d'nächst Woch wäerten d'Staats- a Regierungscheffe Geleeënheet hunn, sech d'Käpp doriwwer ze zerbriechen, wéi si dem Wieler ee méi klore Message kënne mat op de Wee ginn.