Den Accord tëscht der EU a Russland fir Visa-Facilitéite gëtt op Äis geluecht. E gouf schonn am Februar wéinst der russescher Invasioun an d'Ukrain deelweis fir gewësse Kategorie vu Leit suspendéiert. Elo gëtt e ganz ausser Kraaft gesat.
Ouni deen Accord gëtt déi vereinfacht Prozedur ofgeschaaft, et wäert deemno méi laang daueren a méi deier ginn, ee Visa unzefroen.
Kee kompletten Arees-Stopp
Ee kompletten Arees-Stopp, wéi e verschidden EU-Länner gefuerdert hunn, gouf net zeréckbehalen. De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn huet dat begréisst.
Duerch déi Mesure géif d'Zuel vun de neie Visaen, déi EU-Länner u Russ:inne verdeelen, signifikant méi kleng ginn, ass den EU-Chefdiplomat Josep Borrell iwwerzeegt.
D'Länner dierfen national Mesuren huelen, déi méi wäit ginn. Si mussen am Aklang mam Schengen-Grenz-Code sinn.
Lëtzebuerg: virun allem Visaen aus familiäre Grënn
Wéi geet Lëtzebuerg an Zukunft vir? Et gi weider Visaen ausgestallt, fir Familljen zesummenzebréngen, sou de Jean Asselborn an erënnert un déi ronn 2.000 Leit mat russeschem Pass, déi zu Lëtzebuerg liewen.
"Lëtzebuerg wäert weider aus familiäre Grënn Visaen ausstellen, genee ewéi fir vulnerabel Leit oder fir Journalisten, Mënscherechtler. Do wäert et kee Problem gi fir ee Visa ze kréien. Awer mir kucken, datt net onbedéngt Leit ee Visa kréien, déi op hirem Auto ee groussen Z hunn an duerch Europa fueren."
D'EU-Kommissioun soll iwwerpréiwen, wéi mat laangfristege Visaen, déi schonn ausgestallt goufen, soll ëmgaange ginn. Där sollen et ronn eng Millioun den Ament ginn, sou de Jean Asselborn.
2022: Eng Millioun Russ:innen an d'EU agereest
Wat d'Zuel vun de Visaen am Schenge-Raum ugeet, war Russland an de leschte Joren ëmmer dat éischt Land op der Lëscht.
2019 goufen iwwer véier Milliounen accordéiert. Wärend der Pandemie ass déi Zuel erofgaangen, zejoert waren et der eppes iwwer 500.000.
Der Agence Frontex no sinn dëst Joer bis elo bal eng Millioun Russ:innen iwwert de Landwee an d'EU agereest. Déi meescht dovun a Finnland an an Estland.
D'Ausseministeren aus deene Länner hätte sech besuergt gewisen och iwwer d'Sécherheetssituatioun bei hinnen doheem.
Russesch Touriste géifen an den Hotellen oder Restaurante beispillsweis vun ukrainesche Refugiéen zerwéiert, dat géif zu Spannunge féieren.