EU-SOMMET EU trainéiert "Weltpolitikfähegkeet"

D'Staats- a Regierungscheffen aus de 27 EU-Länner hu gréng Luucht gi fir Sanktioune géint Unhänger vum President Lukaschenko. Weider Mesuren géint Tierkei goufe keng decidéiert. De Sträit-Sujet Rechtstaat gouf iwwerdeems evitéiert.

Danièle Weber (Bréissel) / cz

From left to right Ms Ursula VON DER LEYEN President of the European Commission Mr Charles MICHEL President of the European Council
Foto: European Union

D'EU sollt domat ufänken, dat, wat hien "Weltpolitikfähegkeet" nennt, ze developpéieren, hat sech am September 2018 den demolegen EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker gewënscht.

Duerch ee Spezial-Sommet, op deem sech déi 27 EU-Staats- a Regierungscheffen op eng Partie aussepolitesch Dossieren konzentréiert, wollt de Charles Michel deem Zil e bësse méi no kommen. D'Realitéit allerdéngs huet déi, déi vu méi europäescher Souveränitéit dreemen, op de Buedem zeréckbruecht.

Solidaritéit mat Zypern, mee keng Sanktiounen


De Bäitrag vum Danièle Weber lauschteren


Obschonn schonn zanter Méint iwwer eventuell Sanktiounen géint Unhänger vum belarusesche President Aleksander Lukaschenko diskutéiert gouf, huet dee Punkt um éischten Dag vum EU-Sommet weider fir laang Diskussioune gesuergt.

Zipern hat blockéiert, a gefuerdert, d'EU misst och géint Tierkei virgoen, well d'Land illegal am Mëttelmier no Gas buert.

"Zypern ass net aleng an ech hoffen, datt dee Message och haut ukënnt", hat vrum Sommet de Premier Xavier Bettel gesot.

Wéivill vun deem Message ukomm ass, ass schwéier soen. Fakt ass, datt Zypern um Enn noginn huet an de Wee fräi gemaach huet fir Sanktiounen, géint eng 40 Persounen a Belarus, déi den President Alexander Lukaschenko ënenrstzëtzen. De President selwer ass net op där Lescht.

Sanktioune géint d'Tierkei goufen net festgehalen. Amplaz dovun setzt d'EU an éischter Linn op ee "konstruktiven", ee positiven Dialog.

Däitschland pocht op positiven Dialog mat der Tierkei

Virun allem Däitschland hat sech dofir agesat. Déi däitsch Kanzlerin Angela Merkel huet um Donneschdeg Owend betount, wéi strategesch wichteg d'Tierkei wier. Och am Hibléck op d'Zesummenaarbecht an der Flüchtlingsfro.

Zypern krut um Enn déi schrëftlech Garantie, datt d'EU sech weider Aktiounen virgebält. "Sollt Ankara nees géint internationalt Recht verstoussen, wäert d'EU all d'Instrumenter notzen, déi disponibel sinn", sou och d'Annonce vun der Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen.

Um EU-Sommet am Dezember soll de Point gemaach ginn.

Et wier richteg, datt d'EU zu dësem Moment keng weider Sanktiounen géint d'Tierkei decidéiert huet, sot um Enn de Premier Xavier Bettel. Et géife positiv Zeechen an duerch Sanktiounen géif ee riskéieren, dee ganze Mechanismus op d'Kopp ze geheien.

Etat de droit: Hoffen op d'Europaparlament


Den zweete Bäitrag vum Danièle Weber lauschteren


Den Elefant am Raum, nämlech d'Diskussioun ronderem ee Mechanismus mat Konditiounen, un déi Suen aus dem EU-Budget kéinte geknäppt ginn, stoung iwwerdeems net um Ordre du jour vum Sommet.

Ungarn huet domatt gedreet d'Ausbezuele vum EU-Anti-Krise-Fonds ze blockéieren, wann et zu esou Konditioune kënnt.

Dat kéint een awer net esou stoe loossen, sou de Xavier Bettel.

"Wann den Etat de droit egal gëtt, well Ungarn menacéiert, ze blockéieren, dann hu mer ee Problem".

Däitschland, wat den Ament d'EU-Présidence huet, hat e Mëttwoch Detailer fir esou ee Mechanimus presentéiert. Eng Majoritéit vun de Memberlänner hat sech dofir ausgeschwat, op där Basis mam Europaparlament Verhandlungen unzefänken. Lëtzebuerg hat zesummen mat aacht anere Länner dergéint gestëmmt. Zu deene Länner gehéieren och Polen an Ungarn, déi sech prinzipiell géint dee Mechanismus stäipen.

"Déi Propose, déi um Dësch läit geet eis awer net wäit genuch", confirméiert iwwerdeems de Xavier Bettel. Et géif elo just op d'Korruptioun insistéiert, déi aner Voleten vun der Rechtstaatlechkeet kéime net vir. "Déi kann een awer net iwwer Bord geheien, just fir eng Majoritéit ze kréien", sou de Xavier Bettel.

Lëtzebuerg géing hoffen, datt an de Verhandlunge mam Parlament nogebessert gëtt. An deem Prozess sollten awer och d'Memberlänner hir Roll spillen. Um Sommetstoung de Sujet net um Ordre du jour. De Xavier Bettel huet dofir plädéiert, nach eng Kéier een "débat de fonds" doriwwer ze lancéieren.

Ausbezuele vum Fonds de Relance blockéiert

Iwwerdeems wiisst den Drock op d'Europaparlament, wat genee ewéi Letzebuerg méi ee strenge Mechanismus fuerdert. Sou laang et net zu engem Accord kënnt, kënnen d'Suen aus dem Fonds de Relance, fir de Länner aus der Kris ze hëllefen, net ausbezuelt ginn.

Ob d'Fro, ob d'EU dem Zil sech en vue vun der Weltpolitikfähegkeet virun ze entwéckelen, méi no komm ass, sot de Xavier Bettel:

"Mir kënne net Riichter vun der Welt spillen, mee mir sollten och net als frustréierten oder komplexéierten kléngen Acteur optrieden. Dofir musse mir mat enger Stëmm schwätzen. Dat hu mir elo gemaach, par rapport zur Tierkei a Belarus."


Aschätzunge vum Danièle Weber vum Sommet zu Bréissel


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Méi zum Thema

Didier Reynders, European Commissioner for Justice
ETAT DE DROIT

De Rapport vun der EU-Kommissioun iwwer den Etat de Droit an de 27 EU-Länner sollt d'Debatt doriwwer eigentlech entschäerfen. De Contraire ass awer de Fall. Och de Mechanismus, deen EU-Subsien u Konditioune knäppe soll, suergt fir Sträit.

Věra Jourová
Etat de droit

Pole verstéisst wéinst verschiddene Gesetzer an dem Ausruffe vun LGBTI-fräien Zone géint fundamental EU-Rechter. Du där Conclusioun kënnt e Rapport vum EU-Parlament. Méi konkret Mesurë gi verlaangt.

De Paweł Matusz bei der Manifestation läschte Freideg zu Warscha
LGBTI-Rechter

D'lescht Woch goufen zu Warschau bei Protester géint Homophobie 48 Leit festgeholl. A Pole geife riets-populistesch Politiker verstäerkt géint LGBTI Leit virgoen, seet den Aktivist Paweł Matusz.

Mënscherechter
Corona-Kris

Staatlech Hëllefe fir d'Entreprisë missten un en Engagement gebonne ginn, d'Liwwerketten op de Respekt vu Mënscherechter ze préiwen. Dat fuerderen Organisatioune fir den Devoir de vigilance an den Entreprisen.

Enrica Pianaro
LGBT-Rechter

Fir d'Rechter vun Homosexuellen, Lesben, Transgender an Intersex-Leit zu Lëtzebuerg wier an de leschte Jore vill gemaach ginn, seet Enrica Pianaro. Iwwer Homo- an Transphobie géifen Donnéeë feelen.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen