Radioen

On air

Espresso Beats  |  Halo Maud - My Desire Is Pure

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Traitéen: Reform ass ee laange Wee

ZUKUNFT VUN EUROPA

EU-Traitéen: Reform ass ee laange Wee

Op der sougenannter Konferenz iwwer d'Zukunft vun Europa hunn EU-Bierger:innen ee Katalog mat méi ewéi 300 konkrete Mesuren ausgeschafft, fir d'EU ze reforméieren. Fir se ëmzesetzen, missten d'EU-Traitéen deels geännert ginn. Doriwwer sinn awer eng Partie Memberlänner net begeeschtert.

auto_stories

3 min

Ëmmer nees stéisst d'EU un hir Grenzen, Grenzen, déi esou an den EU-Traitéë festgeschriwwe sinn.

Et ass un der Zäit, déi Kontrakter op de Leescht ze huelen a se ze reforméieren, huet d'Europaparlament e puer Mol gefuerdert. Fir d'Lescht war dat am Juni dëst Joer.

Kommissiounscheffin schwätzt sech fir Europäesche Konvent aus

D'Freed war dowéinst grouss, wéi d'Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen an hirer Ried zur Lag vun der Unioun déi lescht Woch dat heite sot:

"Ech denken, et ass un der Zäit, een Europäesche Kovent anzeberuffen, fir Traitéen ze reforméieren, op deenen d'Europäesch Unioun baséiert."

An deem europäesche Konvent sëtze Vertrieder aus de nationale Parlamenter, dem Europaparlament, der Europäescher Kommissioun an de nationale Regierungen. Et ass eng Etapp am laange Prozess, deen als Zil huet d'EU-Verträg ze reforméieren.

Datt elo d'Kommissiounspresidentin dofir ass, gouf am Parlament begréisst. "Ech si ganz frou, datt si gesot huet, mir bräichten ee Konvent. Si hätt kënne méi an den Detail goen, mee et war positiv, datt si dat gesot huet", seet den LSAP-Europadeputéierte Marc Angel.

D'Freed bei de Memberlänner hält sech allerdéngs a Grenzen.

D'Hallschent vun de Memberlänner steet op der Brems

13 vun de 27 Memberlänner, dorënner déi baltesch Staaten, verschidden osteuropäesch Länner genee ewéi Schweden, Finnland an Dänemark hate scho virum Summer an engem oppene Bréif virdru gewarnt, sech elo an institutionell Reformen ze stierzen.

Zil vun der Konferenz iwwer d'Zukunft vun Europa wieren net explizitt Traitésännerunge gewiescht. Wat zielt wier et, d'Iddien an d'Suerge vun de Bierger:innen opzegräifen.

Dat géif scho gemaach ginn, huet d'Kommissiounscheffin déi lescht Woch betount. Konkret wieren 12 Recommandatiounen an den Aarbechtsprogramm vun der Kommissioun opgeholl ginn.

Dorënner d'Reduktioun vun Offäll vu Liewensmëttel, en europäeschen Handicapéierten-Ausweis, ee Plang fir mental Gesondheet oder awer eng legislativ Propos fir den digitalen Euro.

Ministere stëmmen am November of

Wat dee méi grousse Chantier vu méiglechen Traitésännerungen ugeet, läit de Ball am Camp vun de Minister:innen, déi fir d'EU zoustänneg sinn.

Si musse Bréifdréier spillen, sot virgëscht den tschechesche Minister fir Europa, de Mikuláš Bek am Numm vun der EU-Presidence

"D'Verträg gesi vir, datt mir d'Demande vum Parlament un d'Staats- a Regierungscheff:inne viruginn. Mir wäerten am Oktober eng politesch Diskussioun doriwwer ofhalen an dono stëmme mer formell driwwer of."

Unanimitéit ofschafen: och hei gëtt et keen Accord

Een éischten Echange hätt gewisen, datt och déi, déi fir een Europäesche Konvent sinn, dat net elo direkt - also net méi dëst Joer oder um Ufank vum nächste maache wéilten.

Datt een net presséiert ass, weist och den Debat iwwert d'Ofschafe vun der Unanimitéit a verschiddene Beräicher.

Och dat war eng Fuerderung vun der Konferenz fir d'Zukunft vun Europa. Och deen Echange huet des Woch gewisen, datt d'Länner zimmlech ënnerschiddlecher Meenung sinn.

D'Ironie vum Schicksal: Fir et ze maachen, misste si dat eestëmmeg decidéieren.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.