Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Adrian Crowley - Bread And Wine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU wëll Ressource besser schounen

Kreeslafwirtschaft

EU wëll Ressource besser schounen

D'Europäesch Kommissioun huet wëlles Krittären opzestellen, fir datt sou gutt wéi all Produiten, déi an der EU verkaf ginn, nohalteg sinn an och kënne reparéiert ginn. De Konsument soll besser informéiert ginn a méi Rechter kréien.

auto_stories

3 min

Een Handy, deen ee muss ewech geheien, just well d'Batterie net méi gutt ass oder een T-Shirt, deen no e puer Mol wäschen zu den ale Lompe gehéiert: domat soll an Zukunft Schluss sinn. Där Meenung ass d'Europäesch Kommissioun. Si proposéiert nei Reegelen, déi dofir suergen, datt Produiten an der Europäescher Unioun méi nohalteg an och méi liicht kënne reparéiert ginn.

Et geet drëm Mindest-Standarden ze definéiere fir eng breet Palette vu Produkter. Net dovu betraff wieren am Endeffekt just Liewens- a Fuddermëttelen oder medezinesch Produiten. All déi aner missten déi nei Norme vun der erweiderter Ecodesign-Direktiv erfëllen, déi no an no fir déi verschidde Beräicher agefouert solle ginn. Ugefaange mat de Kleeder.

"Bis 2030 sollten all Kleeder laang halen, aus recycléierbare Faseren an ouni geféierlech Substanze gemaach sinn", resüméiert de Vizepresident vun der EU-Kommissioun, de Frans Timmermans.

Timmermans: Produite musse méi laang halen

D'Saachen, déi mer all Dag benotzen, missten och nach an zweeter an drëtter Hand ze gebrauche sinn, sou den Hollänner an hält an der Pressekonferenz vun der Kommissioun säin Handy an d'Luucht.

"Bei dësem Telefon kann ech emol net d'Batterie auswiesselen, ouni datt e komplett ausernee gebaut muss ginn. Et misst een se dach kënnen erauszehuelen an eng aner dra setzen, firwat net?"

Bis elo gëllt d'Eco-Design-Direktive fir elektresch Apparater, déi ënner anerem jee no Energie-Verbrauch a verschidde Kategorien agedeelt ginn. Duerch déi Direktiv hunn d'Konsumenten an der EU eleng d'lescht Joer Energie am Wäert vun 120 Milliarden Euro gespuert, rechent den EU-Kommissär fir, dee responsabel fir de Green Deal ass.

D'Kommissioun hat sech zum Zil gesat, datt bis 2030 nohalteg Produkter d'Norm an net d'Exceptioun ginn.

Den Dimitri Vergne vum Europäesche Konsumenteschutz-Büro begréisst d'Propose. D'Konsumenteschutz-Organisatiounen hu laang dorop gewaart. D'Erwaardung vum Konsumenteschutz ass:

"Ce texte va permettre d'obliger les entreprises à faire des objets plus durables, dans le temps. Mais aussi lorsqu'ils ont un problème, une panne, il sera plus facile pour le consommateur de trouver une pièce détachée qui permette de règler le problème sans avoir à changer l'entièreté de l'objet."

Déi nei Reegele solle bis 2024 a Kraaft sinn. Dat ass ambitionéiert, et mussen nach vill Detailer gekläert ginn. Fir dat se a Kraaft triede mussen d'Memberlänner an och d'Europaparlament hiren Accord ginn.

Méi Transparenz duerch digitale Pass fir Produkter

Proposéiert gëtt och een digitale Pass fir Produkter, dee soll Informatioune fir de Verbraucher liwweren, ënner anerem iwwer wichteg chemesch Substanzen, déi dra sinn. Eng gutt Iddi, seet den Dimitri Vergne vum Europäesche Konsumenteschutz. En dierf awer net als Ersatz fir dat gëllen, wat op engem Pak oder op der Etikette steet.

De Pass soll fir Transparenz suergen, Donnéeë ginn ausgewäert och en vue vun nächsten Etappen, erkläert den Ëmwelt-Kommissär Virginijus Sinkevicius. Zum Beispill där, ze verbidden, datt Produiten, déi net verkaf goufen, dierfen zerstéiert ginn.

Esou ee Verbuet fuerdert d'Europaparlament. D'Propose vun der Kommissioun gouf do begréisst. Déi nächst Woch gëtt am Parlament do iwwert een Text zum nämmlechten Theema ofgestëmmt.