Radioen

On air

One World  |  One World

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Asyl-Accord: Lëtzebuerg dofir, awer net zefridden

EU-ASYL- A MIGRATIOUNSPAK

EU-Asyl-Accord: Lëtzebuerg dofir, awer net zefridden

Duerchbroch am jorelaange Sträit iwwert d'EU-Asylpolitik: D'Majoritéit vun den EU-Länner gouf sech eens iwwert eng Reform vun de Reegelen. Lëtzebuerg dréit de Kompromëss mat, ass awer net mat allem d'accord.

auto_stories

3 min

Foto: European Council

Lauschterenplay_arrow


Um Enn hu just zwee Länner, nämlech Ungarn a Polen Nee gesot, véier hu sech enthalen - de Rescht dat heescht 21 Länner dorënner Lëtzebuerg hunn dofir gestëmmt.

Den Text kënnt deene Länner entgéint, déi sech fir eng méi restriktiv Asylpolitik asetzen.

Länner wéi Italien, an deene besonnesch vill Refugiéen ukommen, kënnen awer an Zukunft vun enger obligatorescher Solidaritéit profitéieren. Dat heescht, datt si entweder Refugiéen an aner EU-Membere kënne schécken oder eng finanziell Entschiedegung kréien.

Asylprozeduren op de Baussegrenzen: Keng Ausnam fir Famillje mat Kanner

Ee Kärpunkt vun de neie Reegelen ass d'Aféiere vu méi rapiden Asylprozeduren direkt op de Baussegrenzen. Dat gëllt fir Migranten, déi aus Länner kommen, bei deenen et üblecherweis net vill Chancë gëtt, datt hir Demande fir Asyl ze kréien, Succès huet. Si géifen op der Grenz an enger streng kontrolléierter Struktur agespaart, bis hir Prozedur ofgeschloss ass

Däitschland, Lëtzebuerg, Portugal an Irland hu sech dofir agesat, datt Famillje mat Kanner net kënnen an déi Grenz-Zentren agespaart ginn. Dofir gouf et keng Majoritéit, ma just eng Protokollnotiz, déi präziséiert, déi genannte Länner géife sech weider fir déi Exceptioun asetzen, wéi déi däitsch Inneministerin Nancy Faeser um Schluss erkläert huet.

Asselborn: Accord besser ewéi aktuell Situatioun

Lëtzebuerg hätt sech een aneren Accord gewënscht, sot den Ausseminister. Lëtzebuerg huet awer fir de Kompromëss gestëmmt. E wier besser wéi de Status quo, sou de Jean Asselborn.

"Et ass wichteg, datt mer eng global europäesch Migratiounspolitik hunn. Wat elo ass, dat ass Chaos, all Land mécht wat et wëllt. D'Länner am Süde wénken d'Leit duerch, déi am Osten huele keng op. Wat d'Solidaritéit oder d'Responsabilitéit betrëfft, ass et een totalen Duercherneen."

Konditioune fir de Refoulement gi geännert

Italien hat sech laang géint den Accord gestäipt a krut um Enn och Ännerungen am Text duerchgesat. Et geet ëm d'Konditiounen, ënnert deene Migranten, deenen hir Demandë refuséiert goufen, zeréckgeschéckt dierfe ginn.

Déi Konditioune solle gelabbert ginn, an deem Sënn, datt Critèren, wéi ee Land als pays d'origine an och als sécher gëllt, individuell vun de Memberlänner kënnen definéiert ginn. Deemno kéint ee Refugié och an ee Land geschéckt ginn, wou e just eng Zäit gewunnt huet. Eppes woumat Däitschland eigentlech och net d'accord war.

All déi Detailer stinn nach zur Diskussioun - notamment an de Verhandlunge mam Europaparlament - déi elo ufänke kënnen. Eréischt wann sech béid Säiten eens sinn, kann dee Pak ëmgesat ginn. Et gëtt gehofft, datt nach vrun den Europa-Walen 2024 de Fall ass.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.