Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng konkret Verspriechen fir nei EU-Memberen

EU-ERWEIDERUNG

Keng konkret Verspriechen fir nei EU-Memberen

Déi "Europäesch Politescher Communautéit", zu där ronn 50 europäesch Länner gehéieren ass bis elo virun allem eng "Anti-Russland-Formatioun". Länner, déi wëllen Member vun der Europäescher Unioun ginn, gesinn déi Communautéit deels kritesch, mee setzen och Hoffnungen doran.

auto_stories

4 min

Foto: European Union

Et war eréischt deen zweete Sommet vun der "Europäescher Politescher Communautéit", zu där nieft de 27 EU-Länner och nach eng 20 aner europäesch Länner gehéieren. Op der Reunioun zu Chisnau a Moldawien goung et an éischter Linn dorëms, ee klore Message géint de russesche Krich an der Ukrain op Moskau ze schécken.

De Krich schéngt de Besoin vun de politesche Leaderen an esou engem méi labbere Format mateneen ze schwätzen, méi grouss gemaach ze hunn. Zum Beispill och doriwwer, wien eventuell prett ass, Member vun der Europäescher Unioun ze ginn.

Moldawien hofft op positiven Effekt vum Sommet

Fir déi Gespréicher gëtt et ee vun der EU kloer strukturéierte Prozess, deen am Fong näischt mat där Europäescher politescher Communautéit ze dinn huet. Dowéinst haten och verschidden EU-Kandidate vum Westbalkan am Virfeld gefaart déi nei Communautéit, déi op eng Initiative vum franséische President zeréckgeet, sollt als Ersatz duerhalen a verhënneren, datt si um Enn Member vun der EU ginn.

Anerer awer wéi Moldawien, als dat Land, wat op deen heite Sommet invitéiert hat, setze grouss Hoffnungen op den Echange an deem neie Format. Eng Chance fir de Message direkt eriwwer ze bréngen

"Gleeft w.e.g un eis Demokratien an un eis Zukunft an der EU", sou gëscht déi moldawesch Presidentin Maia Sandu.

Westbalkanlänner am Wartesall?

Verschidde Länner awer fäerten, datt wéinst dem Krich an der Ukrain Kandidatelänner, déi scho laang un der Dier vun der EU ugeklappt hunn, de Kierzeren zéien.

"Wenn man mit der Ukraine, mit Moldau den Kandiatenstatus vereinbart, dann ist es gleichzeitig wichtig zu sagen, dass der Westbalkan in die gleiche Lage versetzt wird", Sou den éisträichesche Kanzler Karl Nehammer.

Nordmazedonien ass schonn zanter Dezember 2005 EU-Kandidat. Och no bal 20 Joer Verhandlungen huet een do d'Hoffnung net op ginn.

Am Contraire: "Dat ass eist Zil, do schaffe mir drop hin", sou den Dimitar Kovachevski. Konkret setzt de Premier vu Nord-Mazedonien genee ewéi déi moldawesch Presidentin drop, datt säi Land bis 2030 vollen EU Member ass.

Déi Europäesch Politescher Communautéit gesäit hien net als Salle d'attente un. "Absolut net, et ass keen Ersatz fir iergendeppes. Mir hätten esou Sommete schonn éischter sollen hunn."

Xavier Bettel: Reegele mussen a gehale ginn

De Krich huet an den Erweiderungs Prozess een neien Elan bruecht. Allerdéngs ass net kloer, ob d'EU-Perspektive wierklech méi no kënnt. De Premier Xavier Bettel bremst hei den Äifer ganz kloer.

"D'Reegele sinn do, mir kënnen déi net iwwer Bord geheien, well wa mir eng Kéier ee Précédent geschaafen hunn, zielt deen och fir all déi aner."

Aner EU-Staats- a Regierungscheffen hunn um Sommet a Moldawien änlech reagéiert. Och den Appell vum ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj, d'Hoffnunge vun de Leit an der Ukrain oder a Moldawien net ze enttäuschen, huet do näischt dru geännert.

Déi politesch europäesch Communautéit gëtt et zanter engem Joer. Konkret Decisioune ginn op de Reuniounen zwee Mol am Joer keng geholl, et geet em den Echange ouni fest Agenda, an dat schéngt vu villen appreciéiert ze ginn.

Europäesch Politesch Communautéit - och ouni Krich ee wichtegt Format?

D'Fro stellt sech, ob déi Communautéit ouni de russesche Krich sech iwwerhaapt weider etabléiere kéint oder ob ee sech net an éischter Linne par Rapport zu engem gemeinsame Géigespiller definéiert.

"De Krich war een Element déclencheur, mee et war néideg, datt mer esou ee Format kruten", seet dozou de Xavier Bettel.

Och den Ex-Member Groussbritannien ass ganz interesséiert mat dobäi ze sinn, déi iwwernächst Reunioun nächst Fréijoer ass a Groussbritannien - de fréieren EU-Member hofft wuel, op deem Wee seng Liense mat der Unioun op direktem Ween lieweg ze halen.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.