Radioen

On air

De Moien  |  Jackie Moontan - Grace Jones

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kritik um Ausmooss vun der Strof géint Monica Semedo

EUROPAPARLAMENT

Kritik um Ausmooss vun der Strof géint Monica Semedo

Hie géing d'Décisioun vum Parlament, d'Monica Semedo ze sanktionéieren, respektéieren, sou d'Reaktioun vum Premier Xavier Bettel. D'Strof, déi wéinst Harcèlement verhaange gouf, ass net héich genuch, seet d'Metoo-Beweegung am Europaparlament.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


D'Monica Semedo war e Mëttwoch zu Stroossbuerg am Hémicycle wéi de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel do iwwert seng Visioune fir d'Europäesch Unioun mat den Deputéiert diskutéiert huet.

Déi 38 Joer al Politikerin, déi 2019 fir d'DP mat an d'Europapwale gaangen ass, war déi eenzeg vun de sechs Lëtzebuerger Europadeputéiert, déi an deem Debat net d'Wuert ergraff huet.

Een Dag virdru war si eng zweete Kéier iwwert Harcèlement bestrooft ginn, des Kéier vun der Parlamentspresidentin Roberta Metsola. E Mëttwoch stoung d'Maltesin nieft dem Lëtzebuerger Premier.

Xavier Bettel: All Akt vun Harcèlement muss bestrooft ginn

Um kuerze Point Presse sot de Premier Xavier Bettel op eis Nofro, hie géing d'Decisioun vun der Presidentin, d'Monica Semedo eng zweete Kéier ze sanktionéieren, respektéieren.

"All Akt vun Harcèlement muss bestrooft ginn egal ob ech déi Persoun kënnen oder net. Ech verurteelen Harcèlement schaarf, well d'Konsequenze kënnen desastréis sinn."

Fréiere Mataarbechter ass erliichtert

Dee fréiere Mataarbechter, deen net wëll datt säin Numm genannt gëtt, huet sech dem Radio 100,7 géintiwwer erliichtert gewisen - no all där Zäit an den onwoueren Ënnerstellunge vun der Madame Semedo an der Press. D'Plainte hat hie virun 18 Méint agereecht a géing dat haut nach eng Kéier maachen.

Et wier deels eng haart Zäit gewiescht, ma et wier gutt, dee Schratt gemaach ze hunn. Hie géing anere Concernéierten och roden, op hirt Recht ze bestoen, desto méi Leit sech géint esou ee Verhale wieren, desto besser wier et fir jiddereen.

D'Strof ass mat just zéng Deeg Indemnitéiten an Héicht vun am ganze ronn 3300 Euro a sengen Ae ganz douce ausgefall.

Metoo-EP: Strof ass net héich genuch

Net zefridde mam Verdikt huet sech och d'Metoo-Beweegung aus dem Europaparlament gewise - d'Strof wier net héich genuch, virun allem well et déi zweete Kéier ass, datt dee nämmlechte Reproche géint d'Monica Semedo erhuewe gouf. Et wier héich Zäit, datt d'Parlament seng Reegelen upasst, sou Metoo op Twitter.

Dozou géing et gehéieren een obligatoreschen Training anzeféieren, an och aner Strofen anzeféieren, wéi zum Beispill Deeler vun der Paie ofzeginn oder Rechter am Parlament zum Beispill op verschidde Posten ze verléieren.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.