A China an an den USA gëtt massiv an déi sou genannten kënschtlech Intelligenz investéiert. Verschidden Observateure sinn iwwerzeegt, datt Europa do net méi no kënnt.
D'EU-Kommissioun wëllt elo strategesch un déi Saach erugoen an drop awierken, datt d'Entreprisen an der EU besser zesummeschaffen. "Et ass nach net ze spéit", seet d'EU-Kommissärin fir digital Ekonomie, Mariya Gabriel, am Interview, deen zu Bréissel am Studio vun Euranet Plus vun der Hermine Donceel an Olivier Hanrion gefouert gouf.
Een drëtten, europäesche Wee
D'Vertraue vun den Europäer an déi nei Technologië wier nach net do, seet d'EU-Kommissärin. Et géif drëms goen, dat elo ze gewannen. Si proposéiert eng europäesch Approche, "bei där et streng ethesch Regele gëtt, an den Dateschutz garantéiert ass. D'Educatioun géif do eng wichteg Roll spillen.
Allerdéngs wier dat nach ee laange Wee, well bis elo just eng vu fënnef Entreprisen digitaliséiert ass. "D'Zuele sinn alarmant: Nëmme 35 Prozent vun de Salariéen hu Grondkenntnisser an deem Beräich, a mir wëssen, datt no 2020, 90 Prozent vun den Aarbechtsplazen dës Qualifikatioun erfuerderen."
D'EU-Länner kéinten et net jiddweree fir sech eleng packen, de Retard opzehuelen, sou och déi bulgaresch Kommissärin. Déi néideg Investitioune missten ënnerenee koordinéiert ginn.