Radioen

On air

De Moien  |  Iron & Wine - Anyone's Game

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Europäesch Aarbechter, national Kontrollen

Mäin Europa

Europäesch Aarbechter, national Kontrollen

Viru knapp 15 Joer huet et fir opgereegt Diskussioune gesuergt - haut gehéiert et zum Alldag: Mëttlerweil iwwerrascht et nämlech kee méi, datt op Chantieren hei am Land och Aarbechter schaffen, déi an aneren EU-Länner ugemellt sinn. D'lescht Joer goufen iwwer 114.000 Aarbechter aus aneren EU-Länner op Lëtzebuerg detachéiert. Mee wéi gëtt kontrolléiert, datt och auslännesch Entreprisen déi sozial Standarden hei zu Lëtzebuerg respektéieren?

auto_stories

7 min

De Jean-Luc de Matteis vum OGBL

De Jean-Luc de Matteis këmmert sech beim OGBL ëm d'Aarbechter am Bausecteur. An där Funktioun hat hien an de leschte Joren och ëmmer nees mat Aarbechter ze dinn, déi net fest zu Lëtzebuerg wunnen, mee déi vun hirer Firma op Lëtzebuerg geschéckt goufen, fir eng begrenzten Zäit hei ze schaffen.

Besonnesch an Erënnerung bliwwen ass him ee Fall aus dem Joer 2013, wou Aarbechter eng Pai vun 849 Euro netto de Mount kruten. Manner wéi d'Hallschecht vum Mindestloun hei zu Lëtzebuerg.

Legal ass dat net: Am Fong mussen och Patronen aus aneren EU-Länner sech un d'Lëtzebuerger Sozialstandarden halen, wa si Aarbechter heihin detachéieren. Just d'Sozialausgabe kënne si während dem Openthalt zu Lëtzebuerg weider an hirem Land bezuelen.

De System ass net waasserdicht, mengt de Jean-Luc de Matteis. Salariée géifen zwielef Stonnen den Dag schaffen, mee géifen der just aacht bezuelt ginn.

Prozesser si rar zu Lëtzebuerg

Am Fall aus dem Joer 2013 hätten déi portugisesch Aarbechter, ënner anerem, hir Schlofplaz an hir Assurance sociale selwer misse bezuelen, seet de Gewerkschaftler. Déi responsabel Firma gouf deemools viru Geriicht veruerteelt an ass haut faillite.

Esou Prozesser si seelen hei am Land - dat heescht awer net, datt all d'Entreprisë sech un d'Reegelen halen. Mee och fir d'Gewerkschaften ass et schwéier mat detachéierten Aarbechter a Kontakt ze kommen. Dat huet de Jean-Luc de Matteis viru Kuerzem op engem Chantier um Belval materlieft:

"Um fënnef Auer moies si lauter Camionnettë komm, wou näischt drop geschriwwe war. Dat waren der aus Bulgarien, aus Polen, aus Ungarn - do stounge keng Nimm op de Camionnetten, mee se ware voller Leit. An du wollte mir mat de Leit schwätze - mee déi hu sech séier duerch d'Bascht gemaach."

Virun allem Aarbechter, déi vu méi wäit op Lëtzebuerg kommen, schwätzen dacks keng vun den hei gängege Sproochen. Si hätten dofir dacks Schwieregkeete fir hir Situatioun richteg anzeschätzen:

"Si wëssen, datt si um Chantier X schaffen, an datt si do mussen hir Aarbecht maache fir hire Patron aus Portugal. Déi hunn elo net vill Kontakt mam Betrib hei zu Lëtzebuerg, deen hinnen déi Aarbecht a Soustraitance ginn huet. Déi schaffe fir d'Societéit X a Polen, a Portugal, a Frankräich oder an Däitschland. Mee déi wëssen net, ob se fir e grousse Lëtzebuerger Betrib schaffen oder net. Déi schaffen einfach um Chantier, maachen hir Aarbecht, an da gi si nees fort."

De Jean-Luc de Matteis, deem säi Papp selwer aus Italien op Lëtzebuerg geplënnert ass fir hei ze schaffen, warnt virun enger falscher Diskussioun. Déi Salariée wieren op der Sich no engem bessere Liewen.

Deene kéint een net d'Schold ginn, well si op Lëtzebuerg kommen a fir manner wéi de Mindestloun schaffen. "Déi verdénge vläicht dat fënneffacht vu bei sech doheem", seet de Jean-Luc de Matteis. "Et ass net de polnesche Plombier, deen d'Aarbecht mécht, dee Schold ass um Problem. Et ass säi Betrib."

Méi Kontrolle vun der ITM

A fir datt d'Betriber an d'Verantwortung geholl ginn, fuerdert den OGBL, datt d'Gewerbeinspektioun ITM hir Kontrollen op de Chantiere verschäerft. Mat der Fuerderung steet d'Gewerkschaft net eleng do. Och de Michel Reckinger, President vun der Lëtzebuerger Handwierkerfederatioun läit op deem Punkt op enger Linn mat de Gewerkschaften:

"Mir hätte wierklech gär massiv Kontrolle vun de Chantieren. Vun deene grousse Chantieren, mee awer och vun deene klenge Chantieren. Vun de Weekendschantieren, wou mer jo genee wëssen, datt do immens vill schwaarz geschafft gëtt."

De Marco Boly vun der ITM

D'Patrone vun de Lëtzebuerger Betriber gesinn d'Kontrolle vun der ITM och als Schutz géint deloyal Konkurrenz:

"Et ass wéi am Dopping, déi eng hale sech drun, an déi aner halen sech net drun. Déi eng doppen, déi aner doppen net. A wann net kontrolléiert gëtt, dann ass deen, dee sech un d'Gesetzer hält ëmmer den Dommen, well deen anere wäert ëmmer méi séier lafen."

Auslännesch Konkurrenz

Wann auslännesch Betriber sech net un d'Lëtzebuerger Sozialstandarden halen, da wieren déi heemesch Betriber am Nodeel, betount de Michel Reckinger. Ëmsou méi, well ëmmer méi auslännesch Entreprisen hir Aarbechter op Lëtzebuerg schécken.

De Michel Reckinger

D'Lescht Joer hunn am ganze bal 3.900 Firmen dat gemaach. Dat waren der méi wéi 1.000 méi, wéi zwee Joer virdrun. Bei wäitem déi meescht vun dësen Entreprisë sinn am Bausecteur aktiv, seet de Michel Reckinger:

"Et ginn haut méi detachéiert Betriber am Bausecteur zu Lëtzebuerg, wéi et nationaler ginn. Dat heescht, de Lëtzebuerger Marché ass wierklech einfach fuerchtbar interessant, well hei fuerchtbar vill gebaut gëtt."

Un dem Marché kënnen haut Entreprisë vun iwwerall an der EU sech bedeelegen - sou ass et an den europäesche Verträg virgesinn. Et sinn awer weiderhin déi national Autoritéiten an deenen eenzelen EU-Länner, déi kontrolléieren, datt dobäi all d'Reegelen agehale ginn. Hei zu Lëtzebuerg ass dat d'Gewerbeinspektioun ITM, erkläert hiren Direkter Marco Boly:

"All Memberstaat muss eng Internetplattform zur Verfügung stellen. An all Entreprise, déi op Lëtzebuerg wëllt schaffe kommen, déi muss sech d'office iwwer déi Plattform deklaréieren. Déi Deklaratioune ginn all op eisem Internetsite eran, an do gëtt dann en Tri gemaach. Do gëtt gekuckt: Wou sinn d'Anomalien? Wou deklaréiert de Patron eventuell eppes falsch."

Wann Irregularitéiten an den Dokumenter bzw. Aarbechtskontrakter festgestallt ginn, reagéiert d'ITM a fuerdert d'Entreprise op, sech ze regulariséieren. "Wa se dat dann net mécht, da kënne mir natierlech eng Amende prononcéieren", esou de Marco Boly.

Och d'Zuel vun de Kontrollen op Chantieren hätt an de leschte Joren zougeholl. Mee den iwwer 114.000 detachéierten Aarbechter stoungen d'lescht Joer 22 Aarbechtsinspektere vun der ITM géintiwwer. Dat géif bei wäitem net duergoen, betount de Marco Boly:

"Et soll een eent net vergiessen: Eng Aarbechtsinspektioun a Frankräich huet 40.000 Aarbechtsinspekteren, do si mir mat eisen 22 Aarbechtsinspekteren eng Laachnummer."

D'Zuel vun den Inspektere soll an den nächste Joren och weider an d'Luucht goen. Wann et dem Marco Boly nogeet, dann hätt d'Gewerbeinspektioun an zéng Joer ongeféier zéngmol esou vill Kontrolleure wéi haut.

Mee wann ee sech op de Chantieren uechter d'Land ëmhéiert, da stéisst een net iwwerall op Leit, déi méi strikt Kontrollen a méi streng Sanktioune fuerderen. Dem Oliver Zock seng Firma Brand Ladenbau ass op Bannenariichtunge spezialiséiert a liwwert dëser Deeg moossgeschneidert Schief fir eng nei Kantin virum Lycée Technique du Centre. D'Firma huet dës Miwwelen zu Longuich, hei fir an Däitschland produzéiert, si ginn um Lampertsbierg awer net vun detachéierten Aarbechter montéiert.

Lëtzebuerg: E largen Ëmgang

Den Oliver Zock ass vill um Lëtzebuerger Marché aktiv, hie gräift awer nëmmen ongär op detachéiert Aarbechter zeréck. Hie seet de bürokrateschen Opwand fir dës Aarbechter unzemelle wier elo schonn ze grouss.

Den Oliver Zock

D'Schief an der neier Kantin um Lampertsbierg ginn dofir vun zwee Aarbechter vun enger externer Firma montéiert. Mee d'Firma Brand huet och zanter iwwer 25 Joer eng eegen Dependance zu Gréiwemaacher.

Op Chantieren zu Lëtzebuerg kommen dacks Mataarbechter zum Asaz, déi bei dëser Filiale mat engem Lëtzebuerger Kontrakt ugemellt sinn. Déi Méiglechkeet hätt awer net all Betrib. Hie begréisst, datt d'Lëtzebuerger Autoritéiten, am Verglach, éischter large mat detachéierten Aarbechter ëmginn:

"Die Franzosen und die Österreicher sind wohl sehr protektionistisch eingestellt. Die betreiben also fast schon eine Art Marktabschottung, könnte man meinen. Das ist also in Luxemburg fast nach human, könnte man sagen."

Fir den Oliver Zock muss d'EU sech e kloert Zil setzen: Et misst ee verhënneren, datt d'Paien no ënne gedréckt ginn a gläichzäiteg assuréieren, datt et e fräie Verkéier vu Wueren an Déngschtleeschtunge gëtt.

Wéi vill Kontrollen déi verschidden Acteure sech dobäi wënschen, hänkt och 2019 nach ëmmer staark dovun of, bannent wéi engen nationale Grenzen si hiert Doheem hunn.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.