Den US-President Joe Biden fiert net méi d'Schinn vum viregte President Donald Trump, an Europa ass frou driwwer: D'USA wéilten zeréck an déi international Arena an hir traditionell Allianze stäerken, notamment den Nord Atlanteschen Traité.
Dat wier eng zentral Charakteristik vun der "Joe-Biden-Doktrinn" an der Aussepolitik, mengt de Politolog Robert Harmsen. Hie versteet dat als "America's back", mee et misst een d'Bedingunge vun dësem Engagement verstoen: et géif hei virop ëm déi amerikanesch Interessie goen.
Amerikanesch an europäesch Interessien
Déi geopolitesch Interête vun den USA géife sech net zu 100 Prozent mat den europäeschen Interessien iwwerschneiden, mengt de Robert Harmsen. Den Joe Biden huet a senger Afghanistan-Ried op d'Rivalitéit mat China an Tensioune mat Russland higewisen.
Ressourcenintensiv militäresch Interventiounen, wéi notamment am Afghanistan, wieren haut, anescht wéi nach virun 20 Joer, net méi vu strategescher Wichtegkeet, esou d'Aschätzung vum Robert Harmsen.
Et hätt een d'Gefill, datt dat "einfach net funktionéiert", well militäresch Interventioune mat onproportional héije Käschte verbonne wieren. Dës Ressourcë kéint een enzwousch anescht besser asetzen.
Eng autonom europäesch Aussepolitik
Den Asaz am Afghanistan schéngt dee Wëllen ze stäerken: Afghanistan hätt der EU hir grouss militäresch Ofhängegkeet géigeniwwer den USA gewisen, sot de Verdeedegungsminister François Bausch am 100,7-Interview. De Robert Harmsen ass där selwechter Meenung: d'Fro vun der europäescher Souveränitéit an d'Fäegkeet, sech selwer verdeedegen ze kënnen, wäert erëm opkommen.
An Europa ass dës Fro awer ëmstridden, preziséiert de Robert Harmsen: déi meescht Länner wéilten heifir keng Suen ausginn. Eng reell strategesch Autonomie wier nämlech mat héije Käschte verbonnen. D'EU-Memberlänner wieren heira gespléckt: verschiddener géife sech eng méi staark europäesch Aussepolitik wënschen, wärend anerer iwwerzeegt Atlantiker wieren.
Den Joe Biden wier gewëllt déi Transatlantesch Liene mat Europa ze stäerken, mee de chaotesche Réckzuch aus dem Afghanistan ouni Récksprooch mat NATO hätt bei den Europäer, besonnesch Groussbritannien, e batteren Nogoût hannerlooss, esou d'Vue vum Robert Harmsen.