Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Heeschen dierft net generell verbuede ginn

Europäesch Geriicht fir Mënscherechter

Heeschen dierft net generell verbuede ginn

De Stater Gemengerot stëmmt iwwert e Reglement of, dat d'Heeschen op verschiddene Plaze verbitt. Ob et juristesch d'Strooss hält, ass onkloer. Dem Europäesche Recht no dierf d'Heeschen net generell verbuede ginn. Dat war virun zwee Joer d'Konklusioun vun engem Urteel um Europäesche Geriicht fir Mënscherechter.

auto_stories

2 min

Foto: Picture Alliance

Lauschterenplay_arrow


Den Artikel 8 an der Europäesche Mënscherechtskonventioun schützt de Mënschen hiert d'Recht op privat Liewen. E generellt Heeschverbuet géing dat net respektéieren.

De lëtzebuergescher Riichter Georges Ravarani war beim Urteel dobäi. Hien erkläert, datt Heesche just ageschränkt dierft ginn, an déi Aschränkung och net ze staark dierft sinn. Dat Selwecht gëllt och fir d'Bestrofung. Dem Georges Ravarani no, kéint een net vun enger Persoun verlaangen opzehale mat heeschen, wann se keen dobäi harceléiert. Just beim organiséiertem Heesche wier do eng Ausnam.

Balance tëschent Aschränkung a Bestrofung

Dat Recht op Privat Liewe kann ënner verschiddene Konditiounen awer och vum Staat ageschränkt ginn, wat duerch e Reglement oder Gesetz muss festgeluecht sinn. Och dat misst mat engem legitimmen Zil justifiéiert sinn, wei beispillsweis déi ëffentlech Sécherheet, sot de Georges Ravarani.

Hie betount, datt d'Verbuet vum Heesche proportionéiert misst sinn a kee generelle Verbuet. A sengen Ae misst ee kucke fir d'Verbuet net iwwerméisseg anzeschränken, mee och net iwwerméisseg ze bestrofen.

Nuance bei den Aschränkunge

Déi Aschränkunge sinn immens nuancéiert, erkläert de Riichter weider. Am viraus ze soen, wat ze wäit geet a wat net, ass onméiglech a misst vu Fall zu Fall gekuckt ginn.

Géif een eng Amende kréien, da misst een als Éischt op ee Lëtzebuerger Geriicht goen. Géif awer duerch all Instanze fonnt ginn, datt d'Verbuet an der Rei wier an d'Bestrofung legitim, da kéint e rëm op Stroossbuerg kommen.

Dem Georges Ravarani no, kéint een awer net, vun enger Persoun verlaangen opzehale mat heeschen, wann se dobäi keen harceléiert. Just dat organiséiertem Heesche wier do eng Ausnam.