Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Europäesch Petitioun fir méi effikass Reegele géint de Mënschenhandel

Europäesch Wäerter

Europäesch Petitioun fir méi effikass Reegele géint de Mënschenhandel

Wäerter wéi Mënschlechkeet, Hëllefsbereetschaft an Toleranz sinn an de leschte Jore vu ville Regierungen a Politiker an Europa mat Féiss getrëppelt ginn. D'D'Flüchtlingskris war dofir den Haaptausléiser, seet d'Laura Zuccoli am Fräie Mikro. Bei ville Mënsche géif dat Entsetzen ausléisen, seet d'Laura Zuccoli am Fräi Mikro. Eng Europäesch Petitioun soll lo Drock op déi politesch Acteure maachen.

auto_stories

3 min

Laura Zuccoli

Als Bierger dee Mënscherechter an de Mëttelpunkt vu sengem Liewe stellt, stéisst d'Haltung vun der Politik an Europa, déi lescht Joren - bei mir an Aneren - op vill Onverständnes an Entsetzen.

Wéi ass et méiglech, datt een Europa wat sech zu chrëschtleche Wäerter bekennt, Gesetzer stëmmt, déi hëllefsbereet Mënsche bestrofen, well si illegal Migranten ënnerstëtzen?

Et geet hei net nëmmen ëm d'Haltung vu Länner wéi Ungarn, déi Flüchtlingen - dorënner Kanner - virum pickegen Drot hirem Schicksal z'iwwerloossen. Et geet och ëm Griicheland, wou Mënschen an total mënschenonwierdegen Ëmstänn liewen, zu Dausenden a vill ze kleng Lageren ageperscht sinn, op Insele liewe wou si net fort kommen a Joren op eng Äntwert op hir Flüchtlingsdemande waarden.

An Italien gi Migrante récksiichtslos ausgenotzt a schaffe fir en Hongerloun op Uebstplantagen. Si si mafiöse Banden ausgeliwwert, an dat mam Wësse vun der Politik! Frankräich huet Gesetzer, Mënschen déi anere Mënschen op der Flucht gehollef hunn, zu Prisongsstrofen an héije Geldbousse condamnéiert. D'Zivilgesellschaft muss d'europäesch Politik dozou bréngen, fir d'Fro vun de Migratiounen an Europa op eng mënschlech Aart a Weis ze reegelen.

Europäesch Petitioun fir méi effikass Reegele géint de Mënschenhandel

D'ASTI ënnerstëtzt d'Initiativ Citoyenne Européenne (ICE) "Mir sinn e gaaschtfrëndlecht Europa. Loosst eis hëllefen!" Des europäesch Petitioun fuerdert, datt Europa zeréck op seng Grondwäerter vu Mënschlechkeet an Toleranz kënnt an datt Bierger net méi verfollegt solle ginn, wa si Flüchtlingen oder Migranten hëllefen. An zwielef Länner an Europa kann een den Ament dofir bestrooft ginn.

D'europäesch Kommissioun soll Garantië ginn, fir méi effikass Reegele géint de Mënschenhandel an d'Ausnotzen, fir datt fundamental Mënscherechter net un eisen EU-Grenze violéiert ginn.

D'Zivilgesellschaft ass bereet an dëser Fro seng Verantwortungen ze huelen.

Milliounen EU Bierger - dorënner och vill Awunner aus eisem Land - hu sech fir Flüchtlinge mobiliséiert. Déi enorm Solidaritéitsbeweegung an der Flüchtlingsfro - och hei zu Lëtzebuerg - beweist et. 85 Projete goufen iwwer d'Oeuvre Grand Duchesse Charlotte bei eis finanzéiert an hunn erlaabt d'Erausfuerderunge vun der Flüchtlingskris opzefänken.

Flüchtlingen direkt bei sech ophuelen

D'Petitioun Initiative Citoyenne Européenne (ICE), fuerdert d'Kommissioun an d'Europaparlament op, der Zivilgesellschaft et z'erlaben, fir direkt Flüchtlingen aus de Kriselänner zu Lëtzebuerg opzehuelen an esou aktiv matzehëllefen, fir dëse Leit eng optimal Integratioun ze ginn.

Bierger, déi u Grondwäerter wéi Mënscherechter an Toleranz gleewen, solle sou e staarkt Zeeche kënnen ofginn, fir e mënschlecht an oppent Europa, géint Populisten a Rietsextremismus.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.