Radioen

On air

Grousse Kino  |  Suicide - Rocket USA

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'EU probéiert no vir ze kucken

60 Joer Réimesch Verträg

D'EU probéiert no vir ze kucken

Um 60. Anniversaire vun den Traitée vu Roum hu sech 27 vun den 28 europäesche Staats- a Regierungscheffen an der italienescher Haaptstad getraff: Groussbritannie war um Sommet net vertrueden. Op deem historeschen Dag gouf vill zréckgekuckt. An och no vir, mee dat ass méi schwéier.

auto_stories

3 min

Um Bord vum Sommet hunn Dausende Leit zu Roum fir a géint d'EU manifestéiert, iwwer 5.000 Poliziste waren am Asaz.

De 25. Mäerz 2017 ass een historeschen Datum: Op deem Dag virun 60 Joer hunn zu Roum sechs europäesch Länner - dorënner Lëtzebuerg - déi Réimesch Traitéen ënnerschriwwen. Mat der Grënnung vun der Europäescher Währungsunioun (EWG) hu si de Grondsteen fir d'EU geluecht.

Gefeiert gouf op där nämmlechter Plaz, wou virun 60 Joer d'Traitée vu Roum ënnerschriwwe goufen. D'Plaz huet alles, wat e brauch, fir een historesche Kader ze setzen: De Palazzo dei Conservatori zu Roum gouf viru bal 500 Joer vum Michelangelo gebaut.

Krich a Fridden

Bei de Feierlechkeeten ass vill Symbolik beméit ginn: De Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker hat souguer d'Füllfieder vun deemools matbruecht an huet vun engem "emotional opgeluedene Moment" geschwat.

Vill Emotioune gouf et an de Rieden, vill Erënnerungen u Krichszäiten. D'Europäesch Unioun, dat heescht Fridden: Dat war de Message. Europa wier net stolz genuch ob dat, wat erreecht gouf, sou de Jean-Claude Juncker a senger Ried.

Den Hitler an de Stalin hu meng Heemechtsstad zerstéiert, sot de Conseilspresident Donald Tusk, deen zu Danzig opgewuess ass. Op sengem Schoulwee hätt hien d'Ruinen aus dem Krich nach gesinn.

"Et däerf een net vergiessen, dat Feinde vu gëschter haut un engem Dësch setzen an ee gemeinsame Projet hunn", sot de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel nom Sommet. "Dee Friddensprojet huet ee Wäert, deen net ze beschreiwen ass".

Wonsch a Realitéit

Zréck bei d'Realitéit vun haut: Déi 27 Staats- a Regierungscheffe vun der EU hunn eng Deklaratioun ënnerschriwwen. Si sollt virun allem weisen, wéi vereent d'Unioun och haut, trotz dem geplangten Austrëtt vun Groussbritannien ass. Den Text war awer bis um Schluss ëmstridden.

An der Deklaratioun ginn déi grouss Linne fir d'Zukunft vun der EU festgehalen: Eng EU, déi fir Sécherheet a Wuelstand suergt a sech fir sozial Rechter asetzt. "Haut ass en Engagement fir d'Zukunft geholl ginn", sou de Xavier Bettel, deen awer zouginn huet: "Den Text ass eppes. En dono an d'Realitéit ëmsetzen, ass eppes anescht."

Selwecht Richtung, aner Vitesse

An der Deklaratioun vu Roum gëtt och festgehalen, dat déi 27, do wou et néideg ass, mat verschiddene Vitessen an Intensitéiten zesummeschaffe kennen. Pole war géint dëse Passage am Text an hat gedreet, net ze ënnerschreiwen. Nodeems awer dobäigesat gouf, datt sech déi 27 weider an déi nämmlecht Direktioun beweegen, huet d'Land du seng Oppositioun opginn.

Hie wier fir esou een "Europe à deux vitesses", sot de Premier Xavier Bettel. "Ech wëll net d'Geisel si vu deenen, déi wëlle stoe bleiwen".

Den Text géif ee gudde Grondsteen leeën, fir d'Diskussioun iwwert Zukunft vun der EU ze lancéieren, sou de Jean-Claude Juncker. "Ech hätt am Léifsten, mir géifen ëmmer an op alle Punkten zu 27 virugoen", sou de Kommissiounspresident. "Mee wann et net geet, well d'Länner net kënnen oder d'Regierungen net wëllen, da muss een déi, déi kënne virugoen, dat maache loossen."

Griichesch Hesitatiounen

Griicheland hat och domat gedreet, d'Deklaratioun net matzedroen, well se um soziale Plang net wäit genuch goung. Wéi d'Staats- a Regierungscheffen een nom anere passéiert sinn, huet den Alexis Tsipras och kuerz gezéckt. Dat war awer méi fir d'Kameraen, dono huet hie gelaacht, a seng Ënnerschrëft, genee wéi all déi aner 27 ënnert d'Dokument gesat.

"Haut war eng gutt Ambiance", sot den Xavier Bettel. Et hat een effektiv d'Impressioun, déi 27 wiere manner ugespaant, wéi soss. Et gouf jo och net méi diskutéiert, den Text vun der Declaratioun war virum Sommet ausgehandelt ginn.

Historesch war och, datt Groussbritannien zu Roum net mat derbäi war. Déi nächst Woch sollen d'Verhandlungen iwwert den Austrëtt vum Land aus der EU ufänken.