EU-Energieministeren Europäesch Ziler fir Stroum ze spueren

Ziler fir Elektrescht anzespueren an een Deckel um Revenue vu bestëmmte Stroumproduzenten: iwwer déi Mesurë si sech d'Energieministeren aus de 27 EU-Länner eens ginn. D'Diskussiounen iwwer een Deckel um Gaspräis hunn iwwerdeems gewisen, datt d'Meenungen ënner de Länner weider auserneeginn.

Danièle Weber (Bréissel) / cbi

Energieministeren
De Claude Turmes um Sommet vun den EU-Energieministeren. Foto: EU / Alexandros Michailidis

Lauschteren


De Lëtzebuerger Energieminister begréisst den Accord. D'Anzéie vun extra Revenue vu bestëmmten Energieentreprise bréngt vill Suen eran.

Zu Lëtzebuerg ass d'Zuel vun de Stroumproduzenten, bei deene sech de Staat zerwéiere kann, awer zimmlech limitéiert, sou de Claude Turmes. Hie schwätzt vun "e puer Wandmillen an e puer grouss Solaranlagen", dat géif enger zweestelleger Milliounenzomm entspriechen, déi de Lëtzebuerger Staat géife rakréien.

Mindestens 5 Prozent manner Stroumverbrauch a Spëtzenzäiten

Derbäi kéime Suen, déi Däitschland vun hire Stroumproduzenten anzitt - an déi da Lëtzebuerg, wouhi vill Stroum exportéiert gëtt, géifen zoustoen. Detailer doriwwer mussen awer nach ausgehandelt ginn.

Et ass ee sech eens ginn, datt d'Länner fräiwëlleg de Stroumverbrauch ëm 10 Prozent reduzéieren - obligatoresch ass en Zil vu fënnef Prozent manner Konsum an de Spëtzenzäiten.

Hei misst een, sou de Claude Turmes, bei de groussen Netzbedreiwer, déi Lëtzebuerg beliwweren, usetzen a sech mat hinnen un een Dësch setzen.

Däitschland huet en Hëllefsprogramm vun 200 Milliarden Euro op de Wee bruecht, fir déi héich Präisser opzefänken. Lëtzebuerg ass och prett, déif an d'Täsch ze gräifen.

Anerer wäerten nozéien, souwäit si sech dat leeschte kënnen. Laangfristeg ass dat awer net duerchzehalen, gëtt de Claude Turmes zou:

"Dat ass eng Course, déi do am Gaangen ass, fir een deen aneren ze iwwerbidden. Déi muss ophalen, dat hale mer net duerch."

Präisdeckel fir de Gas: Net vum Dësch

De Sujet vun engem Deckel um Gaspräis ass net vum Dësch, et géif ee viru fueren. Ënner anerem d'Belsch huet annoncéiert, weider doru festzehalen.

D'Europäesch Kommissioun wëllt nach virum EU-Sommet déi nächst Woch zu Prag eng konkret Propos op den Dësch leeën, a spéitstens da gëtt virun doriwwer diskutéiert.

Méi zum Thema

Energie spueren
ENERGIE SPUEREN

Iwwerall an der EU hunn d'Regierunge Spuerpläng ausgeschafft. Manner hëtzen an d'Luuchten ausmaachen, gehéiert dacks zu de proposéierte Mesuren. Et gëtt awer duerchaus Nuancen an ënnerschiddlech Iddien.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen