Radioen

On air

De Moien  |  De Slash, a Lëtzebuergeschen Hard-Rock, an der Rockhal

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Europäesche Stabilitéitsmechanismus: Wie gëtt neien Direkter?

ESM

Europäesche Stabilitéitsmechanismus: Wie gëtt neien Direkter?

Haut kéint sech decidéieren, wien neien Direkter beim Europäesche Stabilitéitsmechanismus (ESM) gëtt. Ee vun de Kandidaten ass de Pierre Gramegna, déi aner Kandidate sinn de Marco Buti an de João Leão.

auto_stories

2 min

Wann Eurostaate Problemer kréie fir op de Finanzmäert u Suen ze kommen, da kann de Rettungsschierm ESM iwwer 400 Milliarden Euro als Kreditter mat laange Lafzäiten un d'Krisestaate verginn.

Bei der leschter Scholdekris hat de Fong bal 300 Milliarden u fënnef Länner verdeelt, dorënner u Griicheland.

Den ESM mat sengen 250 Mataarbechter ass keng EU-Institutioun, mee eng tëschestaatlech Organisatioun vun den 19 Eurostaaten.

Frankräich an Däitschland kéinte blockéieren

Wéi eng Roll de Stabilitéitsmechanismus - deen et zanter zéng Joer gëtt - bei zukünftege Krisen an der Euro-Zone spillt, wäert den neien ESM-Direkter mat decidéieren.

D'Kandidate fir de Poste sinn dräi Männer aus Italien, Portugal a Lëtzebuerg. Gewielt gëtt, wien op d'mannst 80 Prozent vum ESM-Kapital hanner sech huet.

Däitschland a Frankräich hunn all Kéier méi wéi 20 Prozent vum Kapital an hätten deemno d'Méiglechkeet ze blockéieren.

Méigleche Kompromësskandidat Pierre Gramegna

De Pierre Gramegna gëllt aus politeschen, net aus fachleche Grënn als liichte Favorit, hat d'"Frankfurter Allgemeine Zeitung" virun engem Mount geschriwwen.

Hie géif als Kompromësskandidat tëschent nërdlechen a südlechen Eurostaate gëllen. D'Zeitung "Die Welt" hat virgëschter notéiert, de Pierre Gramegna wier de Favorit vum däitschen FDP-Finanzminister Christian Lindner.

Den DP-Politiker Pierre Gramegna war vun 2013 bis Ufank vun dësem Joer Lëtzebuerger Finanzminister.