Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Elora - Embers

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Europaparlament hëlt neien Ulaf

EU-Klimapak

Europaparlament hëlt neien Ulaf

Nom Chaos virun zwou Wochen am EU-Parlament gëtt haut nei ofgestëmmt iwwert Deeler vum Klimapak. Well sech déi dräi grouss Parteien am Virfeld eens goufen, kéint et dës Kéier anescht ausgoen.

auto_stories

4 min

Haut gëtt am EU-Parlament nei ofgestëmmt iwwert Deeler vum Klimapak.Foto: Bigstock / Mizerek

Ween dru Schold ass, datt et virun zwou Woche schif goung an um Enn ee ganze Pak vun zentrale Mesurë fir de Klimaschutz verworf gouf, ass retroaktiv schwéier soen. D'Analyse fält jee no politescher Famill ënnerschiddlech aus. Virun allem Chrëschtdemokraten an Sozialiste reprochéiere sech géigesäiteg, sech net un d'Ofmaachunge gehalen ze hunn.

Fakt ass awer, datt d'Zäiten an deene Majoritéiten am Europaparlament selbstverständlech waren, eriwwer sinn.

Deal tëschent deenen dräi Groussen

Vu viran dofir ze suergen, datt déi dräi grouss pro-europäesch Parteien, nämlech Europäesch Vollekspartei, Liberal a Sozialisten u Bord sinn, wier déi eenzeg sécher Strategie, seet dofir de Pascal Canfin, President vun der Ëmweltkommissioun am Europaparlament:

"Wann een an d'Plenière geet, weess ee net, wéi d'Resultat wäert ausgesinn. Et ass dowéinst wichteg, déi Majoritéit sou vill wéi méiglech am Virfeld ze hunn, fir ee staarkt Mandat vum Parlament."

Doru gouf des Kéier geschafft - mat Succès, wéi déi soen, déi dobäi waren.

"Ich bin sehr erleichtert, dass das jetzt geklappt hat", seet de Negociateur vun der gréisster Fraktioun am Parlament, der Europäescher Vollekspartei, de Peter Liese.

Net eens war een sech beim leschte Vott virun allem iwwert ee Punkt, deen ee Kär vum sou genannte "Green Deal" vun der Europäescher Kommissioun ausmécht.

Liicht Ännerunge bei der Reform vum Emissiounshandel

Et ass dat d'Reform vum Emissiounshandel. Doran kréien europäesch Entreprisen deels gratis CO2-Zertifikater, fir datt si keng Nodeeler um Weltmarché par rapport zu deenen hunn, déi a Länner aktiv si mat manner strenge Klima-Mesuren. Déi Zertifikater sollen auslafen - just vu wéini un a wéi séier, dat war déi grouss Fro.

De Kompromëss gesäit elo fir, datt dee sougenannte "Phasing out" ee Joer méi spéit, nämlech 2027 ufänkt, wéi sech dat Sozialisten a Liberaler gewënscht hätten, dofir misst awer éischter, nämlech 2032, ganz Schluss si mat deene gratis Zertifikater.

Virun allem d'Chrëschtdemokrate wollten deen Datum no hanne verleeën. Si sinn awer elo och mat deem zefridde wat um Dësch läit.

"Wir haben riesige Ambition, das ist Wahnsinn was wir uns vorgenommen haben", betount de Peter Liese. Doduerch, datt een awer pro Joer manner séier aus de Gratis Zertifikaten erausklamme wëll, géif een der Industrie déi néideg Zäit loossen, sech ëmzestellen. "Da ist jetzt Druck auf dem Kessel, aber der Druck ist nicht so gross, dass man auf dem Weg zur Klimaneutralität pleite geht."

Pascal Canfin: "Ech erwaarde mer eng breet Majoritéit"

Vrun zwou Woche war ee ganz änleche Kompromëss ganz knapps net duerch d'Parlament gaangen. Et haten nëmmen 11 Stëmme gefeelt fir d'Majoritéit. Des Kéier awer steet de Kompromëss, seet de Pascal Canfin.

"Ech erwaarde mer eng breet Majoritéit. Virun allem och nodeems wat vrun zwou Woche geschitt ass. Dat war net gutt fir d'Parlament, net gutt fir de Green Deal a fir d'Klima. Elo awer fillt sech jidderee responsabel dee richtegen Accord ze maachen a sech och drun ze halen."

Déi Gréng nach net decidéiert

Net mat un deem Verhandlungsdësch souzen déi Gréng, déi dat och bedaueren.

"Mir hunn awer enk mat de Sozialisten zesummegeschafft fir eng Verbesserung vum Text ze kréien, an där Hisiicht war eis Stëmm also och vertrueden", seet awer d'Tilly Metz, Lëtzebuerger Europadeputéiert vun deene Gréngen. Kloer ass, datt deen Deal zwar besser ass wéi dat wat vrun zwou Wochen hätt kéinte gestëmmt ginn. "Et ass ee liichte Fortschrëtt ma et geet net duer fir eis Klimaziler ze erreechen."

Ob déi Gréng um Enn fir de Kompromëss stëmmen, soll kuerz vrum Vott decidéiert ginn.

Egal wéi kommen awer déi dräi grouss Parteien zesummen op iwwer 400 Stëmmen. Dat ass wäit iwwert d'Hallschent vun de 705 Membere vum Europaparlament.

Halen si sech also un dat, wat elo am Virfeld ofgemaach gouf, dierft sech haut net dat reproduzéieren, wat virun zwou Woche geschitt war.