Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Europaparlament: Lëtzebuerg als Steierparadäis ugesinn

Luxleaks-Spezialkommissioun

Europaparlament: Lëtzebuerg als Steierparadäis ugesinn

Lëtzebuerg a véier aner EU-Länner sollte sou laang als Steierparadäis consideréiert ginn, bis substantiell Reformen am Steiersystem ëmgesat goufen. Zu där Konklusioun kënnt d'Europaparlament am Rapport vun der Spezialkommissioun iwwer Steierevasioun.

auto_stories

2 min

De Steiersystem a verschiddenen EU-Länner mécht et den Entreprise méi einfach, eng aggressiv Steier-Planifikatioun ze maachen. Zu deem Schluss kënnt eng Spezialkommissioun am Europaparlament. Rieds geet vu siwe Länner, dorënner och Lëtzebuerg,

Den drëtte Rapport vun der Spezialkommissioun gouf am Europaparlament adoptéiert, déi no de Revelatiounen am Luxleaks-Skandal gegrënnt gi war. D'Parlament fuerdert d'Europäesch Kommissioun op, op d'mannst fënnef vun deene Länner - nämlech Zypern, Irland, Malta, Holland a Lëtzebuerg - als Steier-Paradäiser unzegesinn. Dat misst esou laang gëllen, bis substantiell Steierreformen an deene Länner ëmgesat goufen.

Ursprénglech sollt am Rapport just drun erënnert ginn, datt d'Europäesch Kommissioun deene fënnef Länner eng aggressiv Steierpolitik attestéiert.

Fir d'éischte Kéier ginn EU-Länner als Steieroase bezeechent

De Rapport war awer dono op deem Punkt um Enn nach ergänzt ginn, nodeems sech virun allem d'Sozialisten am Parlament zesumme mat deene Gréngen an deene Lénken dofir agesat haten. D'LSAP-Europadeputéiert Mady Delvaux an och déi Gréng Tilly Metz hunn awer dogéint gestëmmt, datt déi fënnef Länner als Steier-Paradäis sollte gëllen.

Et ass fir d'éischte Kéier, datt d'Parlament EU-Länner als Steierparadäis bezeechent. Am Dezember 2017 war eng Demande vun de Sozialisten, datt déi nämmlecht fënnef EU-Länner sollten op eng schwaarz Lëscht vu Steierparadäiser gesat ginn, net duerchgaangen. Deemools hate genee esou vill Deputéiert dofir ewéi dogéint gestëmmt. Och deemools haten d'Lëtzebuerger Europadeputéiert dogéint gestëmmt, de Grénge Claude Turmes hat sech enthalen.

Parlament fuerdert Europäesch Unitéit

Am Rapport setzt sech d'Parlament dofir an, datt eng Europäesch Unitéit fir Finanz-Investigatioune geschaf gëtt. Dës Unitéit sollt dofir suergen, datt grenziwwergräifend Enquêten am Beräich vun der Finanz-Kriminalitéit besser koordinéiert ginn an datt den Informatiouns-Austausch tëscht nationalen Autoritéite verbessert gëtt.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.