Korruptioun Europarot a Korruptionsskandal mat Aserbaidjan verwéckelt

Een internationale Journaliste-Konsortium huet ee Blanchimentsreseau opgedeckt, iwwert deen ënnert anerem aflossräich Deputéiert aus dem Europarot bezuelt gi sinn. Dem Aserbaidjan ass et an de leschte Joren esou gelongen, Kritike wéinst massive Verstéiss géint d'Mënscherechter kleng ze halen. "Elo wësse mer, datt Sue gefloss sinn", seet d'Anne Brasseur.

Michel Delage / ys

Anne Brasseur.JPG
Anne Brasseur

D'Assemblée parlementaire vum Europarot ass direkt vun engem Korruptiounsskandal an Zesummenhang mam Aserbaidjan betraff. Een internationale Konsortium vu Journalisten huet dëser Deeg ee Blanchimentsreseau opgedeckt, dee wéinstens emol iwwert eng dänesch Bank a fiktiv Londoner Gesellschafte gelaf ass. Iwwert dee Wee si Suen aus dem Aserbaidjan un aflossräich europäesch Politiker gefloss, déi matgehollef hunn, Kritik un der aserbaidjanescher Regierung wéinst Verstéiss géint d'Mënscherechter kleng ze halen.

Onofhängeg Enquêteuren ënnersichen de Moment, wéi den Aserbaidjan Deputéiert vun der Assemblée vum Europarot zu senge Gonschte beaflosst huet. Ënnert anerem am Viséier: Den italienesche Politiker a fréiere Fraktiounschef vun der europäescher Vollekspartei Luca Volontè.

Zwee An zou

"Et gëtt héich Zäit, datt dee Schwier opgepickt gëtt", seet déi liberal Deputéiert Anne Brasseur. Si huet d'Assemblée parlementaire vun 2014 bis d'lescht Joer presidéiert, an ass an zwee Gremien aktiv, déi sech mat deene Froe beschäftegen. Et géif scho laang Rumeure ginn, datt eng ganz Rei Membere vun der Assemblée parlementaire vum Europarot dem Aserbaidjan méi wéi favorabel gesënnt wieren, an déi zwee Aen zou maachen.

Déi fréier Sowjet-Republik Aserbaidjan ass bekannt fir hir riseg Pëtrol- a Gas-Ressourcen. Gläichzäiteg gëtt den autoritäre Regime vum aserbaidjanesche President Ilham Aliyev zënter Joren international kritiséiert, wéinst massive Verstéiss géint d'Mënscherechter. Membere vun ONGen a Journaliste sinn agespaart ginn, well si d'Korruptioun an hirem Land denoncéiert hunn.

"An nawell sinn eng Partie Parlementairen, déi déi verteidegen", seet d'Anne Brasseur. "Da muss ee sech froe firwat. An elo wësse mir, datt Sue gefloss sinn."

Ënnert anerem un den däitschen CSU-Politiker a fréiere Parlamentsmember Eduard Lintner. Den deemolege President vun der EVP Luca Volontè hätt sengersäits 2,3 Millioune vun den Aserbaidjane kritt, seet d'Anne Brasseur. Dat hätt eng Enquête vum Parquet vu Mailand erginn.

Rapport iwwerraschenderweis ofgelehnt

Den 23. Januar 2013 gouf ee Rapport, deen d'Situatioun vun de politesche Prisonéier am Aserbaidjan denoncéiert hat, iwwerraschenderweis vun enger Majoritéit an der Assemblée vum Europarot ofgelehnt. Zwee Lëtzebuerger waren deemools um Vote bedeelegt, alle béid hate se fir de Rapport gestëmmt. Den CSV-Deputéierte Norbert Haupert war a senger Fraktioun minoritär. Op eis Nofro hi kéint hie sech net méi un d'Ëmstänn vun deem Vote erënneren.

Anescht d'DP-Deputéiert Anne Brasseur. Bei där Ofstëmmung wieren op eemol ganz vill Leit present gewiescht. "Do ware Leit am Sall, déi zwar Member sinn, mä déi ee soss ni gesinn huet. Dat dierft jo awer wuel keen Zoufall gewiescht sinn."

Praktesch all d'Fraktioune waren deemools bei der Fro vun de politesche Prisonéier am Aserbaidjan gedeelt. Als Presidentin vum liberale Grupp hätt si gesot, et misst ee fir de Rapport stëmmen, seet d'Anne Brasseur. "Ech hunn awer ganz gutt gespiert, datt och a mengem Grupp Leit influenzéiert gi sinn."

Ënnert den Deputéierten, déi deemools géint de Rapport gestëmmt haten, war de spuenesche Konservative Pedro Agramunt, aktuelle President vun der Assemblée an Nofolger vum Anne Brasseur op deem Posten. "Dee wollt souguer verhënneren, datt eng Enquête géif gemaach ginn."

Wéinst enger rezenter Rees beim syresche President Bashar al Assad huet de Pedro Agramunt d'Vertraue vu villen Deputéierten entzu kritt. Well hie sech weigert ze demissionéieren, kéint de Spuenier Ugangs Oktober mat engem Vote an der Plenière vu sengem Presidente-Posten enthuewe ginn.

Méi zum Thema

Shkelqim Hysenaj (president of the Association of Journalists of Kosovo (AJK))
Parlamentswahlen am Kosovo

Haut si virgezunne Parlamentswahlen am Kosovo. Déi fréier Koalitiounspartner LDK a PDK ginn a verschidde Richtungen. Déi eng si pro-europäesch, déi aner forméieren eng extremistesch Koalitioun.

Friedbert-Ottacher
Entwécklungsaarbecht

Leeft déi laang a mouvementéiert Geschicht vun der Entwécklungsaarbecht op en Echec eraus? Fest steet: Si ass kee Wonnermëttel géint Migratioun.

Pregno.JPG
Immigratioun

Déi consultativ Mënschrechtskommissioun schléisst sech der Kritik vum Europarot un: Amplaz mannerjäreg Migranten méi laang am Centre de Rétention anzespären, misst déi Mesure ofgeschafe ginn.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen