Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Europawahle sinn eng Schicksalswahl"

Europawahlen 2019

"Europawahle sinn eng Schicksalswahl"

Wann de Charles Goerens gewielt gëtt, dann hätt hien och wëlles säi Mandat bis zum leschten Dag auszeféieren: deen Engagement géif hien huelen. Fir de liberalen Europadeputéierte gëtt et déi néngt Europawahl, bei där hie kandidéiert. Hie war domat bei alle Wahlen derbäi, zanter d'Europaparlament direkt gewielt gëtt, 1979 war dat eng éischte Kéier de Fall.

auto_stories

2 min

De Charles Goerens deelt d'Meenung vun deenen, déi soen d'Europawahlen 2019 wieren déi bis ewell wichtegst, eng Schicksalswahl, well Europa keng Strategie hätt, an engem Moment wou Russland an d'USA genee wéisste wat se wéilten. "An dofir musse mir se fäerten", seet de Charel Goerens. "An et wär gutt wa mir géifen all eis Facilitéiten, déi mir an der Europäescher Unioun hunn, asetze fir déi grouss Defien opzegräifen."

Wéi gesäit dat nächst Europaparlament aus?

De Fait, datt de rietspopulisteschen an europafeindleche Parteien eng staark Progressioun virausgesot gëtt, mécht dem Charles Goerens manner Suergen. "Ech fäerte si net", seet hien, mee "wat ech éischter fäerten ass, datt d'Fäegkeet vun den traditionelle Parteie fir zesummen ze schaffen, eventuell net kéint zustane kommen."

"Ech si gudder Hoffnung, et ass bis elo ëmmer gaangen. Mee et gëtt méi knapp. D'Kräfteverhältnisser am Europäesche Parlament wäerten esou sinn, datt véier Parteie musse matenee koaléieren - d'EVP (wou d'CSV dran ass), S&D (wou d'Sozialiste Member sinn), ALDE, déi en aneren Numm kritt no de Wahlen (wou ech dra sinn), an d'Madame Metz, déi ass an der grénger Fraktioun - déi musse sech eenegen, fir datt mer iwwerhaapt nach Gesetzer hikréien."

Wie gëtt Kommissiounspresident?

Wie gëtt den nächste President vun der EU-Kommissioun? Dat ass jo eng vun de spannende (Personal-)Froen, déi an Zesummenhang mat den Europawahlen diskutéiert ginn. Een Numm, deen zirkuléiert ass dee vum Michel Barnier, dem Chefnegociateur vun der EU fir de Brexit. An dat obschonn hien net Spëtzekandidat vun senger Parteiefamill, der EVP, ass, well dat ass de Manfred Weber.

Wat géif de Charel Gorens vun engem Kommissiounspresident Barnier halen?

"Dat wier en absolute Gewënn fir d'Europäesch Unioun, wann esou ee géif President gi vun der Kommissioun, well nieft diplomateschem Geschéck huet e Visiounen. En huet eng Qualitéit, déi an der Politik heiansdo feelt: e bréngt et fäerdeg, wann e schwieregen Dossier op hien duerkënnt, fir Rou an d'Spill ze kréien, an dann - op där Toile de fonds vu Serenitéit - ufänken, Arrangementer ze fannen."

Et kéint een dem Michel Barnier net reprochéieren, datt hien "an de leschte Joren tëscht der Madame Merkel an dem Viktor Orbán hin an hir gedackelt" wier. De Manfred Weber hätt de Problem, datt hien net zwee Hären zur gläicher Zäit dénge kéint.