Radioen

On air

Notturno  |  John Coltrane - My Favorite Things

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Europawahlen

Fräie Mikro

Europawahlen

D'Resultater vun den Europawahle si vu Land zu Land esou verschidden, datt et nach net esou ganz kloer ass, wéi se am Allgemengen ze deite sinn. Op eis Wahlcampagnë kënne mir awer schonn emol mat engem klengen Erstaune kuerz zeréckblécken. Zu Lëtzebuerg fänkt d'Politik, esou kéint een denken, doheem un. An iwwerhaapt soll et an der Politik net méi ëm Interessen a Politik goen, mee ëm Mënschen.

auto_stories

3 min

Den Thierry Simoelli ass Psychoanalytiker an Auteur. Foto: Archiv

D'Europawahle sinn eriwwer. Déi gefaarten Tendenz no riets ass, mindestens europawäit, net esou massiv ausgefall wéi geduecht. An Holland an an Dänemark goung et esou guer zimlech schlecht fir d'Rietspopulisten. An trotzdem, wann ee Resultater aus Frankräich an aus Italie kuckt, ouni vun Ungarn ze schwätzen, da gesäit dat guer net esou berouegend aus.

Wat ass fir d'Wieler wichteg

Ee vun de grousse Problemer vun Europa, esou huet een et an auslänneschen, an och an e puer nationalen Zeitunge gelies, ass déi wuessend Popularitéit vum Rietspopulismus a vum Nationalismus. Eng YouGov Studie hat nach kuerz virun de Wahle wollten erausfannen, datt 70 Prozent vun den europäesche Wieler net richteg wëssen, wat si wiele sollen.

Enger Studie vum Thinktank European Council on Foreign Relations no hu fir 22 Prozent vun den europäesche Wieler den islamistesche Radikalismus den Haaptproblem duergestallt. Vu Klimawandel an Aartestierwe keng Spuer an dëse Statistiken.

Woufir stinn d'Kandidaten?

A wéi huet déi Wahl hei zu Lëtzebuerg ausgesinn, aus der Perspektiv vun de Wahlcampagnen? Bei verschiddene Plakater huet ee sech wuel gefrot: mee wie sinn déi Leit iwwerhaapt? Fir wat sti si, wat denken si, wat proposéiere si?

Aner Plakater an Equippen hunn ausgesinn wéi illustréiert Famillje-Stammbeem vun de Parteibüroen. Wahrscheinlech soll ee jo denken, datt wann de Pappa oder d'Mamma anstänneg Leit sinn, da sinn d'Jongen an d'Meedercher, d'Cousinen an d'Neveuen et och.

Jo, an orientaleschen an afrikaneschen Diktature gesäit esou eppes e bëssen onanstänneg aus. Do nenne Kritiker dat Nepotismus; an Nepotismus ass eng Form vu politescher Korruptioun.

Politik fir d'Mënschen, vun de Mënschen

Mee et sollt ee wuel net ëmmer alles vermëschen. Bei eis ass dat anescht. Wat fir eng besuergte Mamm, a wat fir ee léiwe Papp wëllt net gären eng gutt Plaz fir hir Kanner? Dat ass keen Nepotismus, dat si Familljewäerter. An dat goung bei de Resultater guer net emol esou schlecht.

Ee Motto schéngt mir d'Saach fir eis genee op de Punkt bruecht ze hunn: méi Mënschen a manner Interessen. Dat passt, trotz der Absurditéit, perfekt. Well Politik gëtt jo vu Mënsche fir Mënsche gemaach. Also läit et op der Hand: sympathesch, fei Politiker wäerte schonn eng sympathesch, fei Politik maachen.

Wahlprogrammer: Dat Üblecht

D'Politiker hei am Land haten och offensichtlech e bessert Gespier fir dat Thema, dat de Wahlexperten net opgefall war: de Klimawandel an d'Aartestierwen. An och hei schéngt Politik konkret doheem unzefänken: bei eise Kazen an eise Muppen. E formidabele Succès fir eis léif Déiercher. Déi si jo och en Deel vun der Natur, déi et ze rette gëllt.

An eis Programmer? Dat üblecht Eiapopeia vu méi Gerechtegkeet, méi Klimaschutz, méi Fräiheet, méi Bedeelegung. Selbstverständlech.

Déi gewinnte Widderspréch: méi Europa a méi national Souveränitéit, méi sozialen Engagement a méi neoliberal Ekonomie, méi Natur a méi Industrie a Wuesstum, méi Déiereschutz a besser Bifdecker. A vill, vill sympathesch an anstänneg Leit, ganz ouni Interessen, a fir d'Mënschen.

Wat zielt wierklech bei de Kandidaten?

A wien do trotzdem nach gezéckt huet, dee konnt da Recommandatioune vum Chancëgläichheetsministère unhuelen. Well bei eis ass et anscheinend och guer kee Problem, wann den Exekutiv sech a Wahlen amëscht.

Genee esou vill Frae solle mir wielen, wéi Männer! An egal wien hei fir wat steet, et geet jo schliisslech net ëm Politik, a scho guer net ëm Interessevertriedung, mee ëm Mënschen. Dofir dierfe mir eis dann elo iwwerrasche loossen, wat all déi gutt Mënsche fir konkret Interesse vertrieden, a wat fir eng real Politik si maache wäerten.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.