Radioen

On air

Notturno  |  Will Sheff - Estrangement Zone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Brauch d'Euthanasiegesetz een neie juristesche Kader?

Jean-Jacques Schonckert

Brauch d'Euthanasiegesetz een neie juristesche Kader?

D'Vereenegung "Mäi Wëlle mäi Wee" ass zefridden iwwer den neien nationale Plang Liewensenn a Palliativfleeg. An der Praxis kennen d'Leit d'Prozedure net genuch. De juristesche Kader misst och nogebessert ginn, mengt de President vun der Vereenegung "Mäi Wëlle Mäi Wee", de Jean-Jacques Schonckert.

auto_stories

3 min

Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


Wie kuerz virum Doud steet soll an Zukunft nach besser begleet ginn. Dat ass d'Zil vum neien Nationale Plang fir d'Stierfhëllef an d'Palliativfleeg, dee vun der Regierung virgestallt gouf. D'Qualitéit vun de Soinen an den Accompagnement sollen duerch verschidde Moossname verbessert ginn.

Ënner anerem gëtt op Informatioun, Formatioun an op méi ee koherente juristesche Kader gesat. Den nationale Plang gëllt bis d'Joer 2026 an ass mat Experten a concernéierten Acteuren ausgeschafft ginn.

Eng vun deenen Organisatiounen ass d'Associatioun "Mäi Wëlle mäi Wee". Et wier een zefridden driwwer gewiescht, datt een un där Table ronde konnt Deel huelen, seet de President vun der Vereenegung "Mäi Wëlle Mäi Wee".

Eng vun de Problematike bleift d'Informatioun un de Bierger

Et misst méi oppen doriwwer geschwat ginn an dem Tabu ëm den Dout een Enn gesat ginn, betount de Jean-Jacques Schonckert.

"Eis geet et drëm ze vermëttelen, datt et net just déi Al betrëfft. Jidderee ka stierwen an do steet keen Datum drop. Dat betrëfft dann och méi jonk Leit. Dacks ass et awer esou, wann een net seng Bestëmmunge geholl huet, well ee sech net virdru Gedanke gemaach huet, dann ass et heiansdo ze spéit."

D'Enn vum Liewe wier dann net méi wierdeg, warnt de Jean-Jacques Schonckert.

Euthanasie nëmme méiglech wann d'Deklaratioun registréiert gouf

Problematesch wier, datt zwou Zorten Deklaratiounen oder Bestëmmunge bestinn: engersäits fir déi aktiv Stierfhëllef, an anerersäits fir d'Palliativfleeg, bedauert de Jean-Jacques Schonckert.

"Deemools goufen zwee Gesetzer geholl, eng Kéier iwwer déi aktiv Stierfhëllef an iwwer d'Palliativfleeg, an doraus ass een terminologesche Kuddelmuddel entstanen. Ech ginn iech ee Beispill: Mat "Mäi Wëlle mäi Wee" hu mir all d'Parteie getraff an du hu mir si gefrot, wat den Ënnerscheed ass tëscht enger Disposition de fin de vie an enger Directive anticipée. Do wosst kee sou richteg Bescheed."

Bei der Bestëmmung zum Liewensenn geet et drëm eng Deklaratioun ze maachen, déi ee muss beim Gesondheetsministère hannerleeën, well do geet et ëm déi aktiv Stierfhëllef.

Dat anert ass eng Directive anticipée, déi net obligatoresch ass. Dat ass d'Patienteverfügung, déi net am Fall vu Palliativfleeg am Virfeld gemaach muss ginn. Do wiere vill Leit déi mengen, datt si mat der Direktiv och automatesch deklaréiert hunn, datt si d'Euthanasie och wëllen, erkläert de Jean-Jacques Schonckert.

"Do ass och eng nei Dispositioun am Plan de vie elo virgesinn, déi deem Duerchernee soll entgéintwierken. Ech sinn dovunner iwwerzeegt, datt et dowéinst net vill Deklaratiounen zum Suicide assisté ginn."

Dokteren, déi Euthanasie refuséieren, musse keen aneren Dokter uginn

All Dokter ass fräi fir et unzebidden oder net. Do géif een natierlech näischt drun änneren, betount de Jean-Jacques Schonckert. Mee d'Gesetz misst nogebessert ginn.

"Am Fall wou ee Patient sengem Dokter seet, datt hien eng Disposition de fin de vie huet, gëtt et fir den Dokter just eng Obligatioun bannent zwee Deeg ze soen, ob hien dermat d'Accord ass oder net."

Am Spidolsgesetz ass dat anescht: wann een Dokter sengem Patient seet, hie géif eng Interventioun net maachen, da muss hien de Patient un een anere Confrère verweisen. Do gëtt et am Gesetz iwwer d'Euthanasie eng Lacune, betount de Jean-Jacques Schonckert.