arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Evakuéierungen: véier Lëtzebuerger am Asaz

Afghanistan

|
reading time

2 min

Evakuéierungen: véier Lëtzebuerger am Asaz

Fir Leit aus Kabul z'evakuéiere si geschwënn zwee Lëtzebuerger Piloten zu Islamabad am Asaz. Et sollen och ee Representant vun der Arméi an ee vum Ausseministère op Islamabad geschéckt ginn. D'Taliban warnen iwwerdeems viru Konsequenzen, wann d'Evakuéierungsmissioun vun de westleche Staate verlängert géif ginn.

reading time

2 min

play_arrow Korrespondenz vun Islamabad

De Flughafen hei ass jo en Deel vun der Europäescher Loftbréck fir Leit aus Kabul z'evakuéieren. Et ass eng Belsch Missioun mat Lëtzebuerger Bedeelegung.

Deen éischte Pilot ass schonn e puer Deeg laang hei an huet och schonn Aller-Retouren tëscht Islamabad a Kabul gemaach. Deen zweete Pilot ass elo um Wee fir aus Bréissel Richtung Islamabad, mat engem A-400M Transportfliger vun der Belscher Arméi.

De Lëtzebuerger Transportfliger, och en A-400M, war elo e puer Deeg hei zu Islamabad an huet op Passagéier gewaart. Dee Fliger ass um Wee fir zeréck op Bréissel mat 93 Leit u Bord.

Zwee Belsch Fliger, een zivil, deen aner militär, hunn et och schonn dëse Méindeg Moien op Bréissel mat evakuéierte Leit u Bord gepackt. D'Loftbréck funktionéiert, ongeféier 400 Leit waren op deenen zwee Fligeren u Bord. Perfekt leeft d'Saach wéinst der chaotescher Situatioun um Flughafen zu Kabul net.

Heiansdo komme Fligere bal ganz eidel zeréck op Islamabad, wann d'Leit et zum Beispill net duerch déi vill Taliban-Kontrolle bis op de Flughafe gepackt hunn.

Déi 9 Léit, déi Lëtzebuerg wëll evakuéieren, dorënner eng Famill mat dräi Kanner, hunn et alleguer nach net an e Fliger gepackt.

Taliban warne viru Konsequenzen

D'Taliban sinn iwwerdeems géint eng Verlängerung vun der Evakuéierungsmissioun aus Afghanistan vun de westleche Staaten. Dat sot ee Spriecher vun der militant-islamistescher Organisatioun dem brittesche Sender Sky News. Den Delai vum 31. August wier eng "rout Linn" an eng Verlängerung géif Konsequenze mat sech bréngen. Et géif och keng Regierung am Afghanistan forméiert ginn, esou laang nach US-Zaldoten am Land sinn, esou d'Taliban.

Den US-President Joe Biden hat eng Verlängerung vun der Evakuéierungsmissioun net ausgeschloss - géif awer eegenen Aussoen no dovun ausgoen, datt et net néideg wier. De brittesche Premier Boris Johnson wëll sech en Dënschdeg um Spezial-Sommet vun de G7-Staats- a Regierungscheffe beim Joe Biden fir eng Verlängerung vun der Frist staark maachen. Och Paräis ass fir eng Verlängerung.