Police an Arméi Eventuell Ouverture fir Net-Lëtzebuerger

Ee Problem, deen et bei der Arméi a bei der Police gëtt, ass dee vum Rekrutement. De François Bausch wëllt d'Perspektiven an deene Carrièren no bausse méi bekannt maachen.

Carole Schimmer

François Bausch
De François Bausch ass nieft dem Transport och fir d'bannescht Sécherheet an d'Verdeedegung verantwortlech.

Net ausgeschloss wier och d'Ouverture vun der Arméi a Police fir Net-Lëtzebuerger. Déi potentiell Kandidate missten awer Lëtzebuergesch kënnen a schonn eng Zäit zu Lëtzebuerg liewen, esou de François Bausch:

"Et muss ëmmer sou sinn, datt wann ee fir esou ee Souveränitéitsberäich eraschaffe kënnt, dee muss d'Lëtzebuerger Sprooch kënnen. Dat ass fir mech ganz kloer. Ech ka mir net virstellen, datt mir eng Kéier Polizisten hätten, déi kee Lëtzebuergesch kéinte schwätzen. Och d'Residenzkonditioun muss stëmmen.

Et muss een eng Kéier doriwwer oppen diskutéieren. Ech wëll net soen, datt een dat elo soll maachen. Mee mir mussen eis bewosst sinn, wann een d'Entwécklung vum Land gesäit, mat enger Awunnerzuel déi extrem geklommen ass, gëtt et ëmmer méi schwéier, wa mir déi Police wëllen opbauen, déi mir brauche fir d'Sécherheet ze garantéieren, datt mir déi ausschliisslech an deene Reservoirë fannen, wéi mir dat bis haut gemaach hunn."

"Keng Krichspolitik"

De grénge Minister François Bausch ass net méi Nohaltegkeetsminister, behält awer d'Mobilitéit an och déi ëffentlech Bauten. Derbäi kënnt, an dat ass dach erstaunlech fir ee grénge Minister, d'Verdeedegung an d'Bannescht Sécherheet.

déi gréng waren an der Vergaangenheet vehement géint de Prinzip, datt een zwee Prozent vum PIB soll an d'Militärausgaben investéieren. Dat kéim och haut net a Fro, esou de François Bausch. Et géif ee bei de Militärausgabe vun haut 0,6 liicht op 0,75 Prozent vum PIB eropgoen.

"Mir wäerte ganz sécher net zwee Prozent vum PIB als Militärausgab investéieren. Mir gi liicht erop, vun haut 0,6 op 0,75 Prozent vum PIB. Mir sinn ee klengt Land an eis Verdeedegung ass ausschliisslech als Verdeedegung opgebaut. An dat ass jo abstrus. Stellt Iech eemol eng Kéier vir, mir géifen zwee Prozent vun eisem PIB a Militärausgaben investéieren. Och den Etat Major seet, dat kréichen se net verschafft. Da misste mir déi leschte Blödsinnegkeete kafen, déi mir iwwerhaapt net brauchen. A mir géifen d'Leit net dofir fannen. Dat ergëtt kee Sënn. An déi Diskussioun déi vun der NATO diskutéiert gëtt, déi kënnt op Drock vun den USA. Et geet drëm eng Verdeedegungspolitik ze maachen a keng Krichspolitik."

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Carole Schimmer
Lauschteren

Méi zum Thema

Gilles Feith Exklusiv
Verdeedegung

De Gilles Feith wiesselt vum CTIE an de Verdeedegungsministère. Hie soll do Chef de cabinet vum François Bausch ginn a soll de Lien tëschent dem Verdeedegungs- an Ausseministère maachen.

Lëtzebuerger Zaldot an Afghanistan
NATO-Missioun

D'Bedeelegung un der NATO-Missioun fir d'Formatioun an d'Ënnerstëtzung vun den afghanesche Sécherheetsforcë soll bis 2020 verlängert ginn. Lëtzebuerg schéckt och en zweete Mann an Afghanistan.

Zaldot virum Groussherzogleche Palais
Fonction Publique

D'Lëtzebuerger Arméi huet gréisser Problemer fir Leit ze rekrutéieren. Dofir plangt de Minister fir bannescht Sécherheet nei Carrièren. Eischt Gespréicher mat der Arméis-Gewerkschaft gouf et schonn.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen