Radioen

On air

Notturno  |  The Notwist - Boneless

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ex-Polizist Derek Chauvin wéinst Mord um George Floyd schëlleg gesprach

USA

Ex-Polizist Derek Chauvin wéinst Mord um George Floyd schëlleg gesprach

Den Ex-Polizist Derek Chauvin ass wéinst dem Mord um George Floyd schëlleg gesprach ginn. De Jury an der Stad Minneapolis huet iwwer zeng Stonne laang beroden an huet mat hirem Urteel fir Freed an de Stroosse gesuergt. De Chauvin hat am Mee lescht Joer dem Floyd iwwer néng Minutten de Knéi an d'Genéck gedréckt.

auto_stories

2 min

Lauschtert de ganze Bäitragplay_arrow


De Riichter huet d'Urteel am Geriichtssall virgelies. Den Derek Chauvin, säin Affekot, d'Procureuren, an déi zwielef Membere vum Jury hu nogelauschtert.

Den Derek Chauvin gouf wéinst Mord an Doudschlag ugeklot. An allen dräi Punkte gouf hie schëlleg gesprach. Emotiounen huet een a sengem Gesiicht keng gesinn. Hie gouf an Handschellen aus dem Sall gefouert.

An der Strooss virum Geriichtsgebai, do gouf gefeiert. Et hat een en anert Urteel gefaart an d'Stad hat sech op Randaler a massiv Demonstratioune virbereet. Et gesäit aus wei wann Dausenden Zaldote vun der Nationalgard net musse benotzt ginn.

Et war am Mee lescht Joer, nom gefilmte Mord um George Floyd, wou et an der ganzer Welt zu Protester géint de Rassismus a géint d'Police-Gewalt koum.

Dëse Prozess geet an d'Geschicht vun den USA an. Well et ass immens rar, datt e Polizist wéinst Mord virun d'Geriicht kennt, a nach méi rar, datt e Polizist verurteelt gëtt. Dacks sinn et an esou Fäll wäiss Polizisten déi schwaarz Männer erschéissen, a seelen an de Prisong kommen. Den Derek Chauvin riskéiert Joerzéngten am Prisong ze verbréngen, mee dat gëtt eréischt an zwee Méint entscheet.

Historesch war dëse Prozess och well e vill méi symboliséiert huet wéi eng Konfrontatioun tëscht engem wäisse Polizist an engem schwaarze Mann. Fir Afro-Amerikaner ass et e Schrëtt an eng besser Richtung, wou Gewalt géint Schwaarzer net méi vun der Justiz ignoréiert gëtt a Polizisten elo wëssen, datt och si fir Mord schëlleg gesprach kënne ginn.

Mee d'Geschicht geet weider. Muer schonn ass d'Begriefnis vum Duante Wright, en 20-Joer jonke schwaarze Mann dee vun enger wäisser Polizisten erschoss gouf. Bei der Trauerfeier wäerten och Membere vum George Floyd senger Famill dobäi sinn.