Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Experte recommandéiere limitéiert Impfflicht

Avis

Experte recommandéiere limitéiert Impfflicht

De wëssenschaftlechen Expertegrupp recommandéiert eng op eenzel Gruppen an zäitlech limitéiert Impfflicht anzeféieren: Esou eng Obligatioun sollt fir Leit iwwer 50 Joer gëllen, grad ewéi fir Medeziner an anert Personal am Gesondheets- a Fleegesecteur.

auto_stories

3 min

Paul Wilmes, Gerard Schockmel, Vic Arendt, Claude Muller (D'Thérèse Staub ass de 5. Member vum Expertegrupp)

Lauschterenplay_arrow

Eischt Zil misst et sinn, een direkte Schutz fir vulnerabel Altersgruppen z'assuréieren, esou den Infektiolog Gerard Schockmel. Well et géif een an de Statistike gesinn, datt et virun allem déi Persoune sinn, déi schwéier Krankheetsverleef entwéckelen a wou d'Doudesfäll am héchste sinn. D'Experte roden dann och fir d'Impfe fir Persounen iwwer 50 Joer obligatoresch ze maache, fir se ze schützen.

Sënnvoll wier et den Experten no dann och, datt vulnerabel Persounen indirekt geschützt ginn, andeems eng Impfflicht och fir Medezinner an anert Personal am Gesondheetssecteur gëllt, dorënner falen net just d'Spideeler an d'Alters- a Fleegeheemer, mee zum Beispill och d'Praxissen, sou de Gerard Schockmel.

Den Expertegrupp betount, datt och Sous-Traitanten am Gesondheetssecteur, wa se a Kontakt mat Patienten oder vulnerabel Persoune kommen, ënner d'Impfflicht sollte falen.

D'Impfflicht sollt esou séier wéi méiglech agefouert ginn, a bis Enn Juni 2024 gëllen. Deen Ament kéint een dovunner ausgoen, datt bis dohinner all Net-Geimpfte Leit amplaz duerch eng Infektioun eng Immunitéit opgebaut hunn. Fir méi jonk Risikogruppen ze schützen, d'Zirkulatioun vum Virus allgemeng ze reduzéieren, a sanitär Restriktiounen nees kënnen opzehiewen, wier ee weiderhin drop ugewisen, datt allgemeng méiglechst vill Leit sech impfen, huet den Infektiolog Vic Arendt präziséiert.

"Mir zilen do op een Taux de Vaccinatioun vun 90 Prozent opmannst bei deenen, déi elo net ënner d'Impfflicht falen."

Aus Covid eng "banal Erkältungskrankheet" maachen

D'Impfung wier effikass géint schwéier Krankheetsverleef a Stierffäll, hunn d'Wëssenschaftler nach emol betount. Datt ee sech trotzdeem nach kéint ustiechen, wier änlech bei der Gripp bekannt.

"Mir haten d'Gripp vläit schonn 20 Mol an eisem Liewen an trotzdeem infizéiere mir eis ëmmer erëm. Dat heescht, et ass illusoresch ze mengen, datt déi Impfstoffer - zumindest déi, déi mir elo hunn - dat kënne verhënneren. Mee dat ass och net den Haaptzweck. Den Haaptzweck ass, fir dorausser eng banal Erkältungskrankheet ze maachen an eben net musse mat schwéiere Komplikatiounen ze rechnen."

De Vic Arendt huet dozou nach preziséiert, datt d'Covid-Vaccine "vill, vill méi efficace" wiere wéi d'Grippe-Impfung. An datt d'Mortalitéit vum Covid bei vulnerable Leit ëm fënnef bis zéng Mol méi héich wier ewéi bei der Gripp.

Member vum Expertegrupp sinn nieft dem Gérard Schockmel an den Vic Arendt, de Virolog Claude Müller, d'Infektiologin Thérèse Staub an de Biomedeziner Paul Wilmes. Hiren Avis soll an déi geplangte Chamberdebatt nächst Woch afléissen.