Radioen

On air

De Moien  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Extra Klima-Zil fir Methan

WELTKLIMAKONFERENZ

Extra Klima-Zil fir Methan

Op der Weltklimakonferenz hu sech iwwer 100 Länner dozou verflicht, hir Emissioune vu Methan bis 2030 ëm een Drëttel ze reduzéieren. Lëtzebuerg ass ënner de Signatairen.

auto_stories

4 min

Methan ass no CO2 d'Nummer zwee op der Lëscht vun de klimaschiedleche Gasen. Dofir ze suergen, datt manner Methan an d'Loft geblose ginn, ass eng vun den effikasste Mesuren, déi kënnen am Klimaschutz geholl ginn, sot zu Glasgow den Envoyé spécial vun der amerikanescher Regierung fir de Klima, den John Kerry:

"Methan ass 20 bis 80 Mol méi destruktiv ewéi CO2, et ass responsabel fir een hallwe Grad vun der Äerderwiermung. Duerch dës Initiativ ass et méiglech eisem globalen Zil ëm 0,2 Grad méi no ze kommen."

Dat Zil, wat dora besteet, dofir ze suergen, datt bis zum Enn vun dësem Joerhonnert de Quecksëlwer net ëm méi ewéi zwee Grad klëmmt.

Fuitten am Energie-Secteur reduzéieren

Kuerzfristeg kann ee grad beim Methan vill fir de Klima erreechen, huet iwwerdeems d'Presidentin vun der Kommissioun Ursula von der Leyen ënnerstrach:

"Mir mussen d'Emissioune séier reduzéieren a Methan ass ee Gas, mat deem dat am séierste geet."

Methan mécht an der EU ëmmerhin zéng Prozent vun den Zäregas-Emissiounen aus. Dee gréissten Deel dovu kënnt aus der Landwirtschaft, duerch d'Kéi op de Weeden, mee och op Offall-Deponien oder awer am Energiesecteur kënnt et zu Methan-Emissiounen.

Methan gëtt nämlech bei der Extraktioun awer och duerch Fuitte wärend dem Transport vun Äerdgas fräigesat. Dat gouf bis elo net staark genuch thematiséiert, seet och d'Esther Bollendorff, vun der ONG Climate Action Network zu Bréissel:

"Am Energiesecteur ginn enorm Quantitéite Methangas fräigesat. Dee Methan ass bis zu 86 mol méi staark wéi CO2, iwwer méi eng kuerz Period. De Methan setzt sech mat der Zäit an der Atmosphär of, mee iwwer déi éischt 20 Joer ass ee vill méi staark a potent ewéi CO2."

Et wier dofir wichteg, datt elo zu Glasgow iwwer Methan geschwat gëtt, sou d'Esther Bollendorf. Allerdéngs geet fir Climate Action Network dat Versprieche vun deenen iwwer 100 Länner, hir Emissioune bis 2030 ëm 30 Prozent ze reduzéiere net duer.

EU schafft u Reegele fir Methan-Emissiounen

Den Ëmweltprogramm vun de Vereenten Natiounen, dem UNEP, no missten d'Emissioune vum Methan op d'mannst ëm 45 Prozent bis 2030 reduzéiert ginn.

Virun allem am Energiesecteur muss méi geschéien, sou eng vun de Fuerderunge vu Climate Action Network. Dat gréisste Potential fir d'Emissioun vu Methan ze reduzéiere léich effektiv an deem Beräich, sot zu Glasgow d'Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen. D'EU ass am gaangen un enger Direktiv ze schaffen.

"Mir wäerte Reegelen aféieren, fir d'Methan-Emissiounen ze moossen an ze iwwerpréiwen, Reegelen, déi Limitte fir Fuitte festleeën a Reegele fir se flécken."

D'Europaparlament huet Enn Oktober un d'Kommissioun appelléiert, contraignant Ziler fir all d'Secteuren an dat neit Gesetz anzeschreiwen. D'Parlament pocht och drop, datt d'Importer vu fossiller Energie ewéi Gas mat an d'Methan-Rechnung abezu ginn.

Dat gesäit och d'Esther Bollendorff vu Climate Action Network esou:

"80 Prozent vum Gas an der EU gëtt importéiert. Dofir musse Weeër fonnt ginn, fir dofir ze suergen, datt och deen importéierte Gas gewësse Standarden entsprécht."

D'EU-Kommissioun huet Wëlles, Mëtt Dezember déi EU-Direktiv ze presentéieren.

Lëtzebuerg: Mesurë ginn duer, fir Reduktioun vun 30 Prozent

Iwwer 100 Länner hunn d'Verspriechen, Methan ze reduzéieren, matgedroen. Si representéieren ëmmerhin 70 Prozent vun der globaler Ekonomie. Net mat derbäi sinn awer wichteg Acteure wéi Russland, Indien oder China.

Mee och net all d'EU-Länner maache mat. Op der Lëscht feele bis elo ëmmerhin aacht vun de 27 Memberlänner. Dozou gehéiere Polen, Ungarn, d'Tschechesch Republik oder awer Éisträich.

D'Lëtzebuerger Regierung huet zu Glasgow decidéiert, mat ze ënnerschreiwen. Och am Grand-Duché ass Methan deen zweetwichtegste klimaschiedleche Gas a fir eppes iwwer fënnef Prozent vun den Emissioune vun Zäregase responsabel.

D'Mesuren, déi ënner anerem am Klimaplang virgesi sinn, géifen et erlaben, zu Lëtzebuerg d'Emissioune vum Methan wéi elo versprach bis 2030 ëm 30 Prozent ze reduzéieren, huet et aus dem Ëmweltministère geheescht.