Klima Extreem Wiederevenementer huele mam Klimawandel zou
D'ASTA, d'Administration des services techniques de l'agriculture, geet dovun aus, datt d'Unzuel vu staarke Wiederevenementer an den nächste Joren zouhuele wäert. Dat seet den Andrew Ferrone, Direkter vum meteorologeschen Déngscht vun der ASTA. Ënner anerem wéinst dem staarke Reen ass et an de leschten Deeg op ville Plazen am Land zu Héichwaasser komm. Souwuel Temperatur wéi och den Nidderschlag wieren an de leschte Méint méi héich gewiescht, wéi d'Moyenne vun de Jore virdrun.
Andrew Ferrone: Wa mir elo den Nidderschlag vum Januar kucken, da si mir am Moment iwwer der laangjäreger Moyenne. Do huele mir ëmmer d'Moyenne vun 1981-2010, déi ass vun der Weltmeteoorganisatioun virgesinn. An do ware mir scho laang driwwer, dat heescht de Buedem war scho relativ gutt mat Waasser gefëllt. A voilà, am Februar ass dat da weider gaangen, an als Beispill just: Den 3. Februar hate mir an eisem Reseau vun 32 Statioune vun der ASTA a 24 Stonnen e Maximum vun 41,8 Liter op de Meterkaree zu Käerch. Mee och op anere Plaze ware mir wäit iwwer 20 oder 30 Liter de Meterkaree, déi erofkomm sinn. Fir dat bëssen an de Kontext ze setzen: Normalerweis hu mir an engem Mount Nidderschlagszuelen tëschent 60 an 80 Liter op de Meterkaree. Do war innerhalb vu 24 Stonne quasi d'Hallschent erofkomm vun deem, wat mir an engem Mount normalerweis erwaarden.
Rahel Könen: Ass dat eppes, wat dëst Joer extrem speziell ass, wann een elo déi lescht Jore kuckt? Huet sech dat ëmmer weider gesteigert?
Déi lescht Joren hate mir effektiv net direkt sou grouss Reequantitéiten a 24 Stonnen. Mee mir haten awer och schonn där Reequantitéiten an der Vergaangenheet. Et ass also näischt Exzeptionelles. Et ass aussergewéinlech, mee net exzeptionell. Wat mir gesinn hunn, ass datt d'Reequantitéiten insgesamt net an d'Luucht ginn. Wa mir lo iwwer d'Joren oder d'Saisone kucken, gesi mir lo keng kloer Tendenz, weder no uewen nach no ënnen, klimatologesch gekuckt. Wat mir awer effektiv gesinn, dat ass datt déi Evenementer, un deenen et staarke Reen gëtt, an dat heiten ass en Evenement mat staarkem Reen, datt d'Unzuel vun deenen Evenementer effektiv mam Klimawandel zouhëlt. Dat ass och e globale Phenomeen, an dat hu mir och hei zu Lëtzebuerg an eise Beobachtunge gesinn. Datt esou Evenementer zouhuelen kënnt doduerch, datt d'Mierer zum Beispill méi waarm sinn, an doduerch ass déi Fiichtegkeet an der Loft. An doduerch datt d'Loft och méi waarm ass, ka se och méi Fiichtegkeet ophuelen, an doduerch kënnt et dann zu méi grousse Reequantitéiten, wann et dann zu engem Reen Evenement kënnt.
Kann een dann dovun ausgoen, datt et mam Wieder esou virugeet?
Jo, mir erwaarden eis datt d'Unzuel un extreemen Evenementer effektiv an d'Luucht geet. Dat wäert och en Trend sinn, dee mir wäerte weider gesinn. Hei zu Lëtzebuerg erwaarde mir eis, datt d'Temperaturen an Zukunft nach wéinstens ee Grad bis 2050 steigen, a wat dann dono mat den Temperature geschitt, hänkt da staark dovunner of, wéi staark d'Emissioune vun Treibhausgasen erofgesat ginn. An dat hänkt dann och direkt domat zesummen, datt déi extreem Evenementer wäerten zouhuelen. Bis 2050 erwaarde mir eis, klimatesch zumindest, méi extreem Evenementer.