2017 louch d'Aarmutsgrenz bei 21.645 Euro. Mat abegraff sinn all déi sozial Transferten wéi d'Kannergeld, Steierkreditter oder nach Alimenter, déi fir d'Kanner bezuelt ginn. 18,7 Prozent vun de Stéit zu Lëtzebuerg leien ënner dem Aarmutsrisiko, bei den elengerzéiende Stéit sinn et 46 Prozent.
Et gëtt en Trend no uewen
D'Etüd vun der Chambre des salariés analyséiert iwwerdeems d'Evolutioun vun der extremer Aarmut, dat heescht, wann ee Stot manner wéi 40 Prozent vum Duerschnëttsrevenu zur Verfügung huet. An der gesamter Populatioun si 5,8 Prozent vun de Stéit an deem Fall, bei monoparentalle Famille sinn et souguer 23 Prozent.
Et gëtt een Trend no uewen, esou de Sylvain Hoffmann, Direkter vun der Chambre des salariés. Zanter 2016 wier dësen Taux relativ staark geklommen: "Bei 60 Prozent si mir konstant bliwwen, mee et si méi Leit, déi well ënner déi 40 Prozent vum Revenu médian falen, dat sinn 23 Prozent bei den Elengerzéienden."
Aarmutsrisiko gouf nach net präzis gerechent
Dat wier eng staark Steigerung, an der Moyenne ware virdrun eelef Prozent vun den Elengerzéiende concernéiert. Den Duerchschnëtt vun der Bevëlkerung läit bei sechs Prozent. Bis elo gouf den Aarmutsrisiko zu Lëtzebuerg nach net esou präzis ënner d'Lupp geholl, ënnersträicht de Robert Urbé vun der Caritas.
Dat wier bis elo nach ni esou genee nogewise ginn, virun allem net, datt déi Zuel sech an de leschte Jore bal verduebelt hätt. "Dat ass eppes wouriwwer ee sech muss Gedanke maachen a wou d'Politik muss handelen."
Et misst ee méi wäit goen
De Grand-Duché kënnt bei der extremer Aarmut am Verglach mat all den aneren EU-Memberlänner ganz schlecht ewech an erreecht bei den elengerzéiende Stéit den zweethéchsten Taux an der EU, just hanner Irland. De Revis ass an den Ae vun der CSL net wäit genuch gaangen, och wa spezifesch Moossname fir elengerzéiend Stéit ergraff goufen.
"Am Kader vum Revis ass schonn eng spezifesch Moossnam ergraff ginn, fir deene Stéit, déi monoparental sinn, ze hëllefen. Do ass et nach ze fréi, fir dat an de Statistiken erëmzefannen. Et ka sinn, datt déi Moossnamen dozou féieren, datt et liicht erofgeet. Mee dat geet awer menger Meenung no net duer fir op ee normalen Niveau ze kommen, wat den Aarmutsrisiko betrëfft."
Wierkung vu soziale Mesuren ofwaarden
Et misst een och ofwaarden, wéi eng Wierkung de Steierkredit an d'Reform vum Revis kéint hunn, mee et misst méi geschéien, betount de Robert Urbé. Hie fuerdert, datt déi Chiffere méi genee ënner d'Lupp geholl ginn, fir erauszefannen, aus wéi engem Grond déi extrem Aarmut bei Elengerzéienden esou drastesch an d'Luucht gaangen ass.
70 Prozent vun den elengerzéienden Eltere schaffen, si hunn dacks een Deelzäitjob, deen och nach dacks schlecht bezuelt ass.