Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  L'Impératrice - Me Da Igual

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ëmmer méi Doudesfäll wéinst extrem héijen Temperaturen

Klimawandel

Ëmmer méi Doudesfäll wéinst extrem héijen Temperaturen

An de leschten 30 Joer wiere pro Joer am Duerchschnëtt ronn 3000 Mënschen an Europa duerch extrem Wiederkonditiounen ëm d'Liewe komm. An dat kéint sech nach verschlëmmeren, esou eng europawäit Etude.

auto_stories

2 min

D'Wëssenschaftler ginn dovunner aus, datt vun 2041 bis 2070 schonn ëm déi 48.000 bis 180.000 Leit un de Suite vu Klimakatastrophe wäerte stierwen. Am Zäitraum tëscht 2071 an 2100 géif d'Zuel vun den Doudesaffer wahrscheinlech op 81.000 bis 240.000 klammen, heescht et an der Etude.

Fir d'Etude opzestellen, hunn d'Fuerscher vum Joint Research Centre an Italien ronn 2300 Rapporten aus de Joren 1981 bis 2010 ausgewäert, déi mat de Konsequenze vun extreme Wiederkonditiounen ze dinn hunn. Aus dësen Donnéeën hunn d'Fuerscher du Modell Berechnunge fir d'Klimaverännerungen an de Bevëlkerungswuesstëm bis d'Joer 2100 gemaach.

D'Gefore vum Klimawandel variéiere jee no Regiounen

Wat d'Zuel vun den Doudesaffer, déi duerch Klimakatastrophe verursaacht ginn, betrëfft, géifen et grouss regional Ënnerscheeder ginn. Dat seet den Alessandro Cescatti vum Joint Research Centre.

"An Europa ginn et vill verschidde Klimazonen. Vu mediterranem Wieder bis dat nërdlecht. Verschidde Regioune wäerten awer och vum Klimawandel profitéieren. Kal Temperature wäerten déi nërdlech Staaten net méi esou staark beaflossen. Mä et ass sécher, datt déi gréisste Verännerungen am Süde vun Europa wäerte sinn. Duerch de Klimawandel wäerte méi Caniculen, also méi héich Temperaturen, do déi gréisste Gefor duerstellen."

Zentral Europa dogéint wier an Zukunft ëmmer méi vu staarken Iwwerschwemmunge vu Flëss oder och vu Küste betraff, esou den Alessandro Cescatti. "Des Gefore beaflossen d'Infrastrukturen am meeschten. Zum Beispill Haiser oder Stroossen. Mä et wäerten net esou vill Leit un den Iwwerschwemmunge stierwen."

"Dat, wat mir net méi verhënnere kënnen, gutt geréieren"

De Klimawandel wier net méi opzehalen, seet den Alessandro Cescatti. Et misst ee verhënneren, datt sech d'Klima ze vill géif veränneren. Et misst een och d'Zil vu maximal annerhallwem bis zwee Grad Äerderwäermung verfollegen. Zum Beispill misst een d'CO2-Emissioune reduzéieren. Mä op der anerer Säit misst ee sech un d'Klima upassen, wat am Gaangen ass sech ze veränneren.

"Mir mussen dat, wat mir net méi verhënnere kënnen, op eng gutt Aart a Weis geréiert kréien. Dowéinst musse mir an d'Infrastruktur investéieren, d'Waasserressourcë besser notzen a méi nohalteg Wunnraim schafen."

Bäitrag Etude Klimawandelplay_arrow