Radioen

On air

Notturno  |  John Cale - Mercy Feat. Laurel Halo

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng Fake News virun de Gemengewahlen?

Gemengewahlen

Keng Fake News virun de Gemengewahlen?

Keng falsch Noriichte verbreeden an den Opruff zum Haass ënnerbannen. Dat ass d’Zil vun engem sougenannte "Fairness-Ofkommes", dat d’Majoritéitsparteien, d'CSV an d'Piratepartei e Freideg am Virfeld vum Gemengewahlkampf ënnerschriwwen hunn.

auto_stories

2 min

Déi rietskonservativ Partei ADR hat d'Ofkommes net ënnerschriwwen, mam Argument, datt ënner anerem keng Sanktioune fir Verstéiss virgesi wieren. Begrëffer wéi “fake news” an “hate speech” wiere schwéier ze definéiere. Falsch Noriichte wieren effektiv schwéier an e Kader ze setzen, mengt den DP-Generalsekretär Marc Ruppert. Och d'Kritik vun der ADR, datt keng Sanktioune virgesi wieren, kann hien net vum Dësch weisen. All d'Parteien, déi wéilten an der Mëtt stoen, missten en Effort maachen, fir en Zeechen ze setzen an op falsch Informatiounen ze verzichten. Mat dësem Accord wier en éischte Schrëtt an déi richteg Richtung gemaach. De Marc Ruppert bedauert, datt d'ADR net mat op dëse Wee gaange wier.

"Eng Partei kann net eng aner bestrofen"

Wat méiglech Sanktioune fir Verstéiss géint d'Ofkommes betrëfft, freet den LSAP Generalsekretär Yves Cruchten sech, "wéi soll eng Partei eng aner sanktionnéieren?". Am Ofkommes sinn zwar keng Mesurë virgesinn. Den Yves Cruchten vun der LSAP ënnersträicht allerdéngs, datt d'Parteie fënnef Méint no de Gemengewahlen d'Bilane vun de Wahlcampagne géife presentéieren.

Do géif een dann analyséieren, wat an der Thematik vu "fake news" an "hate speech* geschitt wier. Eventuell Problemer sollten dann ënnertenee gekläert ginn.

Den CSV Generalsekretär Laurent Zeimet betount, datt d'Parteistatuten disziplinaresch Moossname géife virgesinn. Doriwwer stéing och nach de juristesche Kader, un dee sech jiddereen am Land misst halen.

D'Gesellschaft als Kontrollorgan

Wann d’Signatairë vum "Fairness-Ofkommes" hiert Wuert net géifen halen, géifen déi betraffe Parteie beim Wieler u Glafwierdegkeet verléieren, sou nach den Yves Cruchten vun der LSAP.

Der ADR war et och en Dar am Aen, datt am Dokument keng kloer Kontroll vu Verstéiss géint d'Ofkommes festgeluecht wier. Fir de Christian Kmiotek vun déi gréng ass d'Ofkommes eng "fräiwëlleg Selbstkontroll", zu där d'Parteie sech verflichten. Doriwwer eraus géingen och sécherlech d'Medien a Persounen aus der Zivilgesellschaft, déi op de soziale Netzwierker aktiv wieren, esou Virfäll mellen. Déi ganz Gesellschaft géing also als Kontrollorgan wierken.

D'"Fairness-Ofkommes" gesäit och vir, datt d'Parteien hir Memberen iwwer de respektvollen Ëmgang op soziale Medie sensibiliséieren a Formatiounen zum Thema organiséieren.